Dëst frëndlecht Ardenner Duerf op der Streck tëscht Wolz an Housen dominéiert dee vu Bëscher bewuesenen Dall vun der Pënsch.

Déi heiteg Porkierch weist hiren Ursprong bis ëm déi letzt Joerdausendwend. Et ass unzehuelen datt de Bau vun der éischter Kierch an eiser Por a soumat och an eiser Gemeng an der zweeter Halschent vum 8. Joerhonnert ugefunge gouf.

Um ale Kierfecht ronderëm d’Kierch erënneren eng Partie Graafsteng un d’Nimm vu bekannte Perséinlechkeeten aus vergaangenen Deeg, deenen hire Renommee d’Grenze vun eisem Land wäit iwwerschratt huet.

Dësen ass kierzlech restauréiert ginn an ass ganzjäreg ze besichtegen.

Op enger Unhéicht, nieft dem Kierfecht fënnt een Donatuskapell, déi an de leschte Jore komplett renovéiert gouf an ee weidert Zeeche fir déi déif Veréierung vum Hl. Donatus am Kiischpelt ass.

Am Dall, no un der Pënscherbaach ass eng Gärberei ze bewonneren, wou bis an d’Joer 1934, aus Lou an Deirenhäit Lieder hiergestallt gouf.

D'Gerberei Delvaux an de Kierchtuerm

Héichaltor an der Porkierch zu Pënsch

 

No Uewen