Open air Konstfestival
All Joer den 23. Juni, um Nationalfeierdag, verwandelt sech Lellgen an eng faarweg Galerie ënner fräiem Himmel – mat ronn 100 Kënschtler, Stroossekonscht an Atelieren fir Grouss a Kleng.
Zanter senger Grënnung am Joer 1991 invitéiert den Organisatiounscomité all Joer den 23. Juni, um lëtzebuergeschen Nationalfeierdag, op Lellgen op den „Open air Konstfestival“.
Fir een Dag verwandelt sech dat klengt Duerf Lellgen an eng lieweg, faarweg Galerie ënner fräiem Himmel. De Festival, deen all Joer ronn 4.500 Besucher unzitt, ass mëttlerweil iwwer d’Grenze vum Groussherzogtum eraus bekannt.
E räicht Programm mat Stroossekënschtler, Atelieren fir Grouss a Kleng an 100 Kënschtler, déi hir Wierker virun den Ae vum Publikum entstoe loossen, maachen de Konschtfestival all Joer zu engem Erliefnis.

