Invitatioun
20. Oplag vum Open Air Konstfestival Lellgen
den 23. Juni 2010 zu Lellgen
Léif Konstfrënn a Kënstler(innen),
Wéi an de leschte Joeren freeë mir eis, Eech am Numm vum Organisatiounscomité zur desjähriger 20. Oplag vum Open Air Konstfestival anzelueden, deen och am Joer 2010 op eisem Nationalfeierdag, dem 23 Juni, zu Lellgen stattfënnt.
Fir den 20. Gebuertsdag vun eisem Festival scheie mir och dëst Joer keng Méië fir dat idyllescht Duerf Lellgen an eng eenzeg grouss Konstgalerie ze verwandelen.
Dee ganzen Dag iwwer hott Dir d’Méiglechkeet de Kënstler beim schafe vun hiere Wierker iwwer d’Schëller ze kucken, mat hinnen ze diskutéieren, Wierker ze kafen, u Workshopen deelzehuelen oder einfach just dee faarwefrouen a variéierte Kaderprogramm ze genéissen.
Fir d’Visiteuren ass et d’Geleeënheet nationalen an internationalen Artisten ze begéinen an a perséinlech Kontakt mat hinnen ze trieden. Fir d’Kënstler bidd sech net nëmmen d’Chance dem grousse Public hier Wierker ze presentéieren, mee och fir Erfahrunge mat Gläichgesënnten auszetauschen .
Déi verschiddenst Stossenanimateuren a Musikgruppen begleeden Lekt op hirem Parcours.
All Joers vergëtt de Publikum Präisser, dorënner och déi renoméiert Lellger Loorblumm, un déi flottste Wierker.
Informatiounen zum Programm, den Ausstellungen an dem Live Concours fannt Dir a Kierzt hei um Site. Eng Online-Aschreiwung fir de Live-Concours ass och dëst Joer rëm méiglech, an dat ab Ufank März.
Ënnert der Rubrik „Letzt Festivalen“ kënnt Dir ee Bléck an d’Programmer vun de leschte Jore werfen. Fotoë vun de vergangene Festivale fannt dir an eiser Fotogalerie . Artiklen iwwer eise Festival, déi an der Press publizéiert goufe fannt dir an eiser Presserevue .
Lellgen ass liicht per Zuch ze erreechen – am Stonnentakt aus der Stad op Wëlwerwolz a vun do aus mat enger gratis Navette op Lellgen. Mam Auto erreecht ee Lellgen am besten iwwer N7, Offaart Richtung Pënsch/Wëlwerwolz. Dës Streck ass och ausgeschëldert. Méi dozou ënner “Lellgen erreechen”.
De Festival 2010 steet ënner dem Patronage vum Kulturministär, dem Kulturfong, dem Tourismusministär, der Gemeng Kiischpelt an de Kiischpelter Veräiner.


