16. Loufest am Kiischpelt

de 9. Mee 2010 um Pënzebierg (Lellgen)

Zënter dem 18 Jorhonnert, dat heescht während méi wéi 2 Jorhonnerte gouf d’Éisleker Landschaftsbild duerch d’Louhecke bestëmmt. Säitdem den Tannin aus der Eescheschuel als Gierfstoff bekannt gi war, goufen ëmmer méi Bëscher an Eeschenhecken ëmgewandelt an am 15-25 jäerege Rhythmus op de Stack gesat fir d’Schuel ofzezéien. Dës gouf da gedréchent an un d’Gärbereien verkaaft. Am Joer 1811 goufen et 66 Gärbereien am Land. Während ville Jorzingte waren d’Louhecken deemno och eng wichteg Erwerbsquell fir d’Éisleker Baueren.

D’Uleies vum Loufest, dat zënter 1995 all Joers vun der Gemeng Kiischpelt an Zesummenaarbecht mam Naturmusée, der Forstverwaltung, der Ackerbauschoul an enger Rei lokale Veräiner organiséiert gëtt, ass des al Traditioun vum Louschläissen um Liewen ze erhalen an engem breede Publikum bekannt ze man.

Et kann een umierken, datt dëst déi eenzig regelméisseg organiséiert Manifestatioun zum Thema Louwirtschaft a ganz Europa ass. Dëst Joer fënnt elo well déi 16. Editioun vum Loufest statt, an dat de 9. Mee vun 10 Auer un um Pënzebierg zu Lellgen.

Um Loufest gëtt natierlech d’Schläissen selwer, sou wéi forstwirtschaftlich Alternativen zur „Niederwaldbewirtschaftung“, awer och d’Schleefe mam Päerd gewisen. Donieft ginn et Holzschnitzaarbeschten, Bamkloteren fir Kanner, vill Informatiounen zur Geschicht, den Traditiounen an de Produkter aus der Louheck, geféiert Wanderungen, de Mussée-Bus an nach vill méi. Et versteet sech datt och fir déi regional Spezialitéite gesuergt ass, sou datt kee muss Honger oder Duuscht leiden.

De Wee op Lellgen rentéiert sech also op jiddefall, fir all déi, déi d’Louschläissen nach aus eegener Erënnerung kennen, wéi och fir all déi, deenen dësen Aspekt vun der éisleker Kulturgeschicht nach onbekannt ass.

Am einfachsten erreechbar ass d’Festplaz mam Zuch wou vun der Gare Wëlwerwolz aus all Stonn eng Navette op d’Loufest op de Pënzebierg fiert. Mam Auto erreecht een d’Loufest am besten iwwer N7, Offaart Schinker bis op Holztem an da rechts Richtung Lellgen. Dës Streck ass ausgeschëldert.

Fotoen:

www.our-photo.lu