D’Parkierch zu Pënsch
D’Mammekierch vum Kiischpelt gehéiert zu den eelste Pareien an den Ardennen: Hire romanesche Chouertuerm an d’barock Ausstattung vum Jean-Georges Scholtus maachen se eenzegaarteg.
D’Par Pënsch, déi schonn am 8. Joerhonnert an Urkonnen ernimmt gëtt, gehéiert zu den eelste Pareien an de Lëtzebuerger Ardennen. Et ass dovun auszegoen, datt se bis an d’8. Joerhonnert zum Bistum Tréier oder Léck gehéiert huet.
D’Kierch vu Pënsch ass d’Mammekierch vun der grousser Par, déi interessanterweis den Numm Kiischpelt dréit ‒ en algermaanescht Wuert fir Kierchspill, dat zu Kiischpelt verballhornt gouf an eng Grupp vun Uertschaften bezeechent. D’Par huet bis 2017 bestanen an d’Dierfer Pënsch, Äischer, Lellgen, Wëlwerwolz, Siwwenaler an Draufelt mat hire jeeweilege Kierchen ëmfaasst. Bis 1806 hunn och Mäerkels an Alschent dozou gehéiert, a bis 1807 en Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf an der Wolz.
De spéitromanesche Chouertuerm op der Ostsäit, e Rescht vun der zweeter Kierch op dëser Plaz, ass deen eelsten Deel vun der Kierch. Am Tuerm war ursprénglech den Altorraum, haut ass do d’Sakristei. Eng gotesch Mauermolerei (ca. 13. Jh.) ass an der nërdlecher Fënsternisch vum Tuerm ze gesinn. Och d’Fresken am Tonnegewölf, déi haut leider iwwermoolt sinn, sinn deelweis nach erhalen. Ronderëm d’Kierch läit de fréiere Kierfecht, op deem een nach vill al Grafsteng aus Lee gesäit.
D’Laangschëff gouf 1738 no engem Brand vum Baumeeschter Andreas Schlotter aus Wolz nees opgebaut. 1879 krut et zwou nei Fënsteren. Während der Ardennenoffensiv gouf d’Kierch schwéier beschiedegt, gouf awer nom Krich ënner der Leedung vum Paschtouer Joseph Hurt rekonstruéiert.
Ënner der Leedung vum Paschtouer René Jungels gouf 1981‒86 eng weider grouss Renovatioun duerchgefouert. D’Sakristei, deen eelsten Deel vun der Kierch, gouf 2002 komplett restauréiert.
Prächteg Barockmiwwele prägen de Raum bannen. De monumentalen Héichaltor, d’Säitenaltoren, d’Kanzel, d’Beichtstill, d’Kommiounsbänk, d’Statuen, d’Mauerverkleedungen an de Sakristeischaf stame vun der Wierkstatt vum bekannten allëtzebuergesche Bildhauer Jean-Georges Scholtus (ëm 1680‒1754). Dëst eenzegaartegt Ensembel gouf tëscht 1739 an 1744 extra fir dës Kierch gemaach a gëtt dem Raum eppes Feierleches a Waarmes. Och d’Reliefe vun der Daf vu Jesus op der rietser Mauerverkleedung an dem leidende Jesus (Ecce homo) um Zelebratiounsaltor ginn op de Scholtus zréck.
An der Mëttelnisch vum Héichaltor ass den hellege Maximin, zweete Bëschof vun Tréier a Patroun vun der Kierch, duergestallt. Bemierkenswäert sinn och d’Statue vun der helleger Apollonia am rietsen an déi kunstvoll Muttergottes am lénke Säitenaltor, an d’Figure vun de Bëschéf Nikolaus (lénks) a Blasius (riets) op der Stiermauer vum Laangschëff.
An der fréierer Dafkapell ënner der Bün steet eng Statu (spéit 19. Jh.) vum réimesche Märtyrer Donatus. D’Veréierung vun dësem Helleg geet op eng Reliquie zréck, déi ëm 1748 aus dem Jesuitekolleg zu Bad Münstereifel op Pënsch koum an zënterhier an engem Reliquiar mat räicher barocker Ornamentik vum Veianer Goldschmatt Franz Carl Felsenhart (ca. 1701‒1782) opbewaart gëtt. Zënter där Zäit steet d’Par ënner dem Schutz vum hellegen Donatus.
De Kierchenschatz huet nieft schéine Sëlweraarbechten aus der Barockzäit och e Renaissancekielech an eng wäertvoll Monstranz aus der Spéitrenaissance.
D’Uergel gouf 1899 vun der Uergelmanufaktur Gebrüder Müller aus Reifferscheid gebaut a steet, wéi déi ganz Kierch, ënner Denkmalschutz. Si huet zwielef klangvoll Registeren, verdeelt op zwee Manualer a Pedal, a gouf 2005 vum Uergelbauer Hugo Mayer aus Heusweiler grëndlech restauréiert.
Dat ursprénglecht Geläit, zwou Klacke vun 1803, gouf 2003 vun der Klackegéisserei Hermann Schmitt und Söhne aus Brockscheid an der Eifel ëm véier weider Klacken ergänzt.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean-Claude Muller - Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt (2011)
› Jeunesse Pënsch – Pintsch im Wandel der Jahrhunderte (1986)
› Naturpark Our – Fotoen



