All éischte Weekend am August fannen zu Wëlwerwolz d'Kiischpelter Beachdays statt.

Organiséiert vun der Jeunesse Kiischpelt bidd deen anzwësche gréisste Beachvolleyballturnéier am Land ee prall gefëllte Programm iwwer dee ganz Weeekend.

Iwwer 130 Equipen hu sech bei der letzter Editioun fir déi verschidden Disziplinnen ageschriwwen. Den Opening maache Freides Owes Beachvölkerballspiller. Um Samsdig sënn déi 4 Terrainen da reservéiert fir den 2 géint 2 Mixed Turnéier. Den Highlight ass awer ouni Zweiwel den 4 géint 4 Turnéier um Sonndeg, wou all Joer ronn 80 Equipen um Sand aktiv sënn.

Méi Infos fannt Dir op: www.beachdays.lu
 
 
 
 
 

 
 

 

No Uewen