Jean-Pierre Bossaert

Wéinst Schwaarzschluechten zu zéng Joer Zuchthaus verurteelt, huet de Jean-Pierre Bossaert vun Äischer Zwangsaarbecht, Lagerhaft an en Doudesmarsch iwwerlieft – wéi duerch e Wonner.

Schwaarzschluechten

D’Kriegswirtschaftsverordnung vum 4. September 1939 (KWVO) war en däitscht Gesetz aus der Nazizäit, dat zur Ëmsetzung vun der staatlech gelenkter Krichswirtschaft gedéngt an den Delikt „Kriegswirtschaftsverbrechen“ agefouert huet.

Zoustänneg waren d’Sondergeriichter, déi bei de Landgeriichter gebilt goufen an an engem staark verkierzte Verfaren entscheet hunn. Eng effektiv Verteidegung war kaum méiglech. D’Urteeler goufe wéinst der Wierkung no baussen tëscht Staatsanwaltschaft a Geriicht ofgestëmmt. D’Muecht vun de Sondergeriichter ass nach gewuess, wéi direkt nom Krichsufank déi sougenannt Volksschädlingsverordnung a Kraaft getrueden ass.

Wien also Produkter, déi zum liewenswichtege Bedarf vun der Bevëlkerung gehéiert hunn, zerstéiert, op d’Säit geschaaft oder zeréckgehalen an esou béiswëlleg d’Versuergung a Gefor bruecht huet, konnt no § 1 vun der Kriegswirtschaftsverordnung mat Zuchthaus oder Prisong, a besonnesch schwéiere Fäll mat der Doudesstrof bestrooft ginn. D’Sondergeriichter hunn ab Hierscht 1939 bestëmmt Eegentums-, Gewalt- a Wirtschaftsvergoen verurteelt, vum Schwaarzschluechte iwwer Bedruch mat Liewensmëttelkaarten bis zum Déifstall „unter Ausnutzung des Kriegszustandes“. D’Sondergeriichter hu sech dacks mam Schwaarzschluechte beschäftegt an Doudesurteeler gefällt, well doduerch onerlaabt Fleesch der staatlecher Bewirtschaftung entzu gouf. Schonn am Mäerz 1933 ware Sondergeriichter agefouert ginn, fir déi déi normal Prozessuerdnung net gegollt huet. Et waren och keng Rechtsmëttel zouléisseg.

„Den gewerbsmäßigen Schwarzschlächter muss die Strafe mit voller Härte treffen... Die niedrige Gesinnung und der gemeine Verrat, den der Schwarzschlächter während der Kriegszeit an seiner Heimat und am deutschen Volke begeht, erfordert seine schwerste Bestrafung und ...notfalls seine völlige Ausmerzung.“ Esou hunn d’Hetzparole vun der nationalsozialistescher Press gelaut.

Wéi déi däitsch Truppen d’Groussherzogtum Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 besat hunn, goufen d’Kriegswirtschaftsverordnungen och zu Lëtzebuerg agefouert. Vill Lëtzebuerger Baueren a Klengbaueren wollte sech der däitscher Bevormundung entzéien, hunn hiert Schluechtvéi als hiren Eegentum ugesinn, an esou huet d’Schwaarzschluechten ugefaangen. Gouf de Bauer, den Händler, de Schluechter oder de Metzler beim Schwaarzschluechten erwëscht, hunn him drakonesch Strofe gedreet.

Och vill Véihalter am Kiischpelt waren keng Ausnam an hu sech net gescheit, en Deel vun hirem Schluechtvéi weiderhin heemlech fir hire Besoin ze veraarbechten. Zu Äischer waren d’Gebridder Jean-Pierre an Albert Bossaert wéi hiren Noper Dominik Liefgen als Schluechter aktiv an hu sech dobäi erwësche gelooss. Fir ze schluechten, haten si d’Déieren an de Bësch bruecht, se do geschluecht, zerluecht an duerno bei hir Clienten an Optraggeber transportéiert. Den Transport vun de geschluechten Déieren ass zu Fouss oder mam Vëlo geschitt. De Metzlermeeschter Rasquin vu Wolz war den Haaptofnehmer vun de geschluechten Déieren, mä och Privatleit waren Clienten bei de Schwaarzschluechter. Ausserdeem konnt dem Jean-Pierre Bossaert nogewise ginn, datt hie Véi an d’Belsch weiderverkaf hat.

De Prozess war am Februar 1943 zu Lëtzebuerg virun engem däitsche Sondergeriicht. De Prozess géint déi angeblech „verräterischen Volksschädlinge“ gouf a reesseresche Pressebericht ausféierlech dokumentéiert.

„Die Verurteilten…. haben sich bewusst außerhalb der Volksgemeinschaft gestellt und bilden eine schwere Gefahr für die Versorgung der Bevölkerung mit notwendigen Lebensmitteln. Somit haben sie (die Verurteilten) die zur siegreichen Durchführung des Krieges erlassenen Anordnungen sabotiert.“

Am Numm vum däitsche Vollek gouf d’Urteel gesprach: De Johann Peter Bossart – den Numm gouf agedäitscht – gouf zu 10 Joer Zuchthaus, säi Brudder Albert zu 3 Joer Zuchthaus an de Metzler Rasquin zu 6 Joer Zuchthaus verurteelt, aner Hëllefer kruten méi kleng Zuchthausstrofen. Deemools gouf et schonn d’Doudesstrof fir d’Vergoen „Schwarzschlachtung“, si gouf awer net ugewannt, well d’Vergoe virum Erlass vum Chef vun der Zivilverwaltung geschitt waren.

