Äischer am Krich
Vum Iwwerraschungsugrëff am Dezember 1944 bis zur Befreiung de 24. Januar 1945: wéi Äischer d’Ardennenoffensiv erlieft huet – tëscht Angscht, Verrot, Honger an Hoffnung.
D’Ardennenoffensiv am Wanter 1944/45 mécht weltwäit grousst politescht Opsinn. Vill Leit sinn erstaunt, datt dat ugeschloent Drëtt Räich nach zu esou enger Offensiv fäeg ass. D’Iwwerraschung geléngt ‒ d’Amerikaner sinn net op e grousse Ugrëff virbereet an den däitschen Ugrëff rullt iwwer d’Éisleker Bierger.
Den 16. Dezember 1944 stiermen däitsch Frontbatailloner d’Uertschafte Draufelt, Wëlwerwolz an Alschent. Déi amerikanesch Stellunge ginn ëmgaangen an den Dag drop sinn d’Garen aus der Gemeng an däitscher Hand. Eng wichteg Strooss gëtt fir déi däitsch Panzere opgemaach: d’Streck Rodershausen-Housen-Wëlwerwolz-Wolz.
Zu Äischer ass de Krich am Wanter 1944 bal vergiess. Just déi amerikanesch Zaldoten erënneren d’Leit nach un de Krich, well un e Retour vun den Däitsche gleeft kee so richteg. Den 16. Dezember kommen Evakuéierter vu Housen un ‒ d’Nopeschduerf ass schonn duerch däitsch Zaldote besat.
Nomëttes explodéiere puer Granaten no beim Duerf. D’Leit flüchten, dräi al Leit bleiwen zeréck. Den 17. Dezember kommen d’Däitsch am Nopeschduerf Munzen un. Och hei Bränn, Granaten, Maschinnegewierfeier. D’Bevëlkerung flücht virum Krich a probéiert, sech am Éislek duerchzeschloen. Vill Leit gi vun der Front agehollt, e puer zéie südlech, aner kommen bis bei Bastogne.
No fënnef Deeg kommen déi éischt Awunner voller Angscht a Verzweiflung an hiert Duerf zeréck. Ee vun deenen, déi bliwwe waren, en Här Wintersdorf, ass dout ‒ higeriicht mat engem Schoss an de Kapp. D’Haiser si geplëndert a verwüst.
De 24. Dezember ginn op „Dräi Kräizer“ zwee däitsch Fliger vun amerikanesche Jäger ofgeschoss.
Chrëschtdag hält de Paschtouer Weber vu Housen d’Chrëschtmass, et ass e traurege Chrëschtdag. Am Nopeschduerf stierft de Paschtouer Schmit. Keen ka bei säi Begriefnes goen, et ass ze geféierlech. Biedend a waardend liewen d’Leit an de Kellere vun hiren Haiser. Den 31. Dezember kënnt den Edwin von Rothkirch und Trach, kommandéierende Generol vun engem Wehrmachtskorps un der Westfront, op Äischer an zitt an d’Schlass.
De 14. Januar falen zwou Bommen no beim Duerf. An der Nuecht drop schéissen d’Amerikaner an de Schlassgaart, de Generol verschwënnt am Pyjama am Keller. Den Dag drop verléisst hien Äischer. Positiv ass ze erwänen, datt hien e Generator matbruecht an hei gelooss huet. Domat kann elo en Deel vum Duerf mat Stroum versuergt ginn. De 6. Mäerz 1945 kënnt hien no bei Bitburg a Gefaangenschaft.
An der Zwëschenzäit desertéieren de Jos Arendt, de Prosper Valentiny an de Léon Neumann a verloossen hir Truppe, déi zu Stockem an der Belsch stationéiert ass. Fir déi dräi Männer fänkt e Verstopptspill un. Zu Fouss geet et iwwer Dönningen op Lëllgen-Béigen. Zu Äischer tauschen se hir Wehrmachtsuniform géint Zivilkleeder an fannen Ënnerdaach um Späicher vun der Famill Elsen-Arendt. Si ginn awer vun engem evakuéierte Meedchen entdeckt, dat och am Haus wunnt. Et erkennt de Léon Neumann, deen aus dem noe Housen staamt.
