Pënsch am Krich
Kämpf um Bockholzer Kierfecht, en eidelt Duerf an e Paschtouer, deen bis zum Schluss bei senge Leit bliwwen ass: Pënsch an den däischtere Woche vun der Ardennenoffensiv 1944/45.
D’Ardennenoffensiv, och Rundstedt-Offensiv genannt, ass de leschte Versuch vum Drëtte Räich, de westallierte Kräften eng grouss Néierlag bäizebréngen. De 16. Dezember um 5.30 Auer fänkt déi däitsch Offensiv iwwerraschend mat engem 90-minuttege Virbereedungsfeier aus iwwer 1.600 Kanounen un.
Den Haaptquartier vum 707th Tank Battalion ass zu Wëlwerwolz, während d’Company B zu Pënsch läit. De Moien vum 16. Dezember 1944 gëtt den éischten Zuch vun der Company B op Bockholz verluecht an den zweeten Zuch bezitt Verteidegungsstellungen ëm Pënsch. Den drëtten Zuch kënnt géint 15.30 Auer zu Houschent un.
De 16. Dezember iwwerquert déi 26. Volksgrenadierdivisioun bei Gmünd d’Our a dréngt ‒ ënner Ëmgoe vu staarken amerikanesche Stellunge bei Housen a Konstem ‒ duerch d’Bëscher bis an de Klierfdall vir. An engem nuechtlechen Iwwerraschungsugrëff ginn Draufelt, Wëlwerwolz an Alschent ageholl, de 17. Dezember gëtt bei Draufelt d’Klierf iwwerschratt.
E Samschdeg, de 16. Dezember 1944, ass de Bockholzer Kierfecht Schauplaz vu hefteg Kämpf. Amerikanesch Panzere fuere vu Pënsch op Bockholz erop. Nomëttes kënnt e Panzer mat engem duerchschossenen Tuerm zeréck. En Zaldot mat engem Schoss am Réck gëtt an der Schoul noutversuergt. Hie kritt d’Stierfsakramenter a gëtt mam Rout-Kräiz-Won ewechbruecht. Alles virun den entsaten Ae vun de verängschtegten Duerfleit! De Sonndeg ass Héichamt, an de Paschtouer Schmit probéiert, d’Leit vu Lellgen a Pënsch ze berouegen. Vu Wëlwerwolz sinn och e puer komm, vun Äischer keen.
Dunn d’Noriicht, d’Wehrmacht wier zënter dem fréie Moien zu Siwwenaler. Nomëttes verléisst déi ganz Bevëlkerung d’Duerf ‒ nëmmen de Paschtouer a sechs Persoune bleiwen zeréck. Owes am Däischteren réckelen d’Däitsch no engem kuerze Feiergefecht zu Pënsch an. Den ale Johann Michels gëtt spéider dobaussen virum Duerf erschoss fonnt.
E Mëttwoch mécht sech eng Famill vu Siwwenaler op de Wee op Pënsch, fir hiert Véi ze versuergen: Vill Haiser leien a Trümmer an d’Mauer beim Paschtoueschhaus gouf vu Panzeren zerstéiert. D’Amis sinn ewech, d’Leit aus dem Duerf sinn ewech. Tëscht den Zaldote vun der Wehrmacht steet a senger breeder, wallender Pelerine de Paschtouer Schmit a freet sech, d’Parmembere vu Siwwenaler ze gesinn.
Am Café Weiler hält eng Famill vun Esch-Uelzecht aus: Papp, Mamm an hiert 10 Joer aalt Kand. Si hate sech zu Bockholz mat Liewensmëttel versuergt a wollten op Esch zeréck. D’Elteren ginn duerch Handgranaten ëmbruecht, d’Kand iwwerlieft. Den Donneschdeg, 21. Dezember, ginn se um Kierfecht zu Pënsch begruewen. De Schräiner huet nach Säerg op Lager, mä fir d’Begriefnes ass de Paschtouer Schmit op sech eleng gestallt. De Nicolas Blackes vu Siwwenaler bitt him seng Hëllef un an d’Säerg ginn op enger Kar bei d’Graf bruecht, dat virdru vun engem russesche Krichsgefaangene gegruewe gouf. Well de Russ hongereg ausgesäit, bitt de Nicolas Blackes him en Apel un. Laachend refuséiert hien. Ze grouss ass seng Angscht virun den däitschen Zaldoten, déi dobäi stinn.
Fënnef Deeg méi spéit kommen déi éischt Awunner zeréck. Vill Jonge feelen. Chrëschtdag geet dat ganzt Duerf bichten an de Paschtouer Schmit hält déi üblech dräi Massen ‒ déi lescht mat siichtbarer Ustrengung. Et soll säi leschte Wee an d’Kierch sinn … No enger kuerzer Krankheet stierft hien den 29. Dezember. D’Stierfsakramenter gëtt him de Paschtouer vu Housen, Jos Weber, deen op Äischer evakuéiert ass.
Bei engem Besuch vum Nicolas Blackes hat de kranke Geeschtlechen de Wonsch geäussert, zu Pënsch begruewen ze ginn, do, wou hien e Véierel vun engem Joerhonnert geschafft hat. D’Begriefnes ass um Neijoerschdag. De Paschtouer Weber an de Kaploun Albert Thilges vun Draufelt an aacht Leit aus dem Duerf ginn him dat lescht Geleet. Och däitsch Zaldote sinn um einfache Begriefnes dobäi.
Den 13. Januar gëtt den Henri Klein, Papp vun dräi Kanner, vu Granatsplitteren schwéier blesséiert, wéi hien a sengem Elterenhaus den Zaldote beim Kaartespillen nokuckt. Hie stierft am däitsche Frontlazarett, dat an der Kierch vun Draufelt ageriicht ass, a gëtt zu Pënsch begruewen.
De 24. Januar gëtt Pënsch vun der amerikanescher Artillerie beschoss. D’Schoul an zwee Haiser ginn zerstéiert, vill Wunnhaiser an den ieweschten Deel vum Kierchenaltor beschiedegt.
An der Nuecht op de 25. Januar maachen d’Däitsch aus dem Kierfecht eng Stellung: Fiichte gi gefaalt, Schéissscharten an d’Kierfechtsmauer gebrach an am Tuerm vun der Donatuskapell e Wuechtposte ageriicht.
De 24. Januar réckelt dat 317th Regiment vun der US Army zu Alschent an Äischer an. De 25. Januar iwwerquert et d’Klierf bei Wëlwerwolz, a Pënsch gëtt nach deeselwechten Dag ageholl.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg
› United States Army Action Reports
› The National Archives and Records Administration (NARA)
› Jean-Marie Boumans – Fotoen




