D’Famill Lommer

Well hire Jong Josy sech dem Aarbechtsdéngscht entzunn huet, gouf d’Famill Lommer vun Alschent 1943 a Schlesien ëmgesidelt – de Josy selwer ass iwwer d’Belsch an de Widderstand geflücht.

22 Joer nom Enn vum Éischte Weltkrich gëtt Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 vun den Däitsche besat. Dem Groussherzogtum stoung domat eng vun de schwéierste Zäite säit sengem Bestoe bevir.

D’Groussherzogin Charlotte an d’Lëtzebuerger Regierung haten hir Léiere aus der Vergaangenheet gezunn: Si sinn an den Exil gaangen. Fir d’éischt huet déi däitsch Besatzung awer d’Enn vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet bedeit. Am Juli-August 1940 gouf Lëtzebuerg ënner däitsch Verwaltung gestallt. De Gauleiter vum Gau Koblenz-Tréier, de Gustav Simon, gouf zum Chef vun der Zivilverwaltung ernannt.

Him war déi ganz Verwaltung am eruewerte Lëtzebuerg ënnerstallt. Hien ass direkt dem Adolf Hitler ënnerstanen a krut vun him allgemeng Uweisungen a Richtlinnen. Vun Ufank un hunn seng Moossname op d’Annexioun vu Lëtzebuerg un d’Räich an op d’Germaniséierung vun der Bevëlkerung gezielt. All d’Lëtzebuerger Staatsstrukture goufen ofgeschaaft. Franséisch ze schwätze gouf verbueden. Mat grousser Propaganda gouf probéiert, d’Lëtzebuerger fir d’Naziregime ze gewannen, mä d’Bestriewunge vun der Besatzungsmuecht sinn op Oflehnung gestouss.

Bei enger Vollekszielung 1941 huet d’Majoritéit op déi dräi entscheedend Froen no Nationalitéit, Vollekszougehéieregkeet a Mammesprooch mat „lëtzebuergesch“ geäntwert. Dat Resultat war en Ausdrock vum Widderstand vun der Bevëlkerung géint d’Besatzungsmuecht.

Den 30. August 1942 ass den Okkupant nach méi wäit gaangen an huet zu Lëtzebuerg, genee wéi am Elsass an a Lothréngen, d’Wierflicht agefouert. Dës Mooss huet a bal all Deeler vum Land zu Streiken gefouert. Déi däitsch Autoritéiten hunn de Standrecht ausgeruff an 21 Streikend erschéisse gelooss. Insgesamt goufen 10.211 Lëtzebuerger an d’Wehrmacht agezunn. Méi wéi een Drëttel huet sech geweigert, déi däitsch Uniform ze droen, an ass ënnergetaucht. D’Besatzungsmuecht huet mat Terror reagéiert: Internéierungen a Konzentratiounslageren, Exekutiounen an Deportatiounen an den Oste vum Däitsche Räich.

Insgesamt goufen 3.705 Persounen – 1.398 Männer, 1.664 Fraen a 644 Kanner – vu Lëtzebuerg an Däitschland ëmgesidelt. Hire Besëtz gouf der Deutschen Umsiedlungs-Treuhandgesellschaft zur Verfügung gestallt. Amplaz vun den Ëmgesidelte koumen Däitscher aus dem Räich op Lëtzebuerg, déi zur Festegung vum däitsche Vollekstum zu Lëtzebuerg bäidroe sollten. Insgesamt goufen 1.415 däitschstämmeg Persoune aus Bosnien, Kroatien, Südtirol, Siebenbürgen an der Bukowina zu Lëtzebuerg ugesidelt.

Laut Astellungsbefeel sollt de Josy Lommer vun Alschent Ufank Oktober 1941 an den obligatoreschen Aarbechtsdéngscht agezu ginn. De Misch Aubart vu Kautebaach an de Josy Lommer hunn esou gemaach, wéi wa se dem Befeel géinge folgen. Si hu sech an der Géigend verstoppt. Wéi de Wanter koum, hu si sech an hir Elterenhaiser an an aner Verstopper zeréckgezunn. Duerfir sinn déi zwee Frënn elo getrennte Weeër gaangen.

