De Buergermeeschter Meisch

De Buergermeeschter vun der Gemeng Wëlwerwolz huet Flüchtlinge verstoppt an huet dat mam Liewe bezuelt: Den Neckel Meisch gouf den 23. Abrëll 1944 am Schlass Hartheim ermuert.

De Johannes Nikolaus Meisch gouf de 26. Dezember 1886 zu Lellgen gebuer. Mat 22 Joer huet hien d’Maria Meres vun Äischer bestuet. Vu Beruff ass den Neckel Meisch Bauer, säi Stand gëtt deemools als Ackerer bezeechent.

1919 gëtt hien als Vertrieder vu Lellgen an de Gemengerot gewielt. Am Abrëll 1919 gëtt hie Schäffe vun der Gemeng Wëlwerwolz. Sechs Joer méi spéit gëtt den Neckel Meisch nees an de Gemengerot gewielt a gëtt Buergermeeschter vun der Gemeng Wëlwerwolz. Dëst Amt huet hien bis zu sengem Doud 1944. Den 10. Mee 1940 gëtt Lëtzebuerg vun däitschen Truppe besat an d’Land un d’Räich ugeschloss. Enn Juli 1940 iwwerhëlt de Gustav Simon (1900-1945) als Gauleiter vum ugrenzenden däitsche Gau Koblenz-Tréier d’Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg. Deemools war den Nikolaus Meisch a senger drëtter Amtszäit Buergermeeschter vun der Gemeng. An där Zäit ass och d’Maria Meres, d’Fra vum Neckel Meisch, gestuerwen.

Während de Krichsjore verstoppt den Neckel Meisch Flüchtlingen. Dëst „Vergoen“ gëtt him spéider zur Last geluecht. Och soll hien d’„Heemecht“ haart gesongen hunn, wéi hien d’Wiertschaft zu Wëlwerwolz verlooss huet an heem op Lellgen gaangen ass. En anert Mol huet hien um Gebuertsdag vum Führer „vergiess“, de Fändel un säin Haus ze hänken. Ob d’Präsenz vu senger Mod M. Holzheimer a sengem Stot och zu senger Verhaftung bäigedroen huet, ass net nozeweisen.

Fir den 23. September 1943 gëtt den Neckel Meisch bei den Amtsbürgermeister op Klierf invitéiert. Mat gutt Gewëssen geet de Buergermeeschter op Klierf. Bei engem Eisebunner huet hien sech de VdB-Badge geléint an ass an d’Büro gaangen.

D’Volksdeutsche Bewegung (VdB) war eng Vereenegung, déi dovun iwwerzeegt war, datt d’Lëtzebuerger zur „germanescher Rass“ (Volksdeutsche) gehéieren, an déi während der Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich mam Motto „Heim ins Reich“ den Uschloss un dat nationalsozialistescht Däitscht Räich wollt erreechen.

Am Büro gouf den Neckel Meisch vun der Gestapo verhaft an an de Grondprisong op Lëtzebuerg bruecht. Als Grond fir seng Verhaftung stoung op senger Schutzhaftkaart: „Hat Flüchtlinge, die wegen politischer oder krimineller Vergehen flüchtig waren, verborgen gehalten, obschon ihm bekannt war, dass sich darunter zwei wegen Doppelmord gesuchte Verbrecher befanden.“

Bei enger Schéisserei tëscht Eschduerf an Heischent waren zwee däitsch Gendarmen erschoss ginn. De Robert Heymanns an den Emile Schwirtz, déi wesentlech un der Aktioun bedeelegt waren, haten sech zäitweis mat aneren Deserteuren aus Viichten an engem Tannebësch tëscht Viichten a Michelbuch verstoppt. Ob se och am Haus vum Neckel Meisch zu Lellgen waren, konnt mir keen bestätegen.

