Alphonse Wenkin

Fir seng Famill virun der Ëmsidlung ze bewaren, ass den Alphonse Wenkin vu Mäerkels an de Krich gezunn. Seng Bréiwer vun der Ostfront erzielen vun Heemwéi, Angscht an Hoffnung.

Méi wéi 10.000 Lëtzebuerger Männer a Frae hunn am Zweete Weltkrich d’Uniforme vun der Wehrmacht, der Waffen-SS, der bewaffenter Police an dem Reichsarbeitsdienst (RAD) gedroen. Vun deene méi wéi 10.000 Rekrutéierte sinn ëm déi 3.000 gestuerwen an 3.500 desertéiert. Bei de Leit, déi sech fräiwëlleg bei d’Wehrmacht gemellt hunn, variéiert d’Zuel. D’Joergäng 1920 bis 1927 vun deemools jonke Lëtzebuerger goufe mat der Verkënnegung vun der Wierflicht den 30. August 1942 duerch de Gauleiter Gustav Simon an d’Wirre vum Zweete Weltkrich eragezunn. Och déi jonk Männer aus dem Kiischpelt ware vun der Zwangsrekrutéierung betraff, wat grouss Konsequenzen fir hiert Liewen hat. D’Famill Wenkin huet d’Liewensgeschicht vum jonken Zwangsrekrutéierten Alphonse Wenkin an engem Buch zesummegestallt.

Um „Dellenhaff“ um Agank vu Mäerkels huet d’Lëtzebuerger Bauerefamill Wenkin gelieft, eng typesch grouss Famill vun deemools: d’Koppel Jean a Maria Wenkin-Schwinnen, sechs Kanner, d’Bomi, de Monni Alphonse an d’Tatta Pauline, déi awer hiren eegene Stot haten.

Den Alphonse Wenkin koum den 20. Oktober 1920 zu Mäerkels op d’Welt, hie war dat drëtt vun de sechs Wenkin-Kanner. Den Alphonse war e wakrecht Kand, bei all de Leit am Haus beléift. Hien huet am Bauerebetrib vum Papp geschafft an hat wuel Pläng an Dreem fir säi spéidert Liewen. „Und es kam der schwarze, der unselige Tag“ (N. Heinen), den 30. August 1942, wéi de Gauleiter Gustav Simon d’Wierflicht fir déi männlech Jugend vun de Joergäng 1920-1924 verkënnegt huet.

Am Oktober 1942 krut den Alphonse säin Astellungsbefeel, déi offiziell Opfuerderung, sech fir de Militärdéngscht ze mellen. Hie stoung virun engem Dilemma: Desertéieren an domat d’Ëmsidlung vun der ganzer Famill riskéieren oder an der Uniform vun de Besatzer säi Liewen op d’Spill setzen? Den Ausschlag fir seng Decisioun hu wahrscheinlech déi krank Bomi an de sechs Joer ale Brudder Guy ginn.

Aus dem Reichsarbeitsdienst schreift den Alphonse e puer Bréiwer u seng Famill. Am éischte Bréif aus Adelnau, haut Odolanów, enger Stad am Weste vu Polen, un Allerhellegen 1942, freet hie seng Famill no Tubak, Bréifpabeier an Äppel. Déi dräi nächst Bréiwer kommen aus dem Spidol zu Ostrowo, dat 15 km vun Adelnau ewech ass. Wéinst Diphtherie läit hien do bis de 25. November 1942 am Spidol. An zwee weidere Bréiwer aus Adelnau seet hie senger Famill Merci fir d’Päck a beschreift dat strengt Lagerliewen.

Vun Dezember bis Mëtt Januar ginn et keng Bréiwer; an där Zäit ass den Alphonse 14 Deeg doheem a Congé. Am Januar 1943 kënnt hien zur Ausbildung op Lindau um Bodensee, wou en Infanteriebataillon vun der Wehrmacht stationéiert war. Mat 15 anere Lëtzebuerger a 45 Lothrénger ass hien an enger Kasär vu 500-600 Mann ënnerbruecht. E puer Deeg virum Ofmarsch a Russland besichen d’Mamm an d’Tatta den Alphonse zu Lindau.

Den 1. Februar geet d’Rees a Russland, de 7. Februar kënnt de Lëtzebuerger zu Novograd-Wolynski un, 200 Kilometer westlech vu Kiew an ongeféier 300 km vu Lemberg an der westlecher Ukrain. Déi ganz Ausbildungszäit a Russland dauert ongeféier 4 Méint. Ëmmer erëm schreift de Grenadéier Alphonse Wenkin u seng Famill a freet sech iwwer all Bréif vun hinnen. Him feelen d’Éisleker Bierger, d’Aarbecht um Feld, den Alldag um Bauerenhaff a virun allem seng Famill.

