Konstgalerie Lellgen

An der restauréierter aler Schoul zu Lellgen weist d’Konschtgalerie vun der Gemeng Kiischpelt e puer Mol am Joer wiesselnd Ausstellunge vu regionalen an iwwerregionale Kënschtler.

D’„Konstgalerie Lellgen“ ass d’Konschtgalerie vun der Gemeng Kiischpelt.

Déi al Schoul zu Lellgen, wou all Joer den Open air Konstfestival stattfënnt, gouf 2015 vun der Gemeng fachgerecht restauréiert. Ënner dem Motto „Regional Konscht erliewen“ weist déi nei Galerie an Zesummenaarbecht mat regionalen an iwwerregionale Kënschtler e puer Mol am Joer wiesselnd Ausstellunge mat Biller, Skulpturen a Fotoen.

Kënschtler, déi an der Konschtgalerie ausstelle wëllen, kënne sech bei der Gemengeverwaltung mellen.

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.