De Steebroch vu Mäerkels

Vun 1910 bis 1961 gouf zu Mäerkels Grauwacke fir d’Stroosse vum Land gebrach. Haut erzielt de fréiere staatleche Steebroch Industriegeschicht matzen an enger geschützter Natur.

Wien op deem neien Deel vum Vëloswee PC20 vu „Merkholtz Halt“ Richtung Wolz fiert, kann e Stéck Kiischpelter Industriegeschicht erliewen. Nodeems een iwwer de Holzsteeg gefuer ass an e kuerze Bierg eropgaangen ass, kënnt een op déi Plaz, wou fréier de Steebriecher (Concasseur) vum Mäerkelser Steebroch stoung.

Schonn an den 80er Joren vum 19. Joerhonnert hunn zu Mäerkels Privatleit ugefaangen, den Hasselter Hartsteen ofzebauen. Dëse Steen, deen och Grauwacke genannt gëtt, gouf z. B. benotzt, fir Weeër ze schotteren. Doduerch waren d’Stroossen am Éislek vill méi fest a méi laang haltbar wéi d’Stroossen am Guttland, déi meeschtens mat Lëtzebuerger Sandsteen geschottert waren. Well de Sandsteen net esou fest war, huet een eng Zäit laang Material aus dem Ausland benotzt. Mat der Zäit huet sech awer d’Iddi duerchgesat, déi natierlech Ressourcen vum Land ze notzen, an esou huet d’staatlech Bauverwaltung 1904 ugefaangen, zu Mäerkels Terrainen ze kafen: D’Zil war e Steebroch mat enger mechanescher Briechanlag, fir d’Material fäerdeg fir de Gebrauch aus dem Mäerkelser Steebroch kënnen ewechzetransportéieren. Am Juli 1908 goufen d’Aarbechten ausgeschriwwen a schonn am Mee 1910 konnt d’Anlag a Betrib goen.

Op insgesamt dräi Plazen gouf Steen ofgebaut. Am Ufank hunn hei 25 Männer geschafft an d’Steng aus dem Fiels gebrach. Eng ganz schwéier a geféierlech Aarbecht, déi spéider duerch d’Aféierung vum Pressluftbuerer méi liicht gouf. Dobäi gouf Drockloft vun engem Kompressor iwwer Leitungen an déi eenzel Steebréch gefouert. Gesprengt gouf mam Sprengstoff Donarit.

Eng Seelbunn huet de Steen iwwer en eisene Viadukt an 18 Meter Héicht bei d’Steebriecher bruecht, wou Aarbechter den Inhalt vun de Won an déi trichterfërmeg Ëffnungen vun deenen zwee Briecher eidel gemaach hunn. Dës hunn de Steen ofwiesselnd zerklengert an déi grouss Bréck eréischt da lassgelooss, wa se a vill Stécker gebrach waren. Nom Briechen sinn déi zerklengert Steng an eng Siifdrëm gefall, wou se a véier Gréissten sortéiert goufen.

Dat eigentlecht Schottermaterial mat 2 bis 6 Zentimeter Duerchmiesser ass direkt an d’Eisebunnswaggonen dorënner gefall. Déi aner dräi Kategorien sinn als Niewenprodukter an extra Behälter gefall a goufen fir d’éischt um Site gelagert. Dobäi huet et sech ëm Grobsplitt, Feinkies a Steemiel gehandelt, déi fir wéineg Geld u Gemengen a Privatleit verkaf goufen. 1911 louch d’Gesamtproduktioun bei 22.435 Tonnen.

Déi zwee Briecher, d’Seelbunn an de Kompressor goufe vun enger Dampmaschinn mat 140 PS ugedriwwen, déi mat Steekuel gefeiert gouf. Nieft dem Maschinnenhaus stoungen e 30 Meter héije Schouschtech an, net wäit vum Briecher, e Killtuerm an eng Wo vu 40 Tonnen. Déi zwee Briecher stoungen op hiren eegene Fundamenter, fir datt déi extrem Vibratiounen net op déi aner Gebaier iwwerdroe goufen.
1914 huet d’Bauverwaltung e Staudamm an der Wolz bauen gelooss, uewent der Mëndung vun der Kirel, fir mam Waasser zwou Turbinnen unzedreiwen, déi de Steebroch mat Stroum versuergt hunn.

