D’Donatuskapell

Fir d’Honnertjoerfeier vun der Donatusbridderschaft 1848–49 gebaut, gouf d’Kapell beim Pënscher Kierfecht zum Zentrum vun der Veréierung vum Wiederhellegen am Kiischpelt an doriwwer eraus.

D’Ufäng vun der Donatusveréierung am Éislek an an der Eifel ginn méi wéi 300 Joer zréck. Deemools waren d’Leit den Naturgewalten ouni Schutz ausgeliwwert. Wann am Summer schwéier Donnerwiederen mat Blëtz an Donner iwwer d’Dierfer gezunn sinn, Haiser a Schäieren a Brand gestach, d’Som zerstéiert a vläicht Mënsch oder Déier ëmbruecht hunn, stoungen se dacks hëlleflos do. Och am Kiischpelt gouf et hefteg Donnerwiederen, déi Feier a Schied bruecht hunn. An hirer Nout hunn se den neie Wiederhellegen Donatus ugeruff.

1646 gouf an de Katakomben vu Sankt Agnes zu Roum d’Graf vum Märtyrer Donatus entdeckt. Näischt huet op e Wiederhellegen higewisen. Fir hir nei gebaute Kierch kruten d’Jesuiten zu Münstereifel grouss Deeler vun de Reliquien. Dës Iwwerféierung huet d’Veréierung an d’Uruffe vum Helleg géint Blëtz an Onwieder begrënnt. D’Buch „Geistlicher Blumenwald“ vun 1720 bericht vun enger Begebenheet, déi d’Donatusveréierung am Norde vu Lëtzebuerg ausgeléist huet: Zu Wäiswampech ware Männer an der Kierch fir d’Wiederlauden, anerer stoungen ënner dem Viirdach, fir se ofzeléisen. Du huet de Blëtz ageschloen ‒ d’Männer hunn den hellegen Donatus ugeruff a sinn onverletzt bliwwen.

Wäiswampech war déi éischt Donatuspar zu Lëtzebuerg. 1712 krut de Grof vu Klierf eng Reliquie vum Märtyrer fir seng Schlasskapell, 1748‒49 d’Par Pënsch eng Donatusstatu an en Donatusfest mat Reliquie a Bridderschaft. De Paschtouer Strevel huet d’Reliquie vum Grof vu Klierf kaaft an 1748 d’Donatusbridderschaft gegrënnt. Si hat en héije Respekt a Membere vun 264 Uertschaften. D’Reliquie vun der Par Pënsch (Kiischpelt) gouf an e schéine Reliquiar gefaasst, deen héchstwahrscheinlech vum Veianer Goldschmatt Franz Carl Felsenhart (1701‒1782) gemaach gouf.

D’Statu vum Helleg weist e stolze réimeschen Zaldot mat engem Bëndel Blëtzer an der Hand, heiansdo och mat engem Palmzweig an engem Schwäert. Ursprénglech gouf d’Fest zu Pënsch um drëtte Sonndeg am Oktober gefeiert, spéider gouf et op de Sonndeg no Fronleichnam verluecht. Fir déi éischt Honnertjoerfeier 1848‒49 huet de Paschtouer Nic Dernoeden e Gelübd ofgeluecht an eng Kapell bauen gelooss.

Dës gouf zum Zentrum vun der Donatusveréierung am Kiischpelt an doriwwer eraus. D’Pareien aus der Géigend, zum Beispill Eschweiler a Knapphouschent, sinn a Prozessiounen op Pënsch gezunn, fir de Schutz vum Helleg ze erbieden. Dobäi hunn se Donatuszettelen un d’Reliquie gehaangen an se op senge Festdeeg verdeelt. Den Donatus gouf deen neien Helleg, den neie Patroun vu Pënsch, an huet den hellege Maximin verdrängt.

Well de Kierfecht nieft der Parkierch ze kleng gi war, gouf 1879 ënner der Leedung vum Paschtouer Jean-Baptiste Fallize en neie Kierfecht nieft der Kapell ugeluecht. En Uelegbild vum Helleg zéiert den Altor an der Donatuskapell.

Nieft der Kapell gouf 1879 ënner dem Paschtouer Jean-Baptiste Fallize den neie Kierfecht ugeluecht. De Kierfecht bei der Parkierch war ze kleng ginn

En Uelegbild vum Helleg zéiert den Altor an der Donatuskapell

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Jean-Claude Muller - Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt (2011)
› Heimatkundliche Blätter Aachen Brand 13 (2002), S. 56-91

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.