Pënsch
Pintsch
Dëst schéint Éislécker Duerf läit un der Strooss Wolz–Housen, héich iwwer dem bebëschten Dall vun der Pënsch.
Den Urspronk vun der haiteger Parkierch zu Pënsch geet op d'Zäit ëm d'Joerdausendwend zeréck. Déi éischt Kierch vun der Por an domat vun der Gemeng gouf an der zweeter Hallschent vum 8. Joerhonnert gebaut. D'Kierch ass vun engem fréiere Kierfecht ëmginn, dee viru Kuerzem restauréiert gouf an dat ganzt Joer iwwer besicht ka ginn.
D'Grafsteng erënneren u Perséinlechkeete vu fréier, déi wäit iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannt waren.
Op enger liichter Héicht steet d'Donatuskapell. Si gouf an de leschte Joren integral renovéiert a ka besicht ginn. Si ass e Beispill fir déi déif Veréierung vum hellegen Donatus am Kiischpelt.
Ënnen am Dall, un der Pënsch, läit eng Gierwerei, an där bis 1934 aus Lou an Déierenhait Lieder hiergestallt gouf.