Hie begéint Lëtzebuerger Kameraden, ongeféier 40 Lëtzebuerger sinn, wéi hien, an der Ausbildung, dorënner den Henri Roth vu Wolz. D’Lëtzebuerger sinn allerdéngs a verschiddene Kasäre verdeelt. Wéi den Haaptfeldwebel hinnen den 30. Mäerz seet, datt et no der Ausbildung Congé ka ginn, ass d’Stëmmung ënnert den Zaldote gutt. Am Abrëll gëtt aus dem Grenadéier Wenkin en Zaldot; mä vun elo u geet et weider an den Osten, den Alphonse gëtt an en anert Regiment versat, dat an der Géigend vu Kiew läit. Bei him sinn d’Lëtzebuerger Kameraden Schmit, Weber, Hoffmann an de Jos Tabouraing vu Sandweiler. Den 1. Mee ass den Alphonse bei enger Mass, déi dobaussen gehale gëtt, a schreift: „In diesem Monat ist Oktave in Luxemburg. Wir können glücklich sein eine mächtige Beschützerin zu haben, das gibt uns festen Halt in dieser schweren Zeit.“

Den 29. Mee schreift den Alphonse säi leschte Bréif aus der Ausbildungszäit a Russland. An dësem Bréif seet hien, datt hie vun elo un an enger anerer Eenheet ass, déi op Ingolstadt un der Donau kënnt; de 15. Juni 1943 schéckt hien vun do eng Postkaart. Am Juli kënnt hien endlech an de laang erwaarte Congé, mä schonn den 18. Juli geet hien an d’Kasär op Ingolstadt zeréck. Seng éischt Noriicht beschreift den Zaldotenalldag: Den Alphonse muss eng Woch laang um Daach vun der Kasär Fliger ofwieren, well hien no Bauerenaart d’Hand an der Täsch hat. Säi Kolleg Jos Tabouraing kritt 2 Deeg Arrest, well hien an der Rei eng Méck aus dem Gesiicht verdriwwen huet. An der Ausbildungszäit gëtt all Dag geschwommen. Am August ass hien a Congé, nees an der Kasär, kuerz a Congé an zeréck op Ingolstadt.

Hei gëtt eng Eenheet zesummegestallt, wouhin et geet – dat weess keen. E puer Deeg méi spéit ass d’Eenheet zu Landshut. D’Zaldoten kréie Wantersaachen an et dämmert hinnen, wouhin d’Rees geet. Op enger Postkaart deelt den Alphonse senger Famill den Opbroch un d’Ostfront mat. Op dëser Postkaart zeechent hien 3 déck Punkten, déi déi bevirstoend Rees duerstellen. Am September 1943 schreift den Alphonse, datt seng Eenheet am Süde vu Russland um Dnjepr ukomm ass. Aus dëser Stellung schreift hien de 4. Oktober 1943: „Endlich sind wir an unserem Bestimmungsort angelangt und haben unsere Feldpostnummer. Nun liegen wir in Tscherkassy; in Krementschug wo wir Stellungen bauten sind jetzt schon die Russen. Hoffentlich hat der Rummel bald ein Ende, hier hört man nicht viel von der Welt. Ihr könnt mir ein paar Blätter Papier und Enveloppen beilegen, unser ganzes Gepäck soll nachkommen. Alles hat sich hier bis hinter den Dnjepr zurückgezogen, planmäßiger Rückzug, aber das ist kein großes Hindernis. Meine FPN ist 20401D. Heute vor einem Jahr sind wir in den RAD eingerückt.“

Am ganzen 11 Bréiwer aus Russland fannen am Oktober de Wee op Mäerkels. An all de Bréiwer gëtt d’Heemwéi spierbar. An de Novemberbréiwer verzielt den Alphonse vun den Alldagsproblemer vun den Zaldoten am russesche Wanter an datt hie vum Krich midd ass. An de Bréiwer fir Kleeschen, Chrëschtdag an Neijoer schwäermt hie vun der Chrëschtzäit doheem, him feelt seng Famill, de 25. Dezember schreift hien: „Ich bin in Gedanken am heutigen Tag bei euch daheim. Hoffentlich verbringen wir nächstes Jahr Weihnachten wieder zusammen.“ Um Neijoerschdag, a sengem viirleschte Bréif, wënscht hie senger Famill: „Vill Gleck am neie Joer! So hieß es immer am Neujahrstag und wenn ich auch fern von euch bin, so war doch mein erster Gedanke und Wunsch heute Morgen, dass es ein glückliches Jahr für euch alle werde. Was uns das neue Jahr wohl bringen mag?“ De leschte Bréif vum Alphonse Wenkin ass vum 3. Januar 1944 datéiert an u seng Geschwëster Emil, Guy a Marie-Thérèse geriicht.

Dëse Bréif huet hien aus der Géigend vun Tscherkassy geschriwwen, wou schwéier Kämpf waren. Do ass hien héchstwahrscheinlech am Januar 1944 gefall. D’Kesselschluecht vun Tscherkassy war matzen am Wanter an huet dramatesch Kämpf ëmfaasst, bei deenen de gréissten Deel vun der däitscher 8. Arméi vu sowjetesch Truppen zäitweis agekeesselt gouf, awer – wann och mat grousse Verloschter – ausbrieche konnt. D’Verloschter op sowjetescher Säit waren allerdéngs ongeféier fënnefmol esou héich.

