Eis Dierfer
Äischer
302m – 173 Awunner (8.8.2006)
Dat klengt frëndlecht Duerf Äischer fënnt een ageloss am Klierfdall ëmfaasst vu bewuessene Kämm.
Als fréier Herrscherresidenz gëtt Äischer duerch seng schmuel Gaassen an dat aalt Schlass charakteriséiert. D’Schlass, fréiert Herrschaftshaus vun der Adelsfamill „von Enschringen“, leider nëmme vu baussen ze besichtegen, gouf Enn vum 17.Jorhonnert erbaut a befënnt sech säit langem a Privatbesëtz.
Déi kleng, dem Hl. Laurentius geweite Kierch, op enger klenger Unhéicht geleeën, dominéiert Duerf. Äischer gehéiert zur Por Pënsch, enger vun deenen eelste Poren am Land, a säit der Grënnung 2002 och zum Parverband Kiischpelt.
Am ënneschten Duerf fënnt een d’Rackésmillen, déi letzt intakt Waassermillen un der Klierf. Dës aus dem Joer 1334 staamend Mille gëllt ausserdem als eng vun deenen eelsten am Land.
Am Duerfagang, aus Richtung Wëlwerwolz komment, zeien eemoleg Gärbereien vun der Liederproduktioun, woumat sech fréier d’ Bewunner hiren Ënnerhalt geséchert hunn.
Op der “Lou”, an enger Héicht vun 413,8 Meter, net wäit vum Duerf befënnt sech d’Kräizung vum 6ten westliche Längegrad an dem 50ten nërdliche Breitegrad wou een d’Kiischpelter Sonnenauer besichtege kann. Dëst ass deen eenzege Schnëttpunkt um Gebitt vum Groussherzogtem Lëtzebuerg.
| Kuckt och: | Rackés Millen |
| Äischer Kierch | |
| 50°N – 6°E |
Lellgen
292m – 107 Awunner (8.8.2006)
Als Musterduerf vum « Service des Sites et Monuments » huet Lellgen bis haut säin authentische Charakter behalen. Am Zentrum vum Duerf fënnt een déi kleng octogonal Kapell déi dem Hl. Pierre geweit ass.
An de Bëscher an an den Hecken um “Pënzebierg” an am “Lohr” ronderëm Lellgen fënnt een ëm Ouschteren mat den éischte Strahlen vun der Fréijoerssonn déi wëll Narzissen. Dës bei eis am Land och ënnert dem Numm Lorblumm oder Ouschterblumm bekannte Planz, déi ënner Naturschutz steet, gëtt et ausschliesslich hei ze bewonneren.
Zu Lellgen wou déi dräi Flëss aus der Gemeng, Pënsch, Lellgerbach a Klierf zesummefléissen, fënnt all Joers op Nationalfeierdag den Open Air Konstfestival statt, deen iwwer d’Grenze vun eisem Ländchen eraus bekannt ass, a Joer fir Joer iwwer 3.000 Besicher unzitt.
| Kuckt och: | Lelger Kierch |
| Open Air Konstfestival |
Pënsch
328m – 162 Awunner (8.8.2006)
Dëst frëndlecht Ardenner Duerf op der Streck tëscht Wolz an Housen dominéiert dee vu Bëscher bewuesenen Dall vun der Pënsch.
Déi heiteg Porkierch weist hiren Ursprong bis ëm déi letzt Joerdausendwend. Et ass unzehuelen datt de Bau vun der éischter Kierch an eiser Por a soumat och an eiser Gemeng an der zweeter Halschent vum 8. Joerhonnert ugefunge gouf.
Um ale Kierfecht ronderëm d’Kierch erënneren eng Partie Graafsteng un d’Nimm vu bekannte Perséinlechkeeten deenen hire Renommee d’Grenze vun eisem Land wäit iwwerschratt hunn. Dësen ass kierzlech restauréiert ginn an ass ganzjäreg ze besichtegen.
Op enger Unhéicht, nieft dem Kierfecht fënnt een Donatuskapell, déi an de leschte Jore komplett renovéiert gouf an ee weidert Zeeche fir déi déif Veréierung vum Hl. Donatus am Kiischpelt ass.
Am Dall, no un der Pënscherbaach ass eng Gärberei ze bewonneren, wou bis an d’Joer 1933, aus Lou an Deirenhäit Lieder hiergestallt gouf.
| Kuckt och: | Aal Gierwerei |
| Pënscher Kierch |
Wëlwerwolz
300m – 238 Awunner (8.8.2006)
Wëlwerwolz ,am Zentrum vum Kiischpelt, ass den administrativen Zentrum a soumat och d’Haaptuertschaft vun der Gemeng Kiischpelt.
Den denkmalgeschützte Schlasstuerm zeit vun der Gréisst vun de Lännereien an senger net ëmmer glorräicher Vergangenheet. Op der Vëlospist a Richtung Lellgen fënnt een an der klenger dem Hl. Willibrord geweitener Kapell ee Buer. Der Legend no hot den Hl. Willibrord hei mat sengem Staf an de Buedem gestouss an eng Quell hot ugefong ze spruddelen. D’Kierch vu Wëlwerwolz ass och dësem Hellege geweit.
Eng riseg Bibliothéik bestoend aus ronn 32.000 Wierker fënnt een am “Haus Max Goergen”. Hei huet dee renoméierte lëtzebuerger Auteur Max Goergen zesumme mat senger Fra Aline Jacoby, vun 1954 bis zu sengem Doud am Joer 1978 gelieft. D’Sproochenhaus Wëlwerwolz huet haut hei hire Sëtz.
D’Gare am Duerfzentrum erlaabt den Awunner all national an international Verbindungen.
| Kuckt och: | Wëlwerwolzer Kierch |










