D’Willibrorduskapell
Do, wou den hellege Willibrord no der Legend eng heelend Quell erausspréngen huet gelooss, steet zënter 1934 eng kleng Kapell – Zil vun der Péngschtméindegsprozessioun zu Wëlwerwolz.
Net wäit vun der Duerfkapell, a südlecher Richtung, läit d’Willibrorduskapell mam Willibrordusbur.
An der Par Kiischpelt a besonnesch zu Wëlwerwolz gëtt de Willibrord zënter Joerhonnerte veréiert. En éischten Hiweis fënnt een am Numm vum Duerf: Aus dem ursprénglechen „Willibrordus-Wiltz“ gouf am Laf vun de Joerhonnerte Wëlwerwolz.
Schonn net laang nom Doud vum Willibrord am Joer 739 huet seng Veréierung zu Iechternach an op ville Plazen ugefaangen, wou hie missionéiert hat. Ob a wou de Willibrord op senge Missiounsreesen duerch déi ofgeleeën Ardennen gezunn ass, bleift säi Geheimnis. Zu Lëtzebuerg ginn et op alle Fall e puer Uertschaften, déi sech un de Willibrord erënneren.
No der Legend ass den hellege Willibrord op senge Reesen duerch d’Wiss „A Wiss“ komm. Midd huet hie sech am Schiet vun enger Lann ausgeraascht a säi Lastdéier op der Wiss grase gelooss. Wéi de Besëtzer vun der Wiss dat gesinn huet, war hien iwwer dës Frechheet rosen. Fir et erëm gutt ze maachen, huet de Willibrord säi Stab an de Buedem gestach an et ass eng kloer, heelend Quell erausgesprongen, déi haut nach leeft. D’Quell am Klierfdall mam Flurnumm „A Wiss“ gouf spéider als Bur gefaasst.
Bis an d’16. Joerhonnert huet d’Kiischpelter Bevëlkerung um Péngschtdënschdeg op Iechternach missen zéien, fir déi jäerlech Ofgaben ze bezuelen. Spéider gouf aus dëser Bannprozessioun eng Bittprozessioun mat Eucharistiefeier bei de „Willibrordusbur“. Eenzel Pilger koumen dat ganzt Joer iwwer op Wëlwerwolz, fir um Heelbur Waasser ze schäffen. An der Zäit vum Joseph II. vun Éisträich an der Franséischer Revolutioun ass de Bur a Vergiessenheet geroden a verfall. 1876 gouf de Jean-Baptiste Fallize zum Paschtouer vu Pënsch ernannt. Hien huet de verfallene Bur restauréiere gelooss an d’Prozessioun nees agefouert. Ënner dem Paschtouer Schmit gouf 1934 iwwer dem Bur eng Kapell no de Pläng vum Escher Architekt Christian Scholl gebaut, finanzéiert duerch fräiwëlleg Spende vun de sechs Dierfer. Um Péngschtméindeg duerno gouf d’Kapell ageweit an de Jean-Baptiste Esch vu Weidéng, Redakter beim Luxemburger Wort, huet d’Festpriedegt gehalen. Zënterhier gëtt all Joer um Péngschtméindeg nees en Héichamt gefeiert an d’Gemeng pilgert bei de Bur vum Helleg op Wëlwerwolz: Moies versammelen sech d’Kiischpelter an e sëllege Pilger vu baussen virun der Parkierch zu Wëlwerwolz, fir zesummen bei de Willibrordusbur ze goen. Hei gëtt d’Waasser vun der Quell geseent. Him gëtt eng heelend Wierkung bei der Hautkrankheet „Wëllfeier“ nogesot.
Am Pararchiv vu Pënsch gëtt et eng al Seegensformel vum „Willibrordwaasser“, déi de Prof. Wampach op ëm 1700 datéiert huet. Zur Parkierch gehéieren och zwee Willibrord-Reliquiaren.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Jean-Claude Muller - Beiträge zur Geschichte des Kiischpelt (2011)