Et huet net laang gedauert, bis d’Police bei d’Famill Lommer koum, fir no hirem Jong ze froen. Fir d’Famill Lommer huet elo eng schwéier Zäit ugefaangen. Si gouf vun do un als „däitschfeindlech“ ugesinn.

Am Stall gouf e Bunker gegruewen. Den Agank war nieft dem Stéier. An deen huet nëmme seng Fudderleit kannt a keng friem Leit u sech erugelooss. Méint laang war de Josy bei senger Famill verstoppt. D’Police huet sech dacks zu Alschent gewisen an ass dann och bei der Famill Lommer laanscht komm.

Am Summer 1942 krut de Josy Gesellschaft: De Paschtouer Alois Krier vu Mäerkels war der Gestapo en Dar am A a sollt verhaft ginn. Hie konnt flüchten an huet sech elo och am Haus Lommer verstoppt. Dat Néidegst fir eng Mass ze halen gouf heemlech op den Haff bruecht an de Paschtouer huet d’Mass an engem Zëmmer oder an der Scheier gehalen. E bësse méi spéit ass de Paschtouer Alois Krier op Mäerkels an en anert Versteck gewiesselt.

Bei senge deegleche Geheimaarbechten huet de Josy sech eng Kéier un der Hand blesséiert. Seng Wonn huet onbedéngt missen behandelt ginn. Den Dokter Bové vu Wolz huet de Kranken behandelt an hien erëm op d’Been bruecht. Fir d’Dokterbesuch glafwierdeg ze maachen, hu gesond Familljememberen missen de Kranke spillen. Iergendwéi mussen dës Krankebesuche awer verdächteg gewiescht sinn, well den 18. Mäerz 1943 war d’Police nees um Haff. D’Haus gouf duerchsicht an alles gouf ëmgedréint. De Josy hat mat knapper Nout barfouss säi Versteck erreecht a gouf net fonnt.

Elo hat de Josy keng Rou méi am Elterenhaus. Hie wollt seng Famill net méi laang a Gefor bréngen. Owes ass hien op säi Vëlo gesprongen an op Saassel bei d’Famill Neumann-Schaack gefuer. No 10 Deeg ass hien an d’Haus Kergen-Schroeder gewiesselt. Hei ass hie bis zu sengem 23. Gebuertsdag, de 6. Dezember 1943, bliwwen. Deen Owend gouf hien iwwer déi belsch Grenz bruecht.

Beim Transport op Biwisch, wou et iwwer d’Grenz goe sollt, waren och de Batty Mutsch, den Aloyse Dupont an den Henri Wenkin derbäi. Deen Owend gouf de Josy Lommer vum Aloyse Kremer iwwer d’Grenz bruecht. Am Moiesgrauen, no enger geféierlecher Nuecht, si se op engem Bauerenhaff virun Limerlé ukomm.

Den Aloyse ass op Biwisch zeréck an de Josy huet sech am Stall vun de Strapazen erholl. Am Laf vum Nomëtteg koum en neie Verbindungsmann a béid si mam Vëlo op Bourcy gefuer, dat sinn ongeféier 12 Kilometer. Hei krut de Josy e belsche Pass an huet elo Joseph Leroy geheescht. Hien dierft nëmme méi Franséisch schwätzen, ni e Wuert Däitsch.

Bei enger Kontroll vun der Feldgendarmerie huet hie seng Roll ganz iwwerzeegend gespillt an dierft weider. Mat sengem Guide Pierre Schon ass hie mam Vëlo op Bastnech an dann weider op Marloie gefuer.

