Äischer
Enscheringen - Enscherange
Dat schéint klengt Duerf Äischer läit am Klierfdall, ëmgi vu bebëschte Bierger.
Äischer war scho ganz fréi de Sëtz vun engem Herrschergeschlecht, dat sech nom Duerf benannt huet. An enger Urkonn vun 1266 gëtt den Edele Ritter vun Enschringen genannt: Ludwig, Miles de Enschringen. D'Gebitt vun Äischer stoung ënner der Lehnsherrschaft vun der Propstei Baaschtnech. Dat aalt Rittergeschlecht vun Enschringen hat säin Urspronk am Duerf mam selwechten Numm an huet sech am Laf vun de Joerhonnerte wäit verbreet. D'Wope weist e schwaarze Léiw op rout-gëllenem Grond.
Den ale Residenzuert ass gepräägt vun enke Gaassen an dem ale Schlass ‒dem Sëtz vun der Adelsfamill vun Enschringen‒, dat ee leider just vu baussen ukucke kann. Et gouf um Enn vum 17. Joerhonnert gebaut an ass scho laang a Privatbesëtz.
Op enger liichter Héicht steet eng kleng Kierch, déi dem hellege Laurentius geweit ass. Um Duerfagank weisen eng al Gierwerei an eng al Louhmillen, datt d'Liederproduktioun hei fréier de Liewensënnerhalt vun de Leit gesëchert huet.
Op der „Loh“ no beim Duerf kann een d'Kiischpelter Sonnenauer besichtegen. Hei läit deen eenzege Schnëttpunkt vum 6. ëstleche Längegrad an dem 50. nërdleche Breedegrad um Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.
D'Rackésmillen erstraalt no hirer Renovatioun an neiem Glanz. D'Millen, déi 1334 gebaut gouf, ass déi lescht Waassermillen un der Klierf, déi nach funktionéiert, a gëllt als eng vun den eelste vum Land.


