D’Kapell zu Lellgen
D’Kapell um Ufer vun der Klierf, dem Apostel Péitrus geweit, iwwerrascht mat hirem ongewéinleche Grondrëss, Statuen aus dem Spéitmëttelalter an engem Triptychon vun der Margot Reding.
D’Kapell um Ufer vun der Klierf huet eng besonnesch Form. Si besteet aus engem nidderegen Chouer mat engem Tonnegewölf an dovir engem däitlech méi héije Querschëff, dem säi Grondrëss un eng Ellips erënnert. E Laangschëff gëtt et net.
D’Gebai, dat wahrscheinlech a puer Etappe gebaut gouf an op deem säi Portal um Keilsteen d’Joreszuel 1806 steet, ass bannen gepräägt vu Bildwierker an deenen zwou Sakristeidieren mat Régence-Bandmotiver, déi den nidderegen Altoropbau anrumme.
Um Altor stinn Statue vum hellege Vinzenz vu Valencia an der helleger Luzia, déi aus dem Spéitmëttelalter staamt. Op der rietser Mauer ass eng Statu vum Apostel Péitrus, dem Patroun vun der Kapell.
Déi eenzeg Klack ass vun 1840 an dem hellege Johannes geweit. Am Wanter 2004/2005 gouf d’Kapell bannen restauréiert. D’Altorer goufen nei vergold a versëlwert an e ganz ausdrocksstaarke Kräizwee vum Charel Schmit opgestallt. E prächtegen Triptychon vun der Margot Reding huet d’Restauratiounsaarbechte gekréint.

