D’Donatusmonument
Op der Héicht tëscht Mäerkels an Alschent steet zënter 1934 d’Donatusmonument mat sengem Mosaik, deen een vu wäitem gesäit – en Zeie vun der Veréierung vum Wiederhellegen am Kiischpelt.
Zu Lëtzebuerg geet d’Veréierung vum hellegen Donatus op de Grof Lannoy vu Klierf zréck, deen 1712 bei de Jesuiten zu Münstereifel ëm eng Reliquie vum Hellege fir seng Schlasskapell gefrot huet. Duerno koumen Arel 1738, Fiels 1743, Pënsch 1748, Alschent 1934 a vill aner Uertschaften.
D’Par Pënsch (Kiischpelt) huet hir Reliquie 1748 kritt. Si gouf an engem schéine Reliquiar opbewaart, deen héchstwahrscheinlech vum Veianer Goldschmatt Franz Carl Felsenhart (ca. 1701‒1782) gemaach gouf. Am selwechte Joer gouf eng Donatusbridderschaft mat ville Memberen gegrënnt an déi ganz Par ‒ ëmmerhin néng Dierfer ‒ ënner de Schutz vum beléifte Helleg gestallt. Fir déi éischt Honnertjoerfeier huet de Paschtouer Nic. Dernoeden (1843‒1876) beim haitege Kierfecht zu Pënsch eng Donatuskapell bauen gelooss.
D’Initiativ fir en Donatusmonument opzeriichten, koum vum Mäerkelser Paschtouer Aloyse Krier.
De Kënschtler Jos Sünnen, dee vun der Musel stamt, huet dem Paschtouer Krier bei engem Besuch de Projet fir en Donatusmonument presentéiert. Eigentlech wollt hien e Monument tëscht Réimech a Bech-Maacher opriichten, mä de Mäerkelser Paschtouer huet him virgeschloen, de Projet a senger Par ze realiséieren, well d’Par Pënsch, zu där Mäerkels fréier gehéiert huet, zënter zwee Joerhonnerten enk mat der Donatusveréierung verbonne war. Den Entworf vum Mosaik ass och vum Jos Sünnen, ausgefouert gouf en vun der Firma Richard Grasser aus Düsseldorf. Ronn sechs Woche laang gouf drun geschafft, de Mosaik aus 25.000 Steercher zesummenzesetzen. D’Steng kommen zu engem Drëttel aus Italien an zu engem Drëttel aus Däitschland, de Rescht si Konschtsteng. Gebaut gouf d’Monument vun der Firma Brauch aus Wolz mat Steng aus dem Mäerkelser Steebroch.
Den ënneschten Deel huet d’Form vun engem Altor a moosst siwe Meter. Op dësem Altorsockel stinn véier matenee verbonne Säulen, siwe Meter héich, gekréint vun engem zwee Meter héije Bronzekräiz. Op der Säit vir ass en dräi Meter héije Mosaik vum Hellegen ze gesinn, dernieft d’Inscriptioun ST DONATUS. Op der Récksäit befënnt sech e Chronogramm, eng laténgesch Inscriptioun, déi d’Baujoer ugëtt.
D’Aweiung vun der Donatussail op der Grenz tëscht Mäerkels an Alschent war den 26. August 1934. Géint 15 Auer huet sech de Festzuch an der eenzeger Stroosse vum Duerf formatéiert, begleet vun de flotte Kläng vun der Musekgesellschaft vun Nidderwolz. Vun den Trapen um Monument aus huet de Schäffe J. Wenkin vu Mäerkels Dausende Pilger an Éierengäscht begréisst. D’Aweiungsried huet de Vertrieder vun der Kommissioun fir Konscht an Denkmalfleeg, den Éiereprofesser Klein, vun der Steekanzel aus gehalen: „Den Naturgewalten war man auf der Höhe mehr ausgesetzt als im Tale. Da schaute sich das Volk um nach Hilfe. Es wählte sich bestimmte Heilige als mächtige Fürsprecher am Throne Gottes. Besonders stark schien unsern Vorfahren der heilige Donatus zu sein. Ihn wählte man zum Schutzpatron in den Gegenden, die beim Blitz am meisten ausgesetzt sind. Hier finden wir Reliquien, Statuen, Denkmäler vom hl. Donatus, — das neueste und schönste Denkmal dieser Art aber werde ich in diesem Augenblick vor euch enthüllen …“
Duerno koumen d’Lidder vum Kierchechouer vu Pënsch, vum Männerchouer vu Wëlwerwolz a vum gemëschte Chouer vun Dol, deen eng Donatuskantat gesongen huet, dozou musikalesch Stécker vun der Musekgesellschaft vu Wolz a Gedichter an der schéinster Ofwiesslung – an all hunn de verdéngten Applaus kritt.
Duerno huet den Émile Reuter, President vun der Lëtzebuerger Chamber, beandrockend Wierder fonnt: „Denkmäler sind Ausdruck des Volkscharakters. Sie sind Ausdruck des Glaubens und der Hoffnung, die in einem Volk leben und wirken. Bei uns Luxemburgern findet man keine militärischen Denkmäler. Unsere Denkmäler sind aus Dankbarkeit und Freude an heimatlicher Kunst und Dichtung entstanden. Sie sind ein Bekenntnis zu unseren nationalen Traditionen.
Dieses Donatusdenkmal soll auch ein Kulturdenkmal sein ‒ auf felsigem Grund errichtet, soll es ein steinernes Gebet sein. Der tiefe Sinn, den das Denkmal ausstrahlt, ist der Glaube und das Gottvertrauen der Ardenner, der Luxemburger Bauern … Der Donatusstein erhebt sich zum Himmel als Denkmal unseres national-religiösen Charakters und unserer unverbrüchlichen Treue zu Gott, Heimat und Vaterland.“
Duerno gouf d’Monument vum Paschtouer Hartmann, assistéiert vun zwee Paschtéier aus der Noperschaft, kierchlech geseent.
Den Donatus aus Mosaiksteng trotzt bis haut net nëmmen dem Wieder, mä hien huet och den Zweete Weltkrich ouni Schued iwwerstanen. Fir ze verhënneren, datt d’Eisebunnsbrécke gesprengt goufen, haten d’Amerikaner während der Ardennenoffensiv op der Alschenter Héicht Panzere gesammelt, déi vun do aus Richtung Klierf virgeréckelt sinn. 1977 huet de Lëtzebuerger Glasmoler a Mosaikkënschtler Gustave Zanter de Mosaik restauréiert, deen am Laf vun de Joren ënner dem Wieder gelidden hat.
D’Donatusfest mat enger Prozessioun bei d’Monument ass all Joer um zweete Sonndeg am Juli. Ronderëm d’Monument huet d’Gemeng eng Anlag wéi e klenge Park ugeluecht an 1989 hei en „Onofhängegkeetsmonument“ opgeriicht.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Nicolas Bosseler - Kautenbach, Merkholtz, Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte
› Heimatkundliche Blätter Aachen Brand 13 (2002), S. 56-91
› Artikel Luxemburger Wort (29.08.1934)