D’Energieversuerger Cegedel huet 1929 ugefaangen, Stroumleitungen ze leeën. 1934 gouf de Steebroch un d’Stroumnetz ugeschloss.
Déi éischt Joren gouf déi ganz Anlag vum Bauamt zu Dikrech verwalt. Vum Ufank vun den 1940er Joren un gouf de Betrib awer vun engem Verwalter op der Plaz geleet, wat de Bau vun engem Verwaltungsgebai néideg gemaach huet. Dëst Gebai war gläichzäiteg Archiv a Lager fir Ersatzdeeler vun de Maschinnen.

Deemools waren am staatleche Steebroch 18 Leit beschäftegt:
- 1 Biergmann
- 2 Schéisshauer
- 1 Schlässer
- 1 Maschinist
- 2 Briecher
- 11 Steebrocharbechter

Fir dat fäerdegt Schottermaterial ewechzetransportéieren, krut de Steebroch 1916 en Uschloss un d’Eisebunnslinn Bastogne-Wolz-Kautebaach ‒ d’Prënz-Heinrich-Bunn ‒, déi spéider zu Kautebaach un d’Nordstreck ugeschloss gouf.

1961 gouf de Steebroch zougemaach an d’Anlag no an no ofgebaut. D’Turbinnenhaus an d’Verwaltungsgebai sinn bis haut erhale bliwwen. Och d’Fundamenter vum Briecher stinn nach op der aler Plaz.
Mat der Zäit huet d’Natur sech de Steebroch, d’Trass vun der Seelbunn an d’Schotterwierk erëmgeholl.

Haut gehéieren de Steebroch an d’Bëscher ronderëm zum Natura-2000-Gebitt „Région Kiischpelt“ an domat zu engem europäesche Netz vu Schutzgebidder. Verschidde Beräicher sinn esouguer als Biotop ausgewisen. De Mënsch huet duerch seng Aktivitéit, virun allem duerch d’Louhecken an duerch dësen oder aner Steebréch, en Deel vun dëser räich strukturéierter Landschaft an der Artevillfalt, déi dovun ofhänkt, geschaf.

D’Iddi, d’Industriegeschicht an d’Naturschätz, déi doraus entstane sinn, an engem Sensibiliséierungsprojet ze thematiséieren, ass ab 2018 beim Bau vum Vëloswee PC20 tëscht Kautebaach a Wolz entstanen. D’Resultat ass de Projet „Staatssteebroch Mäerkels“. Matgemaach hunn d’Gemeng Kiischpelt, d’Ëmweltministère, d’Natur- a Bëschverwaltung, d’Stroossebauverwaltung, den Tourismusbüro Visit Éislek an den Naturpark Our.

Déi staatlech Steebrochanlagen zu Mäerkels. An der Mëtt vum Bierg gesäit een de Verlaf vun der aler Strooss, am Virdergrond d’Turbinnenhaus.

D’Anlag bestoung nieft dräi Steebréch an enger Wierksbunn aus enger Zerklengerungsanlag, enger Seelbunn fir den Transport tëscht de Steebréch an dem Steebriecher, engem Maschinnegebai mat Dampmaschinn, Killtuerm a Wo an enger Luedstatioun, fir de Schotter mat der Eisebunn ewechzetransportéieren.

D’Verwaltungsgebai ass bis haut erhale bliwwen.

3D-Animatioun Naturpark Our / Realisatioun: 3D Studio sàrl

Weider Informatiounen
Quellen a Fotoen

› Biller aus der Gemeng Kautebaach – Opriichtung vun de Mäerkelser Staatssteebrochanlagen
› Websäit Staatssteebroch Mäerkels
› Websäit Industriegeschicht aus Lëtzebuerg an doriwwer eraus
› Websäit D'Eisebunn zu an ëm Lëtzebuerg

Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl
5, op der Gare
L-9776 Wilwerwiltz
E-Mail: info@sik.lu

IWWER EIS
FOLLOW US

© Syndicat d'Initiative Kiischpelt asbl | Design vun Memory

Please publish modules in offcanvas position.