Kautebaach am Krich
Ëmsidlungen, eng zerstéiert Kierch, gesprengte Brécken an en ofgestierzte Bomber: Kautebaach gouf am Zweete Weltkrich schwéier getraff – an huet sech no 1945 nees opgebaut.
Am Mäerz 1941 gëtt d’Gemengeverwaltung vu Kautebaach opgeléist an d’Uertschaft der Amtsbürgermeisterei Wolz ënnerstallt. Nom Generalstreik am August 1942 gi Leit mat „onzouverlässeger Gesënnung“ ëmgesidelt. Zu Kautebaach sinn dat de Mathias Bantz, de Michel Gottal, d’Suzanne Gottal-Frederes, d’Marguerite an d’Lucie Gottal. Obwuel hie selwer net betraff ass, léisst den Alex Gengler, de Verlobte vun der Marguerite Gottal, sech fräiwëlleg verhaften, fir seng Verlobt net eleng ze loossen.
Den 10. Juli 1943 gëtt de Befeel fir d’Ëmsidlung vun de Familljen vun Deserteure vun der Wehrmacht erlooss. Zu Kautebaach sinn dat d’Famillen Aubart, Kneip an Zeyen. Aner Kautebaacher ‒ de Michel Aubart, den Anton Heischburg, de Jean-Baptiste Laplanche an den Henri Hiertz ‒ sinn schonn a Prisongen internéiert. Véier Persoune ginn an e Konzentratiounslager bruecht: de Michel Aubart, d’Helène Hiertz, de Jean Laplanche an d’Suzanne Schartz. Déi lescht kënnt an d’KZ-Baussenlager Eberswalde, wou se Zwangsaarbecht leeschte muss a stierft. Siwe weider Beamten an Aarbechter aus Kautebaach, déi sech enger Kollaboratioun verweigeren, ginn an den Déngscht vum Räich gestallt.
Am September 1944 gëtt Lëtzebuerg befreit, de Krich schéngt eriwwer. Op d’Freed follegt d’Ernüchterung, well de 16. Dezember 1944 fänkt d’Ardennenoffensiv un. Wéi d’Kautebaacher Schoulkanner de 16. Dezember heem ginn, stinn d’Erwuessener a Gruppen zesummen: „Si kommen iwwer d’Our, si sinn net méi wäit …“ De Sonndeg dann d’Noriicht, datt däitsch Zaldoten zu Holztem wieren. GIs marschéiere vu Kautebaach op Konstem. D’Leit vun Holztem, Konstem a Schlënnermanescht flüchte virum Donner vun de Kanounen.
Bal all d’Leit vu Kautebaach schléisse sech hinnen un. Nëmme ronn zwielef Persoune bleiwen zeréck.
De 17. Dezember marschéieren däitsch Zaldote vum 14. Fallschiermjägerregiment vun der 5. Fallschiermjägerdivisioun vu Süden aus Richtung Gëbelsmillen laanscht d’Bunn an d’Uertschaft an. Si huelen d’Gare an, huelen de Garechef gefaangen, gesinn iwwerall Verrot a plënneren seng Reserven. Duerno zéie se mat hire Päerd an d’Duerf.
Déi amerikanesch Zaldote vum 103rd Medical Battalion mussen hire Verbandsplaz zu Kautebaach fluchtaarteg verloossen. Wéi de Lieutenant Daniel B. Strickler a seng Männer sech den 18. Dezember vu Konstem op Kautebaach zeréckzéien, wësse se net, ob de Feind Kautebaach besat huet an ob de Réckzuchswee op Wolz nach op ass. Wéi se zu Kautebaach ukommen, ass d’Duerf wéi ausgestuerwen.
Déi amerikanesch Zaldote ginn duerch d’Duerf a ginn op der Bréck vun däitschen Zaldoten, déi aus dem Tunnel virréckelen, ugegraff. Si kënnen den Ugrëff ofwieren, déi isoléiert Stellung zu Kautebaach awer net verteidegen.
D’Schoul gëtt zum Päerdsstall ëmfunktionéiert. Bis de Wiederopbau vun hirem zerstéierten Duerf ufänkt, mussen d’Flüchtlingen, déi heemkommen, an engem Bunker bei der Gare wunnen.
Chrëschtowend gëtt en Haus vun engem Fliger aus beschoss. Um Stiefesdag gëtt d’Kierch vun enger eenzeger Bomm zerstéiert. Den 28. Dezember kënnt en neien Ugrëff vu Bomber, bei deem de Schapp nieft der Schoul getraff gëtt.
Den 23. Januar 1945 iwwerquert dat 319th Regiment vun der 80th Infantry Division vun der US Army d’Wolz tëscht Mäerkels a Kautebaach an hëlt de 24. Januar Kautebaach an. Nodeems se d’Brécke gesprengt hunn, zéien déi däitsch Zaldote sech zeréck. Si bezéie Stellung um Duerfausgang an un de géie Hänk Richtung Konstem an huelen d’Uertschaft ënner Beschoss.
