D’Kierch zu Kautebaach
Vum Gotteshaus aus dem 16. Joerhonnert bis zum Neibau no der Zerstéierung 1944: D’Kierch vum hellege Bernhard um Fiels erzielt déi bewegt Geschicht vu Kautebaach.
Dat klengt Gotteshaus gëtt 1570 an engem Tréierer Visitatiounsbericht ernimmt an ass dem Jakobus dem Eelere geweit, engem vun den zwielef Apostelen. Et hat een Altor an ee Kielech. Eemol am Mount gouf hei an der Woch eng Mass gefeiert. Fir eng Mass all Woch huet de Mönch Johann Reuter 1575 een Dahler a seng Akommes agedroen.
1601 huet de Mönch Marcus Ottler, Paschtouer zu Konstem a Member vum Trinitarierorden, eng Monstranz fir Kautebaach maache gelooss. De Sockel ass sechseckeg mat Waasserwellen an 18 Kauzekäpp, de Mëttelstéck pyramidefërmeg mat Klacken, driwwer eng Kuppel an eng Lanter, déi mat engem Deckel an engem Kruzifix ofschléisst.
An engem Bericht vun 1624 steet, datt de Paschtouer vu Konstem, Nic Scheneken, um Fest vum hellege Bernhard eng Mass gelies, eng Kollekt gehalen an eng Prozessioun duerch d’Duerf gefouert huet ‒ den hellege Jakobus schéngt deemools schonn an den Hannergrond geréckelt ze sinn. 1628 huet ee sech beklot, datt d’Parkanner net bei de Gottesdéngscht op Konstem géinge goen, an duerfir gouf eng Klack ugeschaaft, déi zum Gottesdéngscht zu Konstem ‒ a méiglecherweis och zu Pënsch ‒ geruff huet.
D’Kautebaacher Sankt-Anna-Wallfahrt huet hiren Urspronk am 17. Joerhonnert, wéi d’Leit vu Kautebaach an aus dem ganzen Herzogtum Lëtzebuerg ëmmer erëm vu Kricher a Seuchen, virun allem vun der Pescht, heemgesicht goufen. Zënter 1636 pilgeren d’Kautebaacher um Festdag vun der helleger Anna sangen a bieden an enger Prozessioun op Schlënnermanescht.
An deem Joer gouf et zu Kautebaach siwwenzéng Haiser, vun deenen nom Drëssegjärege Krich nëmmen nach aacht bewunnt waren. Zwee Joer méi spéit waren och dës verlooss. Kautebaach huet sech laang net vun dëser schwéierer Zäit erholl. Während dem Drëssegjärege Krich huet den Norde vu Lëtzebuerg vill gelidden. Keeserlech a friem Truppe sinn mordend, plënnerend a brandschatzend duerch d’Land gezunn. Déi éischt Massestëftung fir e Gottesdéngscht an der Kautebaacher Kierch geet op d’Joer 1697 zréck: eng Mass an der „Berentz Capell“ fir den Nikolaus Kneip a seng Nokommen.
Aus dem Visitatiounsbericht vun 1712 geet ervir, datt d’Kierch an engem gudden Zoustand war an datt hire Haaptpatroun den hellege Bernhard war. Kautebaach huet zënter jeeër ongeféier zu gläichen Deeler zu deenen zwou Pareie Konstem a Pënsch gehéiert an domat zu deenen zwee Bistümer Léck an Tréier. An de Parkierche vu Konstem a Pënsch goufe wichteg kierchlech Handlunge wéi Dafen, Hochzäiten a Begriefnisser gefeiert. Déi deemoleg Kierch stoung op Konstemer Gebitt, d’Gottesdéngschter, d’Wochemassen an d’Rousekranzgebieder goufen awer an der Filialkierch gehalen, ausser de Massen op den héije Feierdeeg.
En anere Visitatiounsprotokoll aus dem Joer 1729 ernimmt e Paschtouer zu Kautebaach. Hie soll vun all Haus an der Par all Joer zwee Brout kritt hunn. Am Duerf gouf et och eng Schoul an de Kaplon war wahrscheinlech gläichzäiteg och Schoulmeeschter. A sengem Testament vum 23. Mee 1730 huet den Nic Kipp, Kaplon zu Kautebaach, eng Wochemass an der Par Konstem an an der Kautebaacher Kapell gestëft. Am Visitatiounsbericht vun 1738 goufen d’Kautebaacher ermunnt, d’Parkierchen zu Pënsch a Konstem ze besichen, woubäi déi fréi Sonndesmass ausdrécklech nëmme fir Al, Krank an Hierden bestëmmt war.
