D’Hexekapell

D’Hexekapell um Agank vu Mäerkels erënnert un d’Hexeverfollegungen aus dem 16. a 17. Joerhonnert an un d’Affer, déi hei verbrannt solle gi sinn.

D’Hexeverfollegungen aus dem 16. a 17. Joerhonnert hunn am Gebitt tëscht Maas a Musel, also an den Herzogtümer Lothringen a Lëtzebuerg, am Kurfürstentum Tréier an an den Härschaften aus der Eifel, besonnesch vill Affer gefuerdert.

E Mann, deen 1590 als Hexemeeschter higeriicht gouf, huet a sengem Geständnes gesot, datt d’Muecht vun den Däiwelsdénger nëmmen duerch vill Gebiet, Klackelauden an Hexeverbrennunge kéint gebrach ginn.

Am Hexenhammer, dem Standardwierk vun der Hexeverfollegung, heescht et: „Also schlecht ist das Weib von Natur, da es schneller am Glauben zweifelt, auch schneller den Glauben leugnet, was die Grundlage für die Hexerei ist.“ A well „dem Teufel von Gott größere Hexenmacht über den Beischlaf als über andere menschliche Handlungen gegeben wird“, misst ee sech besonnesch virun de Frae virsinn – schliisslech géif bei hinnen „alles aus fleischlicher Begierde, die bei ihnen unersättlich ist“ geschéien.

D’Schaacken- oder Hexekapell um Agank vu Mäerkels bezeechent nach haut d’Plaz, wou vermeintlech Hexen ëffentlech verbrannt goufen. Hexen, Männer wéi Fraen, goufe vum Wolzer Héichgeriicht zum Doud um Brennhaufen verurteelt an higeriicht.

Am Buch „Le pays et la franchise de Wiltz“ vum Franz N. Peffer steet:
Op enger Héicht zu Mäerkels goufen 49 Fraen a Mammen, déi vun Hexerei ugeklot waren, op engem risege Brennhaufen verbrannt. Laang Joren huet en aalt, verwiddert Holzkräiz un dës barbaresch Hiriichtung erënnert. Eng Witfra aus dem Duerf huet op dëser Plaz op hir Käschten eng Kapell bauen gelooss: d’Hexekapell. D’Bauhärin kéint d’Witfra Mathieu aus dem Schaackenhaus gewiescht sinn.

Ob dës Hexeverbrennung wierklech stattfonnt huet, ass net beluecht; et ass just gewosst, datt an der Härschaft Wolz 1614 dräi an 1615 zwou Persoune vun Hexerei ugeklot an higeriicht goufen.

Och de sougenannten „Hexentuerm“ am ëstlechen Deel vum Wolzer Schlassgaart erënnert un déi däischter Zäiten. No der Sage goufen hei Fraen, déi vun Hexerei ugeklot waren, bis zu hirer Veruerteelung agespaart. Duerch déi eenzeg Fënster vum Verlies konnte se d’Brennhaufen op der Mäerkelser Héicht vis-à-vis gesinn, wou d’Hiriichtunge stattfonnt hunn.

D’Kapell steet nach haut an erënnert un d’Hexeverfollegung viru ronn 400 Joer. Eng aner Sage verzielt, datt am Ëmkrees vu 50 Meter ronderëm d’Kapell e Schatz begruewe soll sinn …

D’Hexekapell zu Mäerkels

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Nicolas Bosseler - Kautenbach, Merkholtz, Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte
› Franz N. Peffer - Le pays et la franchise de Wiltz
› www.wiltz.lu - Historesch Gebaier

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.