Der 18-jährige deutsche Frontsoldat Heinrich Koning berichtet: „Ich gehörte zum 2. Bataillon des 226. Regiments der 79. Volksgrenadierdivision. Um den 25. Januar geriet ich mit sieben Soldaten unserer Gruppe in Kautenbach in Gefangenschaft. Wir sollten den Rückzug der 79. Volksgrenadierdivision decken und befanden uns bei der Kirche in dem ersten Haus links des Weges nach Consthum. Zwei Pioniere, die gekommen waren, um Stolperminen zu legen, wurden sofort erschossen. Wir legten die Waffen nieder und kamen vorsichtig mit erhobenen Händen heraus. Wir wurden gefangen genommen und in einem großen Haus verhört …“
De 14. Januar gi ronn 70 Awunner vun Noocher gezwongen, hiert Duerf ze verloossen. Si wiere sech a probéieren mat alle Mëttelen ze bleiwen. Mä déi däitsch Zaldote kennen keen Erbaarmen. Vun der Héicht bis op Kautebaach sinn et ongeféier sechs Kilometer. Den Ofstig ass am Ufank liicht, mä de weidere Wee duerch d’Hecke ganz ustrengend: Déi al Leit, d’Fraen an d’Kanner rutschen aus, falen an de Schnéi, kauere sech um Stroossebuerd. Déi däitsch Zaldote dreiwen se un a géint 3 Auer moies erreecht de Grupp Kautebaach. Si siche Schutz am Garekeller, mä dee ass, wéi bal all d’Kelleren, iwwerfëllt. Schlussendlech fanne se e Keller bei der Baach. En ass äiskal a fiicht.
De Marsch soll eigentlech den Dag drop weidergoen. D’Gefaangener gi menacéiert an däerfen eréischt bleiwen, wéi sech sechs Männer bereet erklären, Schützegriewen auszegruewen. Sou liewen 70 Leit zwou Woche laang op engstem Raum an engem Keller zu Kautebaach. Fir esou vill Leit a Krichszäiten, an dann nach am Wanter, eppes z’iessen ze fannen, ass eng richteg Erausfuerderung. De 27. Januar kommen se hallef verhongert op Noocher zeréck, dat no de schwéiere Kämpf just nach e Trümmerfeld ass. Keng Liewensmëttel, keng Kleeder, keen richtegen Daach iwwer dem Kapp ‒ esou gesäit Misär aus.
Och zu Kautebaach fuerdert de Krich Affer ënnert der Zivilbevëlkerung. De 14 Joer ale Martin Mersch gëtt den 8. Januar no beim Haus Peysen vun engem Granatsplitter um Kapp getraff a stierft. De 40 Joer ale Pierre Wickler kann d’Ukonft vun de GIs kaum erwaarden. Mat engem wäisse Fändel kënnt hien aus sengem Versteck am Bësch a gëtt vun enger amerikanescher Kugel ëmbruecht. Den 28. Dezember gëtt e klengt Kand gebuer, dat u Kält stierft.
An der Nuecht vum 2. op den 3. Februar stierzt e véiermotorege engleschen Bomber ongeféier 100 Meter vun der Schoul of. D’Wucht vun der Explosioun ass enorm a mécht nach méi futti. Siwe Briten kommen ëm d’Liewen. D’Trümmer vum Fliger leie verstreet an de Gäert tëscht der Klierf an der Duerfstrooss.
Während der Rundstedt-Offensiv brennen zwee Haiser komplett aus, véier ginn zerstéiert, dräi onbewunnbar. Am ganzen Duerf si Fënsterschäiwen an Diecher beschiedegt. Vun der Kierch steet just nach den Tuerm, d’Klacke ruffen och am schwéieren Joer 1945 nach zum Gebiet. Enn Januar 1945 sprengen déi däitsch Truppen op hirem Réckzuch all d’Eisebunnsbrécken op der Streck Kautebaach-Wolz.
Schonn kuerz no Krichsenn fänkt de Wiederopbau vun der schwéier getraffener Uertschaft un. Den 2. Mee 1945 besicht d’Groussherzogin Charlotte dat zerstéiert Kautebaach, fir sech e Bild vun der Lag ze maachen an der Bevëlkerung Courage ze ginn. Nach am selwechte Mount gëtt déi gesprengte Bréck iwwer d’Wolz nees opgebaut. Den 23. Juni 1945 fiere rëm Zich tëscht Kautebaach a Wolz.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› Biller aus der Gemeng Kautebach 1991
› De Cliärrwer Kanton - Erzählungen von Frau Wagener-Weis Marthe
› The National Archives and Records Administration (NARA)
› Websäit Aircrew Remembered






