Live-Concours 2010
Dëse, mat interessante Geldpräisser souwéi mat der Trophée “Kiischpelter Lohrblumm” dotéiert Concours, fënnt den 23. Juni zu Lellgen statt. D’Bewäertung vun de Wierker iwerhëlt de Visiteur anhand vun „Tiercé-kaarten“. Méiglech ass natirlich och de Verkaf vu sengen eegene Konstwierker.
An deene vergangene Jore së ronn 3000 Visiteuren zu dësem Spektakel op Lellgen gestréimt, fir d’Aarbescht vun méi wéi 100 Moler, Zeechner a Bildhauer ze bewonneren, encadréiert vu Pantomimen, Musekgruppen an anneren Attraktiounen.
Mat Sécherheet wäert et och dëst Joer ee groussen Dag fir d’Konst ginn, an dat mat engem faarwenfrouen an ofwieselungsräiche Kaderprogramm an de Stroosse vum Duerf.
D’Reglement vun der Editioun 2010 fannt dir hei. D’Aschreiwung fir de Concours ass och dëst Joer erëm online méiglech. Dir fannt den Aschreiwungsformular ënnen op dëser Säit.
Den Organisatiounskomitee seet Eech elo schon Merci fir Ären Intressi an Är aktiv Bedeeligung.
Konstmaart
Deene Kënstler an Artisten déi NET um Live-Concours deelhuele gëtt hei d’Méiglichkeet gebueden hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen. De Maart ass ob déi dofir virgesinne Plazen ausserhalb dem Zentrum vum Duerf begrenzt an d’Verkaafsstänn kënnen och nëmmen op dëse Plazen opgeriicht ginn.
Et handelt sech ëm een ausschliesslich de Konstschaffenden reservéierte Maart an net ëm ee Floumaart. Eng genau Opzielung vu Wueren déi net fir de Maart zougelooss sinn fannt dir am Reglement. Eng Bedeeligung um Konstmaart ouni Genehmigung duerch den Organisator ass net méiglech. Am Kader vum Konstmaart ginn och keng Reeeskäschten erstatt.
Online Umeldung
D’Aschreiwung ass méiglech entweder fir de Live-Concours ODER de Konstmaart. Beides gläichzäitig ass net méiglech. Et besteet natirlich och weiderhin d’Meiglichkeet de Formular auszedrécken a per Post anzeschécken.


