Rackésmillen

D’Rackésmillen zu Äischer geet op d’Joer 1334 zeréck a gehéiert zu den eelste Waassermillen zu Lëtzebuerg – hiert Waasserrad dréint sech bis haut, a Besucher kënnen hir Geschicht vun no erliewen.

D’Waassermillen zu Äischer aus dem Joer 1334 ‒ am Volleksmond „Äischer Millen“ oder „Rackésmillen“ genannt ‒ ass eng vun den eelste Millen zu Lëtzebuerg. 1824 krut d’Gebai seng haiteg Form. Bis 1954 gouf hei Brotmiel hiergestallt.

D’Éislek (Lëtzebuerger Ardennen) war wirtschaftlech zanter jee enk mat der Land- a Bëschwirtschaft verbonnen ‒ ee Grond, firwat et hei ganz al Waassermille gëtt. D’Kraaft vu Waasser an Déieren ze notzen, war déi eenzeg einfach Method, fir Weesskären ze mullen oder Ueleg hierzestellen ‒ Lëtzebuerg hat deemools och vill Uelegmillen.

1334 war e wichtegt Joer fir d’Regioun: De Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen, Grof vu Lëtzebuerg, Titularkinnek vu Polen a „leschte Ritter“, huet dem Kinnekritter Wauthier de Meysembourg d’Geriichtsbarkeet iwwer säi Gebitt iwwerdroen, dat sech wahrscheinlech tëscht Wolz a Klierf erstreckt huet.

D’Gebai, wéi mir et haut kennen, stamt aus dem Joer 1824. D’Vollékszielungen aus där Zäit beleeën eng richteg Bléizäit vun de Millen op Lëtzebuerger Territoire. Am Ufank vum 19. Joerhonnert goufen am Ganzen 660 Millen gezielt, dovun eleng 115 an dëser Regioun. Honnert Joer méi spéit goufen et am ganze Land just nach ongeféier 100 Waassermillen.

D’Millen zu Äischer huet am Laf vun der Zäit vill technesch Ännerungen erlieft. Ursprénglech hat se zwee Waasserrieder vun 3,80 m Duerchmiesser, déi ënnerschlächteg, also vun ënnen duerch d’Waasser, ugedriwwe goufen. Haut ass nach just ee Rad installéiert.

D’Famill Racké huet déi zweestäckeg Millen 1920 kaaft; bis 1954 gouf do all Dag Weess gemuel. Si fält op duerch hir schmuel, héich Bauweis. Am Rez-de-chaussée ass d’Infrastruktur fir den Undriff an d’Ophuele vun de Schlussprodukter, um éischte Stack sinn d’Millesteng an um zweete Stack d’Filteranlag. No 1954 gouf d’Gebai ongeféier zéng Joer laang als Fudderhandel benotzt.

Eréischt 1967 huet de Willy Racké, Matbesëtzer a Mëller, decidéiert, d’Millen fir de Public opzemaachen a seng Passioun weiderzeginn. Him a senger Fleeg ass et ze verdanken, datt d’Millen haut nach a Betrib ass. Trotz hirer laanger Geschicht ass d’Millen no de leschte Besëtzer, der Famill Racké, benannt. Laut dem Willy Racké war d’Millen am Krich e Rettungsanker: Si huet et der Bevëlkerung erméiglecht, sech weider mat Brout z’ernähren, an esou eng Hongersnout verhënnert. De Willy Racké ass 2018 gestuerwen.

Zanter 2003 ass den Tourist Center Robbesscheier Besëtzer vun der Rackésmillen. En huet d’Gebai renovéiert, am fréieren Mëllerhaus eng Vakanzewunneng ageriicht an d’Besichtegung vun der Millen a säi pädagogescht an touristescht Programm opgeholl. Zanterhier fënnt all Joer am August d’Millefest statt.

Déi lescht Renovatiounsaarbechte goufen 2019 ugepaakt. Mam Kaf vum Nopeschhaus „Al Molkerei“ (fréier Molkerei) duerch den Tourist Center Klierf krut d’Rackésmillen en neit Gesiicht. Haut sinn do eng Vakanzewunneng, en Hotel an e Restaurant.

Rackésmillen 1943
Willy Racké 2009
Rackésmillen 2009
D’Rackésmillen 2023

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.