D’Kierch zu Äischer
Déi kleng Kierch am Klierfdall ass dem hellege Laurentius geweit a bewahrt rar Klacke vun 1921 an den „Äischer Däiwel“, eng barock Statu vum Äerzengel Michael.
Déi haiteg Filialkapell zu Äischer, am Klierfdall gelunn, gouf fir d’éischt 1635 an engem Visitatiounsbericht ernimmt.
D’Kapell, déi 1765 gebaut gouf, krut 1909 eng Bün an e Klacketuerm derbäi. Bis op d’Portal an den Tuerm steet se an der Traditioun vum ländleche Kierchebau aus dem 18. a fréien 19. Joerhonnert.
Hir haiteg kënschtleresch a liturgesch Ausstattung staamt aus de Jore vum Wiederopbau nom Zweete Weltkrich. Eenzel barock Elementer goufen an den neien Altoropbau integréiert. Historesch wäertvoll ass d’Tabernakeldier aus dem 18. Joerhonnert.
Déi zwou Klacke goufen 1921 vun der Klackegéisserei Stroemer zu Erfurt gegoss a sinn haut eng Raritéit, well bal all Stécker vun dëser Géisserei am Zweete Weltkrich zerstéiert goufen.
Patroun vun der Kierch ass den hellege Laurentius, Niewepatroun den hellegen Antonius mam Schwäin. Nieft dëse Statuen ass virun allem d’Statu vum Äerzengel Michael aus dem 18. Joerhonnert vu Bedeitung. Am Volleksmond heescht se „Äischer Däiwel“, well den Äerzengel iwwer dem Däiwel steet, deen sech wéi e Draach wënnt, an hie mam Schwäert menacéiert.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean-Claude Muller - Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt (2011)
› Abbé Henri Blackes - Geschichtsblatt des Kiischpelt
› Naturpark Our – Fotoen


