Iwwer de Kiischpelt
Eng eenzegaarteg Plaz am Éislek: siwen Dierfer tëscht Wolz a Klierf, gepräägt vu Geschicht, Natur a gelieften Traditiounen.
De Kiischpelt läit um Schnëttpunkt vum 50. nërdleche Breedegrad an dem 6. ëstleche Längegrad tëscht de Kantone Wolz a Klierf, an engem klenge Gebitt am Norde vu Lëtzebuerg, dem Éislek, dat souwuel historesch wéi och landschaftlech interessant ass. Den Numm Kiischpelt bezeechent souwuel déi fréier Por Kiischpelt wéi och d'Gemeng mat deemselwechten Numm.

Kiischpelt?
Kiischpelt kënnt vum däitsche Begrëff „Kirchspiel“, dee fréier fir vill grouss Kierchegemenge benotzt gouf. Aus dësem Numm gouf Kiischpelt, an esou gouf eng Grupp vun Uertschafte bezeechent.
Domat wäre mer bei der Por. D'Por Pënsch huet bis 2017 bestanen an huet d'Dierfer Pënsch, Äischer, Lellgen, Wëlwerwolz, Siwwenaler an Draufelt mat hire jeeweilege Kierchen ëmfaasst. Bis 1806 hu Mäerkels an Alschent, bis 1807 och en Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf an der Wolz zur Por Kiischpelt gehéiert. D'Por Pënsch war net nëmme wat d'Zuel vun den Dierfer a Kierchen ugeet déi gréisst Por vum Land, mä och eng vun den eelste Paren am Éislek, eng sougenannt Mammekierch. Zanter dem 8./9. Joerhonnert stoung hei iwwer Joerhonnerte laang eng Parkierch. Wahrscheinlech huet dës Por bis an d'8. Joerhonnert zum Bistum Tréier gehéiert. En Hiweis dorop fënnt een am Patrozinium: Si ass dem hellege Maximin geweit, dem fënnefte Bëschof vun Tréier (329 bis 346).
D’Gemeng Kiischpelt
D'Gemeng Kiischpelt ass den 1. Januar 2006 duerch d'Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach entstanen a gehéiert zum Kanton Wolz. D'Gemengeverwaltung huet hire Sëtz am Gemengenhaus zu Wëlwerwolz.
Kiischpelt ass eng vun de wéinege Gemengen zu Lëtzebuerg, déi net no enger Uertschaft benannt sinn. Beim Referendum iwwer d'Gemengefusioun goufen d'Bierger gefrot, wéi déi nei Gemeng soll heeschen. Eng grouss Majoritéit war fir Kiischpelt. Haut besteet Kiischpelt aus den Dierfer Alschent, Äischer, Kautebaach, Lellgen, Mäerkels, Pënsch a Wëlwerwolz.
