Bunkerjongen

Dausende jonk Lëtzebuerger hunn den Déngscht an der Wehrmacht refuséiert. Am Kiischpelt hu vill vun hinne verstoppt a Bunkeren am Bësch iwwerlieft – versuergt vu couragéierte Leit.

D’Virgeschicht

Wéi den Iwwerbefeelshaber vum Heer, de Walther von Brauchitsch, nom 10. Mee 1940 versprach huet, d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg ze respektéieren, war d’Lëtzebuerger Bevëlkerung fir d’éischt passiv, ofwaardend a skeptesch. Mat der Asetzung vum Gustav Simon als Chef vun der Zivilverwaltung huet hir Haltung sech awer grondleeënd geännert. Dem Simon säin Zil: e fräiwëllegt an ausdrécklecht Bekenntnes vun der Bevëlkerung zum Däitschtum. D’Sproochenverordnung huet däitlech gemaach, datt d’Eegenaart vu Lëtzebuerg net méi respektéiert gouf, an huet zu éischte Protester gefouert. Familljennimm, Stroossennimm a Symboler vun der Onofhängegkeet goufen agedäitscht oder ofgeschaaft. Ab Ufank 1942 huet de Gauleiter eng grouss Campagne fir de fräiwëllegen Andrott an d’Wehrmacht lancéiert.

D’Resistenz

Déi éischt Aktivitéite vun de Resistenzgruppe waren, sech den Däitsche mat lëtzebuergescher Propaganda ze widdersetzen (Flësterpropaganda, Flugblieder, Verdeele vu Fotoen a Badgen, Zerstéiere vun Naziaffichen). Déi wuel wichtegst geheim Dréckerei war um Kierfecht vu Rëmeleng, wou an enger eidel Grafkummer Dausende Flugblieder gedréckt goufen.

Dës Flugblieder sollten d’Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer d’Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 informéieren. Bei dëser Vollekszielung wollt de Gauleiter en offiziellt Bekenntnes zum Däitschtum erzwéngen, andeem op déi dräi Froen no Nationalitéit, Mammesprooch a Vollekszougehéieregkeet mat „däitsch“ geäntwert sollt ginn. D’Auszielung huet gewisen, datt d’Lëtzebuerger dem Opruff vun der Resistenz gefollegt waren an sech zu hirem Lëtzebuergertum bekannt hunn, andeem se dräimol „lëtzebuergesch“ geäntwert hunn. D’Reaktioun vun den Nazien ass direkt komm: d’Doudesstrof géint all d’Resistenzlerinnen a Resistenzler. Méi wéi 300 Leit goufe verhaft an am Sonderlager Hinzert internéiert.

Déi gréisst Aktioun vun der Lëtzebuerger Resistenz war de Generalstreik vun 1942. Den 30. August 1942 huet de Simon d’Aféierung vun der allgemenger Wierflicht zu Lëtzebuerg verkënnegt, déi sougenannt „Zwangsrekrutéierung“. De Streik huet den 31. August 1942 zu Wolz ugefaangen an sech am Laf vum Moien op Dikrech an Ettelbréck ausgebreet. Och an der Schëffleng Schmelz hunn 2.000 Aarbechter d’Aarbecht néiergeluecht. Bis zum 2. September 1942 koume ëmmer méi Streikend derbäi: Schüler aus de Lycéeën zu Esch an Iechternach an zukünfteg Grondschoulléierinnen hu matgemaach, Baueren hunn d’Mëllech ausgekippt … De Simon konnt d’Situatioun nëmme mam brutaalsten Terror an de Grëff kréien. De Standrecht gouf ausgeruff, 21 Persoune goufen zum Doud verurteelt a sofort erschoss. Souguer d’alliéiert Auslandspress huet iwwer de Lëtzebuerger Generalstreik bericht.

Déi direkt Aberuffung vun de Joergäng 1920‒1924 an d’Wehrmacht konnt awer net verhënnert ginn. Weider Männer goufen den 25. Mäerz 1943 (Joergang 1925), den 8. Dezember 1943 (Joergang 1926) an de 14. Juli 1944 (Joergang 1927) agezunn.

D’Nationaalt Streikmonument zu Wolz

Ënnert dësen 11.168 Zwangsrekrutéierten waren 3.510 Refractairen oder Deserteuren.

• Zwangsrekrutéiert: 11.168
• Deserteuren oder Refractairen: 3.510
• Vermësst: 1.084
• Gestuerwen: 1.764 (dovun 1.378 gefall an 163 higeriicht)
• Maquiskämpfer oder alliéiert Zaldoten: 705

Refractairen an Deserteuren aus Lëtzebuerg hu sech dacks an Haiser oder an Ënnerstänn ënnert dem Buedem (Bunkeren) verstoppt. Bal an all Uertschaft gouf et couragéiert Leit, déi Refractairen um Späicher oder am Keller verstoppt hunn. D’Refractaire woussten, datt hir Famillen wéinst hirer Desertioun zwangsëmgesidelt géife ginn. 3.510 Lëtzebuerger Refractairen hunn d’Naziregime an zougemaachene Minnegäng, provisoresche Bunkeren a Verstopper iwwerlieft, déi dacks kaum méi wéi Lächer am Bëschbuedem waren.
D’Refractairen an déi desertéiert Zwangsrekrutéiert an de Bunkere goufe vu Resistenzler, Baueren a ville couragéierte Hausfraen aus den Nopeschdierfer ‒ dacks a Liewensgefor ‒ mat Iessen a Kleeder versuergt. Am ganze Land gouf et deemools 85 Bunkeren, an deenen iwwer 400 Refractairen gelieft hunn. Déi meescht dovu waren an de Bëscher vum Éislek.

