Gierwerei Delvaux

Zanter 1780 gouf am Pënscher Dall Lieder gegierwt: déi klasséiert Gierwerei Delvaux erzielt vu Lou, Handwierk an enger Famill, déi d’Duerf iwwer 125 Joer laang gepräägt huet.

« La tannerie avec 24 fosses, sise au lieu-dit "bei der Pintscher Bruck", inscrite au cadastre de la commune de Wilwerwiltz, section B de Pintsch, sous le numéro 134/599. - Arrêté ministériel du 2 décembre 1964 »

Hannert dëser offizieller Bezeechnung am nationalen Denkmalverzeechnes verstoppt sech eng vun den eelste Gierwereien am Land. Hiren Urspronk geet op d’Joer 1780 zeréck, wéi den Henri Delvaux-Bertholet aus dem belschen Halleux sech mat senger Famill zu Pënsch néiergelooss an déi éischt Gierwerei gebaut huet.

Fir Lieder hierzestellen, huet et Lou, Déierenhait, Waasser a genuch Plaz fir déi néideg Gebaier, Gruewen a Wise fir d’Lieder ze dréchne gebraucht. Dat alles gouf et am Pënscher Dall genuch. De klenge Baach huet d’Louhgruewe mat Waasser versuergt, an d’Wise ware grouss genuch, fir déi gegierwten Hait ze dréchnen.

Dat haitegt Gebai stamt vun 1827, wéi d’Gierwerei fir d’éischt vergréissert gouf. Besëtzer war deemools den Nicolas Delvaux aus Wäiswampech. 1835 huet den Henri Delvaux-Juttel (d’Famill Juttel war aus Dikrech) d’Gierwerei vum Nicolas Delvaux kaaft an esou erëm an d’Famill bruecht. De Charles Delvaux, Schäffen an der Gemeng Wëlwerwolz, huet de Betrib 1861 vu sengem Papp Henri iwwerholl. Nom Konkurs vum Charles Delvaux huet den Arthur Delvaux, deen och zu Pënsch gewunnt huet, d’Gierwerei 1892 ersteet.
 
Och wann d’Gierwerei um Enn vum 19. Joerhonnert e klenge Betrib mat nëmme puer Beschäftegte war, hunn d’Membere vun der Gierwerzonft zu de beschtugesinnte Familljen gehéiert a vun 1860 un zu Wëlwerwolz vill ëffentlech Ämter bekleet.

En anere Virdeel vum Standuert Pënsch war d’Méiglechkeet, Lou aus de lokalen Eechelouhecken ze kréien, déi zanter jee op de stäile Hänk vun de Flëss- a Baachdäller am Éislek gewuess sinn. D’Bëschbaueren aus der Géigend hunn hir Lou ‒ déi geschielte Rënn vu jonken Eechen ‒ a Bëndelen an d’Louhmillen op Äischer bruecht. Do gouf se gedréchent, gemuel, a Säck gefëllt an un d’Gierwerei geliwwert.
D’Baueren hunn d’Hait vu Ranner, Kälwer a Schof geliwwert, déi se selwer geschluecht haten, a kruten dofir grofft Uewerlieder a staarkt Suelelieder fir déi genelte „Wierdeschong“. Fir Uewerlieder ze maachen, huet et zwielef Méint gedauert, fir Suelelieder 18 bis 24 Méint. Fir d’éischt goufen d’Hait gebotzt an a Kallekwaasser geluecht. No zwou Wochen goufen d’Hoer mat engem Schaafmesser ofgemaach, an d’Hait koumen an d’Louhgruewen, déi „Kaulen“ genannt goufen an a frëscher Louhbréi gefëllt waren.

A bestëmmten Ofstänn goufen d’Hait erëm aus de Gruewe geholl an d’Bréi fir d’éischt all Dag, méi spéit all Woch ëmgeréiert, wouduerch ausgelaugte Bréi duerch nei ersat gouf. Dëse Prozess huet véier bis fënnef Méint gedauert.
 
Duerno koumen d’Hait an eng aner Grouf, mat enger Schicht dréchener Lou dertëschent; d’Grouf gouf mat Briedere ofgedeckt a mat Waasser gefëllt. No sechs Méint goufen déi gegierwten Hait erausgeholl, gewäsch, gedréchent an op béide Säite gefett. Zum Schluss gouf dat frëscht Lieder geglaat a mat enger Wals mëll gemaach.

No 125 Joer am Besëtz vun der Famill Delvaux ass d’Gierwerei 1905 un den Henri Greisch aus Esch-Sauer gaangen, deen se vum Arthur Delvaux ersteet huet.

Bis zur Aféierung vun der industrieller Mineralgierwerei am Ufank vum 20. Joerhonnert war d’Liederproduktioun eng wichteg Akommessquell fir d’Bevëlkerung vun dëser soss vun Aarmut gepräägter ländlecher Regioun.

De leschte gréissenen Ëmbau vun der Pënscher Gierwerei war ëm d’Joerhonnertwend: d’Aríichtung vun enger Schnellgierwerei nieft dem Gebai, dat haut nach steet. Maassgeblech bedeelegt un dësem Projet op Basis vu chemesche Prozesser war en Ungar mam Numm Schiglinski. Duerch nei Gierfmëttel konnt vill méi séier a méi bëlleg produzéiert ginn.
 
Dës Technik huet de gewéinleche Gierfprozess vun engem Joer zwar staark verkierzt, awer gläichzäiteg den Ënnergang vun der Pënscher Gierwerei ageleet. D’Kapazitéit vun de 24 Gruewen, an deenen d’Ranneren-Hait verschafft goufen, war fir e wirtschaftlecht Iwwerliewen einfach ze kleng ‒ an esou goufen d’Gruewen no an no zougeschott an d’Produktioun 1934 definitiv agestallt.

1949 huet den Nicolas Sassel d’Gierwerei vun der Marguerite Schmit, der Witfra vum François, dem Jong vum Henri Greisch, kaaft an d’Gebaier bis an d’ 1990er Joren als Ënnerstand fir landwirtschaftlech Maschinne benotzt. Och Scoutsgruppe sinn op hire Wanderungen dacks hei stoe bliwwen an hunn am Gebai iwwernuecht.

1997 huet den André Sassel d’Gierwerei vu sengem Papp ierflecher a fënnef Joer méi spéit de Leeëdaach vum Haaptgebai komplett erneiere gelooss. An der Tëschenzäit war et roueg ginn ëm d’Gierwerei „bei der Pënscher Bréck“: Ee vun de leschten Zeie vun dëser beweegter a glorräicher Epoch ‒ a gläichzäiteg e wichtegen Deel vum kulturellen an industriellen Ierwe vu Lëtzebuerg ‒ huet laang op eng nei Bestëmmung gewaart. 2017 gouf d’Gebai komplett renovéiert a gëtt haut als Wunnhaus benotzt.

D’Gierwerei zu Pënsch ëm 1950
D’Handwierk vum Louhgierwer (ëm 1890)
D’Wunnhaus vun der Famill Delvaux zu Pënsch
Bléck op d’Gierwerei zu Pënsch (2007)
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Rob Deltgen - Données généalogiques 1396
› Artikel Tageblatt - Die alte Ledergerberei in Pintsch (23.08.1983)
› Jeunesse Pënsch – Pintsch im Wandel der Jahrhunderte (1986)
› Winckelmann & Söhne - Was willst du werden? Bilder aus dem Handwerkerleben (1880)
› Websäit Industriegeschicht aus Lëtzebuerg an doriwwer eraus

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.