4. internationale Quiltfestival am Kiischpelt

den 13. bis de 16. Mee 2010

Den Organisatiounscomité « Quiltfestival 2010» huet déi grouss Freed Eech anzelueden op déi 4. Oplag vum internationale Quiltfestival zu Wëlwerwolz.

No 2004, 2006 an 2008 steet elo schonn déi 4. Editioun um Programm, déi vum 13. bis 16. Mee 2010 am Kiischpelt stattfënnt. Fir 4 Deeg verwandele sech déi Kiischpelter Dierfer erëm an eng faarwefrou an lieweg Galerie.

Op Scharatt an Tratt, op an de Kierchen, a verschiddene Scheieren, an de Gemengesäll oder a Bistroe fannt dir Ausstellungë vu Kënstler aus aller Welt. Donieft gi verschidde Coursen a Workshopen organiséiert an an der flotter Akaafsstrooss zu Wëlwerwolz fannt Dir alles zum Thema Quilt.

Op dësem Site kritt Dir all néideg Informatiounen zum Concours, deen am Kader vum Festival organiséiert gëtt, souwéi zu den Ausstellungen an dem Programm. Hei kënnt Dir d’Broschür vun der dësjähreger Editioun duerchbliederen.

Mir freeën eis elo schonn Eech op dësem flotten Evenement am Kiischpelt begréissen ze kënnen.

Ëffnungszäiten
Donneschdig 13.05.2010 10.00-18.00 Auer
Fregdig 14.05.2010 10.00-18.00 Auer
Samsdig 15.05.2010 10.00-18.00 Auer
Sonndig 16.05.2010 10.00-18.00 Auer
Entreespräisser
Entrée fir eng Ausstellung 2 €
Entrée fir all d’Austellungen 10 €
Fir Gruppen ab 5 Leit am Virverkaf 8 € (Pro Person)

Ticketen (ab 5 Stéck) gi verschéckt no Iwwerweisung op den Kont: LU76 0019 1755 6760 9000 BCEELULL. Fir Kanner ënner 14 Joer a Begleedung vun hieren Elteren ass den Entrée fräi

Parking
den Parking ass fir all Besicher gratis. Ee gratis Pendelservice brengt Eech vun enger Austellung zur annerer.