Dat Akommes- an Ausgabeverzeechnes vun der Kapell, dat nach erhalen ass, fänkt den 19. Oktober 1752 un. Interessant sinn d’Kaf a Verkaf vu Bernardus-Kräizer: Wann een dës Kräizer ëmhänke géif, sollt d’„Bärendskränkt“ ‒ Krämp a Zockungen, virun allem bei Kanner ‒ geheelt ginn.
D’Kautebaacher Membere vun de Pareie Konstem a Pënsch hunn 1772 eng nei Filialkierch um Kierfecht gebaut. Deemools war de Peter Brachmann schonn zënter siwe Joer Kaplon. Dës zweet Kierch huet bis 1892 bestanen, wéi se och ofgerappt gouf. D’Reschter goufen och duerno nach als Kierfechtskapell benotzt. 1776 krut se eng Jubiläumsklack, déi zu Saarburg gegoss gouf an dräi Inscriptiounen huet. Dës Klack, déi haut nach am Gebrauch ass, huet en Duerchmiesser vu 67 Zentimeter, weit 180 Kilo an ass op den Toun D gestëmmt. Klacken haten deemools wichteg Funktiounen: Si hu fir de Gottesdéngscht geruff, der schaffender Bevëlkerung d’Zäit ugi a bei Feier a Krichsgefor gelaut.
1787 huet sech d’Kautebaacher Bevëlkerung bei den Autoritéiten dofir agesat, Kautebaach wéinst de grousse Distanzen op Konstem, Mäerkels a Pënsch zur Par ze maachen, well déi Doudeg bis dohin zu Konstem a Mäerkels hu misse begruewe ginn. Den éischte Paschtouer fir déi nei Par war schonn designéiert, mä et sollt net dozou kommen: Mam Amarsch vun den Zaldote vun der neier Franséischer Republik 1794 hunn d’Zäiten sech op ee Coup geännert. De Besëtz vu Kierchen a Klouschtere gouf versteigert, Statuen a Weekräizer zerstéiert, Klacken ewechgeholl, fir Munitioun fir d’Arméi ze maachen. Mat Lëscht an Tricken huet den deemolege Buergermeeschter Corneille Neumann, deen zu Kautebaach gewunnt huet, d’Jubiläumsklack gerett.
Siwe Joer méi spéit gouf e Konkordat tëscht dem Poopst an dem Napoleon Bonaparte ofgeschloss, an Lëtzebuerg huet vun do un zum Bistum Metz gehéiert. D’Kierchefabrécke goufe gegrënnt, de Buergermeeschter huet recommandéiert, Kautebaach zur Par ze maachen, an den 23. Mäerz 1808 gouf de Michel Schwartz als Paschtouer vu Kautebaach vereedegt. Déi nei Par hat 164 Gleeweger. D’Registere vun der neier Kierchefabréck fänken de 7. November 1811 un. 1833 gouf d’Paschtoueschhaus renovéiert a fënnef Joer méi spéit eng zweet Klack mat engem Duerchmiesser vun 91 Zentimeter an engem Gewiicht vun 210 Kilo ugeschaaft. Si gouf vum Honoré Perrin-Martin, engem vun de bedeitendste franséische Klackegéisser aus dem 19. Joerhonnert, zesumme mat sengem Partner Joseph Michel gemaach.
Zwanzeg Joer méi spéit waren de Paschtouer an de Kiercherot sech eens, datt de Kierfecht ze kleng gi war. Fir en ze vergréisseren, huet de Cornelius Schmit der Kierch e Gaardestéck nieft dem Kierfecht vu 16,5 x 11 Meter geschenkt. 1869 war dunn och déi bal 100 Joer al Kierch ze kleng. Ee Joer méi spéit huet de Baumeeschter Betz dem bëschéiflechen Ordinariat en Erweiderungsplang virgeluecht, dee 5.946,64 Frang kascht hätt.
Mä eréischt 1891 gouf de Bau vun enger neier Kierch Realitéit. Den Distriktsarchitekt J.-P. Knepper huet e Plang an en Devis vun 20.000 Frang gemaach. D’Steng fir den Neibau goufe vun de Leit aus der Géigend selwer an de Steebréch ronderëm gebrach a mat Kaarë bei d’Baustell bruecht. Zwee Joer méi spéit gouf déi nei Kierch vum Generalvikar B. Krier ageweit an déi al Kapell ofgerappt.
An Ulehnung un déi geeschteg Kultur vum Mëttelalter gouf déi nei Kierch mat engem Schëff am neigoteschen Stil gebaut. Duerno goufen nei Bänke kaaft, eng nei Bün agebaut, Beichtstill an zwee Uewen geliwwert. Aus der aler Kierch goufen d’Kauzekäpp-Monstranz, en Ziborium, d’Bernardus-Reliquie, e Reliquiar an déi zwou Klacken iwwerholl. Och de Bëschof Petrus Nommesch huet d’Kierch bei sengem Besuch den 12. Mee 1923 ageweit.
Während dem Zweete Weltkrich gouf de Kiercherot opgeléist, eng Kierchesteier agefouert, d’Lauden vun de Klacken ageschränkt, Prozessiounen an esouguer dat traditionellt „Klibbere“ op Ouschteren verbueden. Während der Ardennenoffensiv, den 26. Dezember 1944 um 12 Auer mëttes, gouf déi prächteg Kierch um Fielsbuckel vun enger Fligerbomm zerstéiert ‒ nëmmen e Koup Trümmer ass vun hir iwwreg bliwwen.
D’Foto vun der zerstéierter Kautebaacher Kierch gouf trauregerweis berühmt. No der Befreiung duerch d’amerikanesch Truppe goufen de Gottesdéngscht an d’Schoul am Waardesall vun der Kautebaacher Gare gehalen. Fënnef Joer méi spéit huet de Ministère fir de Wiederopbau den Devis vun 391.840 Frang vun den Architekte Rudi Fettes an Edmond Simon fir de Bau vun enger neier Kierch guttgeheescht. Ënner der Leedung vum Paschtouer Jean-Pierre Hengen gouf de Wiederopbau vun der Baufirma Roemer aus Wolz duerchgefouert.
Den 10. Abrëll 1950 gouf de Grondsteen vum Koadjutorbëschof Leo Lommel geseent. Bei där Geleeënheet gouf och eng drëtt Klack geweit, déi an der Géisserei am Val des Cloches (Belsch) no aler Technik gegoss gouf. Si weit 500 Kilo, ass op den Toun A gestëmmt an dem hellege Joseph gewidmet.
D’Kierchewei war de 24. September 1951. Den Tuerm vun der aler Kierch gouf an den Neibau integréiert. De Raum mat engem Schëff wierkt einfach a monumental, d’Glasmolereie vum Gustave Zanter weise Mariesymboler, d’Mëttelfënster am Chouer Christussymboler an d’Säitefënsteren déi véier Evangelisten mat hire jeeweilege Symboler. Déi bebaute Fläch ass 321 Quadratmeter, bei Dimensioune bannen vu 28,3 Meter Längt an 9,5 Meter Breet. Fir d’Tuermfassad huet de Lëtzebuerger Moler a Bildhauer Leo Nosbusch 1963 eng 1,70 Meter héich Statu vum hellege Bernhard mat de Symboler Hunnegwab a Buch geschaf. E puer Joer méi spéit gouf d’Tuermauer erneiert an eng Beliichtung dobaussen installéiert.
De leschte Paschtouer, deen zu Kautebaach gewunnt huet, François Lascombes, huet sech 20 Joer laang, vun 1963 bis 1983, ëm d’Par gekëmmert. Hie war als Sanitäter un der Ostfront am Asaz gewiescht a schwéier blesséiert ginn, eng Verletzung, déi hien de Rescht vu sengem Liewe belaascht huet. Als Historiker an Auteur war hien en aktive Member vun der „Section historique de l’Institut grand-ducal“ an e Matbegrënner vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. No senger Pensioun gouf d’Par vun de Paschtéier aus den Nopeschgemenge betreit an huet bis zur Neiuerdnung vum Äerzbistum Lëtzebuerg zum Parverband Kiischpelt gehéiert: Déi bis dohi 274 Pareie goufen 2017 zu 33 neie Groussparen zesummegeluecht. An de Parverbänn Kiischpelt (Eschweiler, Kautebaach, Knapphouschent, Mäerkels, Pënsch) a Wolz (Bärel, Donkels, Nidderwolz, Näerden, Wolz Notre-Dame) gouf eng Pastoralequipe mat der Seelsuerg an der Verwaltung beoptragt.
Am Januar 2015 hunn d’Regierung an d’Reliounsgemeinschaften e puer Konventiounen iwwer dat zukünftegt Verhältnis tëscht Staat a Reliounen ofgeschloss. Dementspriechend gouf an der Gemengerotssëtzung vum 14. Oktober 2016 eng Konventioun tëscht der Gemeng an der Kierchefabréck iwwer déi kierchlech Gebaier an der Gemeng beschloss. Ënner anerem ass d’Kautebaacher Kierch an de Besëtz vun der Gemeng iwwergaangen.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Nic Bosseler - Kautenbach Merkholtz-Alscheid
› Abbé Henri Blackes - Geschichtsblatt des Kiischpelt
› Jean Milmeister - Die Ardennenschlacht
› Fritz Rasqué - Das Ösling im Krieg