De Jean-Pierre Bossaert huet seng Strof am Zuchthaus Rheinbach bei Köln, an Nordrhein-Westfalen, missen ofsëtzen. D’Haftanstalt Rheinbach gouf an der Nazizäit als Onrechtsplaz am Sënn vum nationalsozialistesche Lagersystem benotzt. D’Anlage vun der Haftanstalt ware vun der Justiz, der Geheimer Staatspolice (Gestapo) oder der Wehrmacht ofhängeg. Fir Rheinbach ginn als NS-Prisonéier fir Abrëll 1944 „1.370 Insassen, dovun 1.340 Auslänner, dorënner 270 Frae vum Kölner Prisong“ ugefouert. Seng Fra Marie Heintz huet vill Strapazen op sech geholl, fir hire Mann zu Rheinbach ze besichen.

Am spéiden Hierscht 1944 stoungen d’US-Streitkräften kuerz viru Aachen, an dat huet d’Déngschtstellen zu Köln an eng grouss Opreegung versat. D’Staatspolizeidéngschtstell Köln huet geplangt, Honnerte vu Prisonéier am Zuchthaus Rheinbach ze erschéissen. Eenheete vun der Gestapo sinn zu Rheinbach ukomm, fir déi auslännesch Prisonéier ëmzebréngen. Dëse Plang gouf net ausgefouert, d’Gefaangen koumen op den Transport op Butzbach an Hameln. En Deel vun de Gefaangenen, dorënner och de Jean-Pierre Bossaert, gouf mat Waggonen op Hameln bruecht an direkt no der Aliwwerung zu Hameln an d’Baussenlager Holzen bruecht, eng fürchterlech Plaz.

Am Juli 1944 hat d’Zuchthausverwaltung 45 km südlech vun Hameln e Baussenlager beim Duerf Holzen opgeriicht, no beim Stiedchen Eschershausen. Et sollt den iwwerfëllten Zuchthaus entlaaschten an Aarbechtskräfte fir eng rieseg Rüstungsfabréck stellen, déi an den ënnerierdesche Stollen vum „Hils“-Bierg gebaut gouf. Geduecht fir gutt 400 Mann, war d’Lager meeschtens däitlech iwwerbeluecht. Op d’mannst d’Hallschent vun de Prisonéier koum aus de Benelux-Länner an aus Frankräich. Déi ausgezéiert Prisonéier hunn d’Stollen fir déi geplangte Fabréck missen erweideren. Beim Ofschloe vum hängende Steen koum et zu schwéieren Accidenter. An de fënnef Lagerbaracken war et ganz enk. D’sanitär Verhältnisser waren katastrophal.

Den Zuchthausdirekter Stöhr den 19. Februar 1945: „Die Gesundheitsverhältnisse der Gef. (= Gefangenen) sind sehr ungünstig und die Sterblichkeit erheblich. ... Die Kleidung der Gefangenen ist dabei völlig ungenügend, die Wäsche kann nur etwa alle 4 Wochen gewechselt werden, das Ungeziefer ist daher nicht aus den Baracken herauszubekommen.“
De Gesondheetszoustand vum Jean-Pierre war katastrophal: Vun Erschëppung op der Aarbecht ëmgefall, Erkältungskatarrh, Ödemer um Hënner an un de Been an ëmmer erëm Diarrhée.

Mësshandlungen an drakonesch Strofen, wéi dat qualvollt „Pfahl Stehen“ an eng Hiriichtung, bei där d’Matprisonéier missten dobäi sinn, hunn den Alldag bestëmmt. Dat Wuechtpersonal, dat vun Hameln ofgeuerdent war, gouf dofir ni zur Rechenschaft gezunn.

Doudesmarsch op Dreibergen

Den 3. Abrëll 1945 gouf d’Belegschaft vum Zuchthauslager Holzen – ongeféier 450 Gefaangen – op de Marsch geschéckt. No zwielef Deeg Irrwee duerch Mëtteldäitschland sollen nach 228 Männer den Zuchthaus Dreibergen bei Bützow erreecht hunn. Hei goufen se den 3. Mee vun der Rouder Arméi befreit. D’Zuel vun den Doudegen soll bei 200 geleeën hunn. Ënnert den 21 Doudegen, deenen hiren Numm bekannt ass, ware dräi Hollänner, fënnef Belsch a véier Lëtzebuerger. Zwielef weider Affer, dorënner Hollänner a Belsch, sinn ouni Numm bliwwen.

Wéi duerch e Wonner huet de Jean-Pierre Bossaert dëse Leidenswee iwwerlieft an den 18. Mee 1945 huet de „Commissariat au Rapatriement“ gemellt, datt „J-P Bossaert aus Eischen wuel a monter“ zu Eschershausen fonnt gouf.

De Jean-Pierre Bossaert zu Äischer

Escher Tageblatt vum 15.02.1943

Modell vum Lager Holzen am Hils, wou de Jean-Pierre Bossaert internéiert war

Escher Tageblatt vum 18.05.1945

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› EU-Projekt: Bürger aus den Benelux-Staaten als NS-Verfolgte im Zuchthaus Hameln 1942-1945
› Escher Tageblatt
› Bundesarchiv Berlin

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.