Lancaster NG119-UL-D
An der Nuecht vum 2. op den 3. Februar 1945 ass de britesche Lancaster-Bomber NG119 während engem Ugrëff op Wiesbaden iwwer Kautebaach ofgestierzt. Keen un Bord huet iwwerlieft.
An der Nuecht vum 2. op den 3. Februar 1945 stierzt e véiermotorege engleschen Bomber matzen zu Kautebaach, ongeféier 100 Meter vun der Schoul ewech, of. D’Wucht vun der Explosioun ass enorm a mécht zu Kautebaach vill futti. Wat war geschitt?
E Geschwader vu 495 Lancaster an 12 Mosquitos war um Wee op Wiesbaden an Hessen (DE). De Bomberverband war um 21.28 Auer vun der Royal Air Force Station (RAF) Fiskerton a Lincolnshire (GB) gestart.
Trotz enger kompletter Wollekendecke hunn déi meescht Bommen d’Stad getraff. D’Alliéiert hunn 889 schwéier Bommen, 29 Minnebommen an 26.500 Stabbrandbomme gehäit. 516 Wiesbadener hunn alleng an där Nuecht hiert Liewe verluer, 28.000 goufen obdachlos. 520 Haiser an ongeféier 30 aner Gebaier goufen zerstéiert, 400 Haiser a 50 aner Gebaier schwéier beschiedegt.
Dobäi hat d’Landeshaaptstad an deem Wanter, e puer Méint virum Krichsenn, onheemlecht Gléck am Ongléck: Déi britesch Truppen hunn nëmmen eng Handvoll Opklärungsfligeren agesat. Déi hunn net genuch Markéierungsbomme gehäit, an d’Stad louch ausserdeem ënner enger décker Wollekendecke. Doduerch waren d’Ziler fir déi britesch Fliger net kloer ze erkennen an d’Bomme goufen staark iwwer d’Stad an d’Ëmgéigend verstreet.
Während dem Asaz sinn 12 Lancaster verluer gaangen: 3 duerch Flakträffer, 3 duerch Kollisiounen, eng Maschinn gouf no engem Motorbrand opginn, eng ass mat engem Motorschued zeréckkomm an ass bei der Landung ofgestierzt. Weider 3 Maschinne sinn aus onbekannte Grënn iwwer Däitschland ofgestierzt. D’Lancaster NG119 ass och verluer gaangen an aus onbekannte Grënn bei Kautebaach ofgestierzt, do, wou d’Wolz an d’Klierf zesummefléissen. Bei dem Ofstuerz sinn all siwe Besatzungsmemberen ëm d’Liewe komm. Si hunn zur 576 Squadron vun der Royal Air Force gehéiert a leien haut um Krichskierfecht zu Hotton an der Belsch. D’Trümmer vum Fliger leie verstreet an de Gäert tëscht der Klierf an der Duerfstrooss.
D’Lancaster NG119 huet 37 Asätz geflunn an ass beim 38. verluer gaangen. Fir d’éischt gouf se vum F/O C F Phripp RCAF a senger Besatzung den 23. an 24. September 1944 op Neuss geflunn. D’NG119 war de Stammfliger vum F/O K A Moore a senger Besatzung, déi se 24 Mol op Asätz geflunn hunn.
D’Besatzung vun der Lancaster NG119-UL-D war wéi follegt zesummegesat:
Numm | Grad | Nummer | Positioun |
|---|---|---|---|
Melvin Douglas Groundwater | Pilot Officer | 187136 | Fluchingenieur (Flight Engineer) |
Henry John Knightbridge | Flight Sergeant | 1385209 | Funker (Wireless Operator) |
Gordon Lester | Sergeant | 1818761 | Bordschëtz (Mid-upper Gunner) |
Henry John O’Connor | Flying Officer | 154742 | Bommeschëtz (Bomb Aimer) |
Herbert Walter Porter | Sergeant | 1685119 | Navigator |
Richard Christopher Sowerbutts | Flying Officer | 179187 | Pilot |
Ronald Ernest Streatfield | Sergeant | 1809414 | Heckschëtz (Rear Gunner) |
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› Biller aus der Gemeng Kautebach 1991
› De Cliärrwer Kanton - Erzählungen von Frau Wagener-Weis Marthe
› Websäit Aircrew Remembered
› Websäit RAF Commands