Hei huet de Jean Boever gewunnt, Véihändler vu Beruff. Hien huet ville Flüchtlingen an Nout gehollef, esou och dem Josy Lommer; de Jean Boever huet de Josy op en Haff zu Roy bruecht. Den 18. Mäerz 1944 huet de Jean Boever de Josy op Han-sur-Lesse an d’Haus Petry begleet. Hei krut de Josy Kontakt mat der regulärer belscher Arméi am Ënnergrond.

Den 10. Juni gouf hie mat anere Flüchtlingen als Member opgeholl an huet elo zur „Armée Belge en Campagne, Zone 5, Secteur 5“ gehéiert. Si hunn aktiv géint déi däitsch Truppen op hirem Réckzuch gekämpft.

No der Befreiung den 13. September goufen all vun de belsche Kameraden mat Arméiautoen op Lëtzebuerg zeréckbruecht. Um Haff Lommer zu Alschent ass alles dropunner, alles, wat net niet- an nolfest war, ass ewech.

Seng Famill war nach ëmmer am Ëmsidlungslager. Den 30. Juni 1943 waren seng Elteren a Geschwëster op Schlauphof a Schlesien ëmgesidelt ginn. Mat sechs Ëmsidlungszich goufen ab dem 23. Juni 1943 ronn 300 Lëtzebuerger op Schlauphof, ongeféier zwielef Kilometer vu Liegnitz ewech, bruecht. Si ware beim Naziregime op iergendeng Aart a Weis opgefall a goufe duerfir zur „Germaniséierung“ an d’Naziräich verbannt. E Retour an hir Heemecht war net virgesinn. Am „Merkblatt für Umsiedler“ stoung ënner anerem: „Sie (die Umsiedlung) bezweckt die Sicherung des politischen und des Arbeitsfriedens in diesem Grenzland des Reiches und betrifft nur jenen kleinen Personenkreis, der gesinnungsmäßig nicht als zuverlässiges Element unseres Volkstums an der Grenze angesehen werden kann. Die Umsiedlung stellt keine Strafmaßnahme dar, sie bietet der einzelnen Umsiedlerfamilie die Möglichkeit, im deutschen Reich sesshaft, und dort zu vollwertigen Bürgern des Reiches zu werden.“

Am alen Zisterzienserklouschter hu sech bis zu 50 Persounen déi ënnerschiddlech grouss Zëmmeren deele missen. Eréischt no enger dräiwöcheger Lagerspär gouf deenen, déi schaffe konnten, Aarbecht zougewisen. Während en Deel vun hinnen an de „Gemawerken“ geschafft huet, engem Geheimbetrib zu Wahlstatt, sinn méi kleng Gruppen bei der Liegnitz-Rawitscher Eisebunn agesat ginn oder hate souguer e Posten als Schreiwer bei der Police. Méi al Männer hunn op de Zockerrommefelder geschafft an d’Kanner konnten esouguer an d’Schoul goen. Während deene sechs Méint am Lager sinn zwee Kanner op d’Welt komm, ee Bewunner ass gestuerwen an zwee si geflücht a glécklech nees heemkomm. D’Lager 112 zu Schlauphof an Niderschlesien gouf 1944 opgeléist. Ufank Juli 1945 koum d’Famill Lommer aus der Ëmsidlung zeréck an d’Famill war erëm zu Alschent zesummen.

De Pierre Kergen vu Saassel huet dem Josy Lommer seng Erliefnesser a sengem Buch „Kriegserinnerungen“ am Detail opgeschriwwen.

30. Juni 1943: Ukonft vun der Famill Lommer-Schaack am Ëmsidlungslager Schlauphof a Schlesien. Stoend: ganz lénks Ed Lommer, an der Mëtt Madame Lommer, ganz riets Aloyse Lommer. Sëtzend, 2., 3. a 4. vu lénks: Maria, Anna a Léonore Lommer

Den Haff Lommer zu Alschent (1942)

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› Joseph Mäertz - Luxemburg in der Ardennenoffensive
› Pierre Kergen - Kriegserinnerungen eines Öslinger Resistenzlers

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.