Vu Lëtzebuerg aus gëtt den Neckel den 29. Oktober 1943 op Hinzert bruecht. D’SS-Sonderlager Hinzert (och KZ Hinzert) war en däitscht Haft- a Konzentratiounslager no bei Hinzert bei Tréier am Hunsrück (haut Rheinland-Pfalz). Zu Hinzert hat den Nikolaus Meisch d’Gefaangenennummer 7474.

D’Liewen an de Konzentratiounslager war e stännegt Martyrium fir d’Gefaangen. Den Dag huet tëscht véier a fënnef Auer moies mat Weckpäifen ugefaangen. Duerno haten d’Prisonéier eng hallef Stonn Zäit, hir Better ze maachen, sech ze wäschen an hire Kaffi ze kréien. Fir datt alles glat leeft, gouf et an de Blocken eng Hierarchie ënnert de Prisonéier: Blockälteste, Lagerälteste a Stuwenälteste hu missen dofir suergen, datt d’Aufgaben ausgefouert goufen.

Beim Moiesappell géint sechs Auer hunn d’Prisonéier missen an Zéngerreien untrieden an, nodeems festgestallt war, datt all do waren, am Gläichschrëtt duerch d’Paart bei hir Aarbechtsplaze marschéieren. Aarbecht am KZ huet „Terroraarbecht“ ënner onmënschleche Konditiounen a Fabriken, Rüstungsbetriber, an der Landwirtschaft oder beim Lagerbau bedeit. Dës Aarbecht huet Dausende Prisonéier d’Liewe kascht. Nom Retour an d’Lager huet den Owesappell dozou gedéngt, d’Prisonéier nach eng Kéier ze zielen. Esou en Appell konnt Stonne laang daueren, well een gefeelt huet oder als Strof fir iergendwellech Verstéiss géint d’Lagerordnung.

Vun Hinzert aus huet den Neckel Meisch dëse Bréif u seng Famill geschriwwen:

Der Mitgefangene P. Lentz berichtet aus dem Lager: „Nach der Ankunft in Hinzert mussten wir eine Rede des Lagerkommandanten über uns ergehen lassen. Dann wurden wir im Laufschritt hin und her gehetzt, bekamen die Haare geschnitten, wurden entlaust, bekamen zerrissene Sträflingskleider samt Stoffresten, Nadel und Zwirn. Ich half dem unerfahrenen Neckel Meisch auf Block IV. Neckel Meisch, Pfarrer Michel Wealer und ich teilten uns ein und dasselbe Schlaflager.

Tagsüber zerkleinerten wir knorrige Wurzelstöcke mit stumpfen Sägen und Äxten. Abends löffelten wir magere Suppe und kauten dazu unser kleines Stück Brot.

Als ich von der Umsiedlung von meiner Familie in Pintsch erfuhr, wäre ich in die Mutlosigkeit verfallen, hätte nicht Neckel für neuen Mut gesorgt: Nemme Courage! Dat ass näischt. Mer kommen allegoarten heem!“

Den Neckel hat grouss Schwieregkeeten, beim Appell d’Hänn stramm un der Bacchenaut ze halen; ëmmer erëm huet hien se instinktiv an d’Täsch gestach. Eemol krut hien dofir onerwaart e Fousstouss, datt hien op de Buedem gefall ass. „Was ist dir passiert?“, gouf hie gefrot. Dorop huet den Neckel missen äntweren: „Ich bin gefallen, weil ich mich gestoßen habe.“ Den Neckel huet sech dacks rosen gemaach: „Wann ech drun denken, dat se mäi Speck gefrees hon Déi knaschdig Honn! Wa mer heem kommen, da gët geraumt!“ Mä zu engem Retour op Lellgen sollt et net kommen. Vum Neckel Meisch gëtt verzielt, hien hätt sech zu Hinzert ëm d’Gromperen an der Schuel gekëmmert. Hie wier erwëscht ginn, wéi hien heemlech Gromperen u seng Leidensgenossen verdeelt huet.

