D’Schëttbuerg
Verstoppt op engem schmuele Leefiels héich iwwer dem Klierfdall läit d’Schëttbuerg – eng wéineg bekannte Buerganlag voller Geschicht, Legenden a geheimnisvoller Gäng.
D’Schëttbuerg ass a Privatbesëtz an eng wäitgehend onbekannte Buerganlag, déi verstoppt an immens idyllesch ofsäits vun de grousse Stroossen op engem géien, schmuele Fielsrécken iwwer dem Klierfdall läit.
Déi offiziell Schreifweis ass haut op Lëtzebuergesch Schüttbuerg, Schëttbuerg a Schibreg oder Schibbreg, op Franséisch Schuttbourg, op Däitsch Schüttburg, Schieburg a Schudebur. Den Edmond de la Fontaine bezitt sech op eng Urkund vun 1581, an där kloer vun der „Scheidburg“ geschwat gëtt.
D’Ufänk vun der Geschicht vun der Schëttbuerg ginn op d’Joer 1339 zréck. Si soll eng Flucht- oder Schutzbuerg gewiescht sinn – dohier den Numm. D’Buerg gouf e puer Mol zerstéiert, nom Zweete Weltkrich deelweis nees opgebaut a war bis viru Kuerzem bewunnt.
D’Schëttbuerg läit op engem Leefiels ongeféier 60 Meter iwwer dem Klierfdall, tëscht Konstem a Kautebaach, op 385 m Héicht. Den Agank féiert iwwer en zéng Meter breede Graf bei eng Paart mat Metallbeschléi. Déi laang Buerganlag moosst ongeféier 20 x 90 Meter. Direkt hannert der Paart steet de ronnen Tuerm, dee sou ongeféier siwe Meter Duerchmiesser huet. Eng zweet Paart féiert an den Haff, wou de Palas, dat renovéiert Haaptgebai, steet. Am eelsten Deel vun der Buerg gesäit een nach d’Reschter vun enger Kapell aus dem Mëttelalter. Spektakulär sinn d’Leemaueren, déi mat Wantergréng iwwerwuess sinn an de ganze Site ëmginn.
D’Schëttbuerg gouf tëscht dem 9. an dem 13. Joerhonnert gebaut. Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Buerg ëm 800 entstanen ass, während déi eelsten Deeler vun den haitege Reschter aus dem 14. Joerhonnert stamen. Eng Famill Schëttbuerg huet et ni ginn an d’Schëttbuerg war och ni eng grouss Härschaft. Nieft der Buerg, de Bëscher an Äckeren an der Millen, déi nach erhalen a restauréiert ass, hunn nëmmen d’Dierfer Alschent, Konstem an en Deel vun Holztem zu der Härschaft gehéiert.
Vun 1400 bis 1894 war d’Buerg am Besëtz vun Adelegen. Am Laf vun der Zäit gouf um Gebai ëmmer erëm eppes ëmgebaut. No der Bléizäit vun de Ritter gouf d’Schëttbuerg e feine Wunnsëtz vun Adelegen a räiche Bierger. De leschte Buergherr huet se verfale gelooss an esouguer deelweis ofrappe gelooss, fir op d’mannst mat de Steng an dem Holz nach e bësse Geld ze maachen.
Nodeems de leschte Verwalter d’Gutt verlooss hat, goufen d’Gebaier dem Verfall iwwerlooss. Ëm 1935, wéi d’belscht Koppel Meers-Jadoul d’Schëttbuerg kaaft a restauréiere gelooss huet, war se an engem traurege Zoustand.
Am Ufank vum Zweete Weltkrich gouf d’Buerg als eng Aart Jugendherberg benotzt, an där vill Lëtzebuerger Studente lëschteg Stonne verbruecht hunn.
D’Koppel Meers-Jadoul huet getrennt gelieft. Den Här Meers huet mat den Däitsche sympathiséiert, während d’Madame Meers an der Résistance aktiv war. Den 12. Juni 1941 huet den Här Meers d’Buerg, déi eigentlech senger Fra gehéiert huet, un de Reichsverband für deutsche Jugendherbergen verkaf, deen hei en Eliteheem vun der Hitlerjugend ageriicht huet. D’Geld gouf der Madame Meers-Jadoul iwwerwisen, déi et awer net ugeholl huet, well si de Verkaf un d’Däitsch ofgeleent huet. D’Eugénie Jadoul war eng bemierkenswäert Fra, déi zu Bréissel gewunnt an niewebäi d’Schëttbuerg ënnerhalen huet.
Zënter 2001 steet d’Schëttbuerg ënner Denkmalschutz. Zënter 2009 gehéiert se dem Fernand Feltgen aus Déifferdeng. D’Schëttbuerg huet déi vill Joerhonnerte méi oder manner ouni Schued iwwerstanen.
An da sinn do nach déi geheim Gäng, déi op Alschent, Konstem a Kautebaach féiere sollen …
Legenden
Vu Gäng a Pëtzer
An den Dierfer ronderëm verzielt ee sech haut nach vun der Schëttbuerg, vu geheime Schächt an engem déiwe Pëtz: Ee Gank féiert ugeblech vun der Buerg erop op de Konstemer Kierfecht, deen aneren erof bei d’Klierf. De Pëtz soll 100 Meter déif sinn an d’Buerg mat Waasser versuergen.