D’Zettelcher

Dat Besonnescht un dem Alphonse senge Bréiwer sinn d’„Zettelcher“, déi hie senger Tatta Pauline geschéckt huet. Obwuel d’Bréiwer u seng Famill grousst Heemwéi verroden, mécht hien do ëmmer nees gutt Hoffnung vir. An de klenge Bréiwer dréckt hie seng wouer Gefiller aus: Verzweiflung, Mutlosegkeet, Eesamkeet an Doudesangscht. Véier vun dësen Zettelcher weisen de schwéieren Krichsalldag a beschreiwen d’Gefillswelt vum Alphonse Wenkin.

Zettelchen Februar 1943

Vielleicht sahen wir uns in Lindau zum letzten Mal. Hoffentlich ist Mutter jetzt beruhigter, weil ich schreibe, dass es mir gut geht. Den Abschied, liebste Tante, werde ich nie vergessen, weinen konnte ich nicht, aber mein Herz hat geblutet. Ich habe das Opfer auf mich genommen und wenn es mich das Leben kostet, hab ich es hingegeben für die Meinen, für euch alle daheim, damit ihr nicht umgesiedelt werdet. Sagen sie meiner Mutter, dass es nicht so schlimm wäre und nur nichts von den Partisanen.

Zettelchen November 1943

Dass ich fast eine Woche nicht zum Schreiben kam, hat schon seinen Grund. Den 13. November werde ich nie vergessen, da habe ich meinen ersten Sturmangriff miterlebt. Wir kamen erst gestern zurück. Wenn ich nicht mehr heimkomme, liebste Tante, sehen wir uns in einer besseren Welt wieder. Ich bin zu sterben bereit und wenn ich mein Leben geben muss, so ist es für meine Familie und meine Heimat, für sie alle daheim. Nun hoffen wir aber das Beste und bis auf ein baldiges, baldiges Wiedersehen grüßt und küsst sie herzlich – Alphonse.

Zettelchen Dezember 1943

Vier Tage kam ich nicht zum Schreiben, wir wurden in eine andere Kompanie versetzt. Es gibt Stunden, liebste Tante Pauline, wo es mir so schwer ist, dass ich es fast nicht mehr tragen kann, aber wenn ich dann an heim denke, und dass ich das Opfer für euch alle bringe, halte ich es doch wieder durch. Es kann kein Mensch sich vorstellen, was für ein Leben hier ist in Kälte, Schmutz und Lebensgefahr. Wenn ich noch mal das Glück habe heimzukommen und Ihnen erzähle, wie es war, man kann es kaum glauben.

Zettelchen Januar 1944

Heute will ich mal wieder ein Zettelchen beilegen. Ihr Brief hat mich sehr gefreut mit dem lieben Neujahrswunsch und dem lux. Bändchen. Hoffentlich geht ihr schöner Neujahrswunsch bald in Erfüllung, liebste Tante. Das Jahr 1943 war für mich das schlimmste meines Lebens. Das Schrecklichste sind die Läuse und die Flöhe. Tag und Nacht findet man keine Ruhe mehr. Und dann – so ganz allein als Luxemburger! Aber Sie haben Recht, liebe Tante, wenn Sie auch nicht greifbar bei mir sind, so bin ich in Gedanken immer daheim bei euch allen. Letztes Jahr war ich genau einen Tag aus dem R.A.D. zurück und man hätte sicher gedacht, der Krieg sei 1944 zu Ende. Ich wünsche nochmals recht viel Glück im neuen Jahr und auf ein baldiges Wiedersehen mit den letzten und herzlichsten Grüßen aus dem alten Jahr 1943, Alphonse.

D’Famill Wenkin huet nach laang gehofft, hie wier vläicht a Gefaangenschaft geroden a géif enges Daags heemkommen. Ëmsoss. All d’Bemëhungen, eppes Genaues iwwer säi Schicksal ze erfueren, si vergeeft bliwwen. Den Alphonse Wenkin ass wuel Ufank 1944 eleng a wäit vu senger Heemecht gestuerwen, well hie senger Famill méi grousst Leed erspuere wollt.

Den Alphonse an de Guy

Den Alphonse mat sengem Brudder Joseph

Den Alphonse mat senge Grousselteren an den ale Geschwëster zu Landscheid

Den Alphonse Wenkin an Uniform (éischte vu riets)

Op dëser Postkaart huet den Alphonse dräi déck Punkte gezeechent. Mat dësem einfache Code huet hie senger Famill matgedeelt, datt den Opbroch un d’Ostfront kuerz bevirsteet

D’Familljenhaus, vu Granate beschiedegt, am Mee 1945

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Marie-Thérèse Feider-Wenkin - Frei der Hemecht! Alphonse Wenkin – Zwischen den Fronten - Briefe eines Zwangsrekrutierten, vermisst in Russland seit Januar 1944

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.