Och an der Gemeng Kiischpelt a Ronderëm gouf et e puer esou Bunkeren. Dräi Plaze ginn hei méi genee virgestallt. Si sollen en Androck vun der Geschicht, dem Schicksal, den Ängschten a Suerge vun de „Jongen“, déi do verstoppt waren, an hire Betreier ginn.

 

Draufelt/Äischer

Enn 1942 huet den Nicolas Thelen ugefaangen, e Bunker an der Géigend vun Draufelt/Knapphouschent ze bauen, méi genee op der Plaz mam Flurnumm „Op der plakeger Lay“, no bei der Strooss Draufelt-Wolz. Déi éischt Bewunner waren zwee Refractairen vun däitscher Hierkonft, déi virum Krich d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl haten. Well d’Räich déi net unerkannt huet, kruten si en Astellungsbefeel fir d’Wehrmacht, deem se awer net gefollegt sinn. Spéider koumen nach aner Refractairen derbäi: de Jules Esser, de Roger Wolff, den Eugène Stirn an de Léon Felten.

An der Zwëschenzäit war de Bunker vergréissert ginn. Jonk Dännen a Moos hu fir eng gutt Tarnung gesuergt. D’Mauere ware mat Bamstämm verkleet. D’Daach war aus Bliechplacken op Bamstämm. Hannen war en Noutausgang.

An engem Bësch op „Wesserwee“ war de Bunker vun Äischer. Nëmme puer Spuere weisen nach op déi schrecklech Saachen hin, déi sech hei ofgespillt hunn. Beim Besuch vun de Reschter vu senger Ënnerkonft huet en ehemolege Bunkerbewunner ënner Tréine seng Geschicht vun Angscht a Verfollegung verzielt.

En Uewen huet zum Heizen an zum Kachen gedéngt. Waasser hu si an der Kirel, enger Baach an der Géigend, geholl. Fir sech ze verteidegen, haten si en däitscht Gewier, e Revolver an e Juegdgewier. Si hu kee Wëld missen schéissen, well si vu ville Leit aus Äischer, Draufelt, Knapphouschent, Lellgen a Maarnech versuergt goufen. Dës Geschicht gouf vun der Madame Nockels, dem Roger Wolff, dem Nic Thelen, dem Eugène Stirn, dem Jean Keipes an der Madame Esser bezeit a verzielt.

Knapphouschent

D’Anna an den Nicolas Schlesser-Reding an dem Anna seng Mamm, d’Madeleine Reding-Turmes, genannt „Matti Léin“, vu Knapphouschent haten aus Mënschlechkeet an Selbstlosegkeet dem Resistenzler Jos Gaasch vu Wëlwerwolz an dem Aly Schlesser vu Knapphouschent an ab Enn Oktober 1943 och dem Jos Turmes Ënnerdaach ginn an domat hiert Liewe riskéiert. Wéinst der ze grousser Gefor ass de Jos Turmes awer um Ouschtersonndeg 1944 an e Bunker am Bësch geplënnert. Bis zur Befreiung am September 1944 sollten nach dräi weider Männer nokommen: de Jos Wolwert vu Lëtzebuerg-Stad, de Pol Berscheid vu Selschent an de Jean Keipes vu Knapphouschent. Eng Gedenkplack erënnert un d’„Bunkerjongen“ an hir Beschützerfamill.

Fridbësch

Op der aler Strooss vu Kautebaach op Konstem, op der Héicht vis-à-vis vum Aussiichtstuerm, féiert e Wee bei de Bunker um Dosbach/Fridbësch. Vun Enn Mee 1944 bis zum Dag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg, den 10. September, hu net manner wéi 17 Persounen an dësem Bunker gelieft. Si goufe vun de Leit aus den Dierfer ronderëm mat Iessen versuergt.

Fräiwëlleg Hëllefen an Familljememberen vun de „Bunkerjongen“ hunn dëst Versteck an Erënnerung un déi däischter Krichsjoren erëm hiergeriicht. Och e Bunkerwanderwee gouf ugeluecht.

Den Agank vum Bunker zu Draufelt, dee getarnt war, wann een dran war

An dësem Bësch op „Wesserwee“ bei Äischer war e Bunker. Nëmme puer Spuere weisen nach op déi schrecklech Saachen hin, déi sech hei ofgespillt hunn. Beim Besuch vun de Reschter vu senger Ënnerkonft huet en ehemolege Bunkerbewunner ënner Tréine seng Geschicht vun Angscht a Verfollegung verzielt

De Bunkerwanderwee féiert bei de Bunker Fridbësch

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› Joseph Mäertz - Luxemburg in der Ardennenoffensive
› Aimé Knepper - Les réfractaires dans les bunkers
› Jean-Marie Boumans – Fotoen
› Websäit Visit Eislek

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.