D'Gemeng Kiischpelt
De Numm an d’Gemeng Kiischpelt
D’Gemeng Kiischpelt ass aus der Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach ob den 1. Januar 2006 entstan. D’Uertschaft Wëlwerwolz ass de Sëtz vun der neier zesummegeschlossener Gemeng, déi och ongeféier dem geographische Mëttelpunkt vum gemeinsame Verwaltungsgebitt entsprécht an am noen Ëmfeld zum Schoul- a Sportszentrum läit.
D’Gemeng Kiischpelt ass eng vun deene rare Gemengen, déi net de Numm vun enger Uertschaft droen: “de Kiischpelt” heescht dee Streech, an deem d’Uertschafte vun der Gemeng leien. De Numm Kiischpelt kënnt vum däitsche Wuert “Kirchspiel”, wat op di ganz al Mammekierch vu Pënsch heweist, déi haut nach di gréissten am Land ass wat d’Zuel vun hire Kierchen (6) ugeet.
Zur Gemeng Kiischpelt gehéiere folgend Uertschaften: Wëlwerwolz, Äischer Lellgen, Pënsch, Kautebaach, Alschent a Mäerkels .
D’Lag vun der Gemeng
Déi ugrenzend Gemenge sënn, Munzen am Norden , Housen a Konstem am Osten, Buerschent a Géisdref am Süden souwéi Eeschweller a Wolz am Westen. D’Gemeng Kiischpelt ass Deel vum Kanton Wolz a gehéiert zum Distrikt Dikrech. Si läit am Éislek, am Norde vum Groussherzogtem a formt de “Kiischpelt”.
D’Landschafte formen Héichflächen déi sech op enger Héicht vun 300 bis 400 Meter befannen, an an déi d’Waaserleef wéi d’Klierf an d’Pënsch schmuel Däller ageschnidden hunn. Zu Kautebaach fënnt een d’Mënnung vun der Klierf an d’Wolz.
D’Gemeng an Zuelen
D’Gemeng Kiischpelt huet eng Fläch vun 3.358 ha, dat entsprécht 1,29% vun der Gesamtfläch vun eisem Land. Dovu stamen 1.974 ha aus der eemoleger Gemeng Wëlwerwolz an 1.384 aus der eemoleger Gemeng Kautebaach.
An der neier Gemeng liewe ronn 950 Leit, dovun 670 aus der Gemeng Wëlwerwolz an 280 aus der Gemeng Kautebaach.
Walen an der neier Gemeng
Fir eng Iwwergankszäit vun zwou Legislaturperioden, d.h. 12 Joer ab 2006:
Déi zwee Walbezierker aus de fréiere Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach bleiwe bestoen. Et ginn ning Gemengeréit gewielt. Fënnef dovun aus dem Bezierk Wëlwerwolz a véier aus dem Bezierk Kautebaach. Et gëtt ee Buergermeeschter an zwee Schäffen, woubäi all fréier Gemeng mat op mannst engem Member muss vertruede sënn.