Virsiichtshalber bréngt den Hausherr déi dräi an e Kellerraum an hëlt dem Meedchen d’Verspriechen of, kengem vun der Begéinung ze erzielen. Mä schonn den Dag drop ëmstellen Wehrmachtszaldoten an d’Feldgendarmerie d’Haus.
D’Deserteure ginn am Keller entdeckt a mussen erop kommen. Mat Handschellen anenee gekeet, gi se bei den Uertskommandant bruecht. Beim Verhéier soe se, si wären Evakuéiert. Et stellt sech awer séier eraus, datt se verroden goufen an d’Identitéit vum Léon Neumann bekannt ass. An engem Opel Olympia gi se op Klierf an den Hotel Koener bruecht, wou se vun elo un ënner stänneger Bewaachung stinn.
D’Koppel Elsen-Arendt gëtt och festgeholl an deportéiert. D’Madame Elsen kënnt net méi zeréck. Si stierft am Februar 1945 mat 54 Joer am Prisong Ziegenhain bei Kassel.
Am Keller vum Schlass Äischer, wou Uerdensschwësteren liewen, stierft eng Fra vun Draufelt. An e Lengen agewéckelt, gëtt se provisoresch an engem Gaart begruewen.
Mëtt Januar mussen d’Männer aus dem Duerf mat Pickel, Haap a Schëpp Schützegriewe fir MG-Stellungen ausgruewen. Eng sënnlos Aarbecht! Och d’Männer vun Äischer, Wëlwerwolz a Kautebaach mussen ënner däitscher Bewaachung op d’Bierger klammen an do ‒ ënner de stännegen Ugrëffer vu Jagdbomber ‒ Schützegriewen ausgruewen.
D’Bevëlkerung huet Honger. E Mann mam Numm Demi Liefgen muss säin Hond schluechten, fir eppes z’iessen ze hunn, mä den Dëppen an den Hond ginn vun enger Granat a Stécker gerappt.
Lues a lues brécht déi däitsch Front zesummen an d’Wehrmacht ass iwwerall um Réckzuch. Hënn friessen d’Läiche vun dräi doudegen Zaldoten, déi d’Däitsch zu Äischer zeréckloossen.
An der Nuecht op den 23. Januar kommen Leit vun Draufelt kräischend op Äischer a verzielen, hiert Duerf wier ofgebrannt ginn a si hätten alles verluer.
Dat 317. Regiment vun der 80th Infantry Division réckelt Richtung Wëlwerwolz-Äischer vir an de 24. Januar marschéiert dat 1. Bataillon vum 317. Regiment zu Äischer an. D’Amerikaner sinn endlech do.
Äischer ass un deem Dënschdeg wéi ausgestuerwen. Déi verzweifelt Bevëlkerung biet an de Kelleren ee Rousekranz nom aneren. Am Haus „A Steckesch“ gëtt e Meedche gebuer. Charlotte soll et heeschen, nom Numm vun der Groussherzogin, déi deen Dag Gebuertsdag huet.
D’Marie Staus, eng méi al Awunnerin, gëtt erschoss. E puer däitsch Zaldote sinn nach am Duerf an halen op der anerer Säit vun der gesprengter Bréck um Hang an de Stellungsgriewen aus. D’Äischer Männer kennen dës Anlagen ganz gutt, well si hunn dës Griewen jo selwer ausgegruewen. D’Amerikaner loosse weider Truppe fir Verstäerkung nokommen a gräifen de 25. Januar un, ëmzéngelen déi däitsch Zaldoten an huelen der 31 gefaangen.
E Freideg, de 26. Januar, gëtt eng Noutbréck gebaut an op de Wisen eng Zeltstad opgeriicht ‒ net nëmme fir d’Verfleegung vun den US-Zaldoten, mä och fir d’Leit vun Äischer an aus den Dierfer ronderëm. Och hygienesch a medezinesch Hëllef fir d’Zivilbevëlkerung gëtt an dëse Woche vun den Amerikaner geleescht.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› The National Archives and Records Administration (NARA)
› Jean-Marie Boumans – Fotoen



