D'Rackésmillen zu Äischer
Déi aus dem Joer 1334 stammend Waassermillen zu Äischer am Volleksmond och ‘Äischer Millen’ oder Rackésmillen’ genannt, gëllt als déi eelst zu Lëtzebuerg. 1824 huet d’Gebai seng heiteg Form erhalen a war bis 1954 fir d’Produktioun vu Broutmiel a Betrib.
Bis 1967 gouf dunn nëmme méi mat Fuddermëddel gehandelt. Nodeems de Betrib agestallt gouf, huet de Mat-Besëtzer Willy Racké d’Millen ëmmer funktiounsfäeg gehalen. Haut ass d’Rackésmillen déi lescht nach voll funktionéierend Käeremillen am Dall vun der Klierf.
Am Joer 2003 huet de Syndikat d’Initiative Munzen d’Mille mat Hëllef vum Turismusministär opkaf, déi ganz Anlag restauréiert an an den Erliefsnisprogramm vum Domaine touristique vum Ardennerpäerd zu Munzen /A Robbesscheier opgeholl. Haut gëtt hei rëm gemuel, ënner anerem Wees fir déi regional Biobaueren (BIONA) souwéi Buchewees op engem getrennte Walzstul.
D’Millen ass reegelméisseg op a géint ee klengt Antrëttsgeld ze besiichtegen. Donieft gëtt et och regelméisseg Féierungen a Virféierungen.
Am Mëller sengem ale Wunnhaus fënnt een haut eng Vakanzewunneng fir bis zu 20 Persounen. Des Wunneng verfügt iwwer 4 Schlofzëmmeren, 2 Duschen, 3 Toiletten, eng Kichen an een Openthaltsraum. Hannert dem Haus ass eng kleng Terrass ugeluecht déi op eng Wiss féiert, déi vum Waasserlaaf vun der Millen ëmginn ass.
Méi Infoen zur Locatioun fannt Dir ënner:

