D’Kierch zu Wëlwerwolz
Déi modern Kierch vun 1963, dem hellege Willibrord geweit, bewahrt barock Altoren a Statue vun der fréierer Kapell an eng Stahlhuth-Uergel vun 1914 am Originalzoustand.
Déi haiteg Kierch vu Wëlwerwolz steet ënner dem Schutz vum hellege Willibrord (†739), deen d’Benediktinerabtei zu Iechternach gegrënnt huet.
D’Kierch gouf tëscht 1960 an 1963 no de Pläng vun den Architekte Leo a Guillaume Gaul aus Dikrech op der Plaz vun der fréierer Schlasskapell vun der Härschaft Wëlwerwolz gebaut. D’Kierchewei war den 28. Juli 1963. Si ass a fir déi Zäit éischter nüchterne Forme gehalen an ënnerscheet sech architektonesch däitlech vun deenen anere Kapelle vun der Par. Den Tuerm ass aus Ardenner Lee. Déi zwou kleng Klacke kommen aus der fréierer Kapell a goufen 1769 zu Tréier (Klackegéisserei Heintz) an 1882 zu Saarburg (Klackegéisserei Mabilon) gegoss.
Déi zwou barock Statuen op der lénker Säitemauer vum Kiercheschëff weisen op de Willibrord-Patrozinium vun der Kapell hin. Si stellen déi zwee Ewalden duer, zwee Angelsachsen, déi zu den éischte Membere vun der Willibrord-Grupp gehéiert hunn a während hirer Missiounsaarbecht gefoltert goufen. Si ginn als Niewepatrounen vun der Kapell veréiert.
De Raum gëtt vun den hellen a faarwege Fënsteren op der Südsäit gepräägt. Déi zwee faarweg gefaasst Säitenaltoren stamen aus dem Virgängerbau. De rietsen Altor war den Héichaltor an der fréierer Kapell a staamt aus dem spéiden 17. Joerhonnert.
De lénksen Altor gouf 1745 als Säitenaltor vun der aler Kapell vum Weibëschof vu Léck zu Éiere vum hellege Wendelin geweit, Hiert an Eremit, deen an der ieweschter Nisch ze gesinn ass. Op den Antependien vun deenen zwee Altoren goufe barock Molereien op Holz fräigeluecht.
D’Stahlhuth-Uergel aus dem Joer 1914, déi 2010 installéiert gouf, ass am Originalzoustand erhalen a staamt ursprénglech aus dem Dominikanerinnekloster zu Lëtzebuerg-Lampertsbierg.