Ausserdeem kënnt ëmmer nees d’Geschicht vun engem Schatz an engem geheime Verlies op.
Wahrscheinlech sinn dës Geschichten awer fräi erfonnt, well am 12. an 13. Joerhonnert konnt een nach net esou déif Pëtzer bueren. D’Kënnen vun de Biergleit, fir en 100 Meter déiwe Schacht ze bauen, huet sech eréischt am 15. Joerhonnert entwéckelt, also am Spéitmëttelalter an an der fréier Neizäit. Mä wahrscheinlech hat d’Härschaft Schëttbuerg deemools souwisou net d’Suen fir esou e Pëtz. Datselwecht gëllt fir déi zwee Geheimgäng. Bei de Reschter vum „Pëtz“ am eelsten Deel vun der Buerg handelt et sech dofir éischter ëm d’Reschter vun enger Zistern.
De Kriibsewee
D’Legend vum „Kriibsewee“ geet op eppes zréck, wat 1748 geschitt ass. Den Anton Blom an de Johann Cart vun Houschent haten an de Fëschgrënn vun der Härschaft gewëllert a goufe vum Schlassherr beim Kriibsefänken an der Klierf erwëscht. Si goufe verurteelt, de Wee vun der Buerg erof bei d’Kriibsebaach ze bauen. Well de Wee deelweis an de Fiels gehae gi muss, huet d’Aarbecht méi wéi dräi Méint gedauert, vum 16. September bis den 21. Dezember. Obwuel den Alexander Joseph von Hoefnagle, deemools „Här vun der Schëttbuerg“, hinne Pickel, Hummer a Brecheisen an dat üblecht Iessen zur Verfügung gestallt an hinnen en Dahler fir hiren Handwierksgeschir ze ënnerhale bezuelt huet, hu si hien, esou seet d’Legend, verflucht.
Bis haut fënnt hien a sengem Graf keng Rou. Um Mëtternuecht trëfft hie sech mam „Wëlle Grof vu Wëlwerwolz“ an dem „Grof vun Äischer“ am Tuermzëmmer, wou e Geescht en Drénkhorn mat kachegem Ueleg ronderëm gëtt, dat hinne bei all Schlupp d’Kéil verbrennt. Ausserdeem krabbele him onzieleg Kriibsen iwwer de Réck an zwecken hie mat hire Schéieren.
De Wee heescht bis haut „Kriibsewee“. Op kalen Deeg solle sech d’Schweessdrëpse vun deenen zwee Männer nach haut wéi Pärele op de Fielsen blénken. Den Alexander Joseph von Hoefnagle ass 1764 op der Schëttbuerg gestuerwen. Hie gouf an der aler Konstemer Kierch begruewen. Haut steet säi Grafsteen um Konstemer Kierfecht.
Härschaft
Spéitstens zënter dem Ufank vum 15. Joerhonnert war d’Schëttbuerg eng eegestänneg Härschaft, aus där sech awer ni eng „richteg“ Dynastie entwéckelt huet, well de Besëtz ni méi laang wéi dräi Generatiounen an enger Famill bliwwen ass. Dacks gouf en u méi jonk Jongen oder Meedercher vierwen, heiansdo och einfach verkaf. E Grond dofir ass sécher, datt d’Härschaft Schëttbuerg relativ kleng war an tëscht de groussen Noperen Klierf, Wolz a Branebuerg louch.
En Iwwerbléck iwwer hir Geschicht, baséierend op den Aarbechte vum Peter Keiser a vum Paul Lamort, bitt de Site Webwalking (kuckt de Link ënnen).
D’Schëttbuerg am Renert
Am drëtte „Gesank“ vum Renert vum Michel Rodange gëtt d’Schëttbuerg als Schlass vu Schibreg ernimmt.
De Wollef war beim Kinnek,
D'Fra Gormang war eleng,
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.
Wéi ass et dann, dir Krotten?
Sot Renert, wéi e koum,
Wou ass dann iere Vueder,
Wou ass séng uersche Moum?
Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Renert lass:
De Fiissche musst entsprangen,
Si huet sech nogeflass.
Om ale Schlass zu Schibreg
Do wutscht en duerch e Schaart,
Si no - du blouf se steechen:
Du laacht de Renert haart.
De Schallek mécht eng Kéier,
Kënnt hannebäi erëm:
Do deet en ër nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.
A wéi en dat gestiicht hat,
Du mécht en sech an d'Schlënner,
Op d'Festonk no Malpaartes,
Bei d'Fra a bei d'Gesënner.
Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen
› Nicolas Bosseler - Kautenbach, Merkholtz, Alscheid, der Kohnerhof und die Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte
› Joseph Hoffmann - Die Schüttburg unweit Kautenbach
› John Zimmer - Die Burgen des Luxemburger Landes
› Websäit Webwalking