De 14. Januar 1944 ass hien op den Transport op Mauthausen komm. D’Rees vum Neckel huet aacht Deeg gedauert an ass den 22. Januar 1944 zu Mauthausen an Éisträich op en Enn gaangen. Zu Mauthausen hat den Neckel d’Prisonéiersnummer 30741. Wat den Neckel Meisch zu Mauthausen erliewen an duerchmaache musst, weess nëmmen den Härgott.

D’Konzentratiounslager Mauthausen war dat gréisst Konzentratiounslager vun den Nazien op éisträichesche Buedem. Et louch 20 Kilometer ëstlech vu Linz an huet vum 8. August 1938 bis zu senger Opléisung no der Befreiung vu senge Gefaangenen duerch US-amerikanesch Truppen de 5. Mee 1945 bestanen. Am KZ Mauthausen a senge Niewelager goufen ronn 200.000 Mënschen agespaart, vun deenen iwwer 100.000 ëm d’Liewe koumen.

Enk mat Mauthausen verbonne war d’Schlass Hartheim, och wann d’Euthanasie- a Vernichtungsanstalt keen Aussenlager am eigentleche Sënn war. Si war Deel vun der systematescher Ermuerdung vu ronn 216.000 Mënsche mat kierperlechen, geeschtegen a psychesche Behënnerungen an der Nazizäit. D’Schlass Hartheim war an Éisträich den Zentrum vun der Vernichtung vum sougenannte „lebensunwerten Leben“.

Dobäi huet d’Schlass Hartheim als Mordanstalt fir sougenannt „körperschwache Häftlinge“ aus de KZen Mauthausen an Dachau an héchstwahrscheinlech och aus de KZen Ravensbrück a Buchenwald gedéngt.

Den 23. Abrëll 1944 gouf den Nicolas Meisch, Buergermeeschter vun der Gemeng Wëlwerwolz, an der Euthanasie-Anstalt Schlass Hartheim vergaast.

 

E Stolperstein fir den Nicolas Meisch

De Moie vum 9. November 2022 gouf zu Lellgen den éischte Stolperstein am Norde vu Lëtzebuerg verluecht. E erënnert un de Buergermeeschter Nicolas Meisch, deen zu Mauthausen ermuert gouf. Den däitsche Kënschtler Gunter Demnig erënnert un d’Affer vun der Nazizäit, andeem hie virun hirem leschte fräi gewielte Wunnuert Gedenkplacke aus Messing an den Trottoir setzt. Mëttlerweil leie Stolpersteng a 1.265 Gemengen an Däitschland an an eenanzwanzeg Länner an Europa.

„E Mënsch ass eréischt vergiess, wann säin Numm vergiess ass“, zitéiert de Gunter Demnig den Talmud. Mat de Steng virun den Haiser bleift d’Erënnerung un d’Mënschen lieweg, déi eemol hei gewunnt hunn. Op de Steng steet: HIER WOHNTE … E Steen. En Numm. E Mënsch.

Néckel Meisch vu Lellgen. Bauer. Buergermeeschter vun der Gemeng Wëlwerwolz vun 1925 bis 1943

Néckel Meisch mat den Nopeschmeedercher Nin a Louise Schmit

Bréif vum Neckel Meisch aus Hinzert u seng Famill

Den Agank, duerch deen d’Affer vun Hartheim an d’Schlass koumen. Um Schëld iwwer der Dier steet: „Orphan's Asylum“

Verleiung vum Kräiz vum Uerde vun der Resistenz 1940-44 un den Nicolas Meisch

De Stolperstein fir den Nicolas Meisch zu Lellgen

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› Joseph Mäertz - Luxemburg in der Ardennenoffensive
› Pierre Kergen - Kriegserinnerungen eines Öslinger Resistenzlers
› www.ons-jongen-a-meedercher.lu - Der Leidensweg von Neckel Meisch
› www.schloss-hartheim.at - Lern- und Gedenkort Schloss Hartheim - Gedenkstätte

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.