D’Elsenskapell

Op hallwem Wee tëscht Äischer a Pënsch stinn d’Elsenskapell, e Merci vun der Famill Elsen fir hir Nokommen, an dat geheimnisvollt Hëpperbamskräiz vun 1814 vis-à-vis vuneneen.

Op hallwem Wee tëscht Äischer a Pënsch, do wou d’Stroossen „A Geeswenkel“, „Op der Forzel“ an „Um Aecker“ sech kräizen, steet d’„Elsenskapell“ an hir vis-à-vis d’„Hëpperbamskräiz“.

D’Elsenskapell gouf an der éischter Hallschent vum leschte Joerhonnert vun der Famill Elsen gebaut, déi de Bauerenhaff „Stoppleschhaff“ zu Äischer bewirtschaft huet. De Michel Elsen (1893‒1987) huet d’Kapell als Bitt an als Merci bauen gelooss, fir datt den Härgott him Nokommen schenke géif. Seng Duechter Irène Turmes-Elsen huet d’Kapell 1988 dem lokale Syndicat d’Initiative iwwerginn, deem se haut nach gehéiert.

Um Kiermessonndeg gëtt zënter Joerzéngten e Kierchefest bei der Elsenskapell gefeiert.

Eng Statu vum Donatus, dem éischten Helleg vun de Kiischpelter, gëtt op de Schëllere vun der Parjugend vun der Kierch bei d’Elsenskapell an dovun aus bei d’Donatuskapell um Kierfecht gedroen. Souwuel an der Elsenskapell wéi och an der Donatuskapell gëtt de sakramentale Seen gespent.

Nodeems den Zänn vun der Zäit laang un der Kapell genot hat, krut se viru Kuerzem en neien Ustrach. Haut sinn an der Kapell dräi Hellegen: den hellegen Antonius, den hellegen Hubertus an d’Muttergottes. Interessant ass d’Odyssee vun de Statuen: Si goufe virun e puer Joer geklaut an un der Our erëmfonnt. Haut stinn se nees op hirer Plaz an invitéieren d’Wanderer zum Gebiet.

Vis-à-vis vun der Kapell steet d’„Hëpperbamskräiz“, e Weekräiz aus Lee. De Gedenksteen weist de gekräizegte Jesus a seng Mamm Maria an dréit d’Inscriptioun „Zu Ehren Gottes – Durch Estges von Wilwerwiltz – von Michel Schwinnen – 1814“.

Den Henri Blackes, Paschtouer a Historiker aus Siwwenaler, huet 1972 seng Fuerschungen iwwer d’„Hëpperbamskräiz“ publizéiert, eng Verballhornung vu „Hölper Pauls Kreuz“. De Paul Holper war an der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert Inhaber vun der Vogtei Holper zu Wëlwerwolz, déi dem Schlass Klierf ënnerstallt war. Ass him hei en Ongléck geschitt oder hunn seng Ierwen an Nokommen an der Vogtei Holper him zu Éieren op dëser Plaz e Gedenkkräiz opgeriicht? Den Urspronk vum Kräiz ass net kloer.

Nieft dem „Hëpperbamskräiz“ gouf e Bam geplanzt an eng Raschtplaz ugeluecht, déi alued, fir e bëssen ze verweilen.

Déi nei renovéiert Elsenskapell

D’„Hëpperbamskräiz“ vis-à-vis vun der Kapell

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Jean-Claude Muller - Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt (2011)
› Henri Blackes - Nachforschungen über das „Hëpperbamskräiz“ (1972)

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.