Zu den eelste Poren an de lëtzebuergeschen Ardennen gehéiert déi säit dem 8.Jorhonnert noweisbar Por Pënsch. Et kann een unhuelen, datt des Por bis zu dësem Zäitpunkt zur Diözes Tréier oder Léck gehéiert huet.

D’Porkierch vu Pënsch ass d’Mammekierch vun der ausgedeenter Por, déi intressanterweis den Numm Kiischpelt dréit, een aalgemanëschen Ausdrock fir „Kirchenspiel“, deen a Kiischpelt verzerrt gouf an eng Grupp vun Uertschafte bezeechent. D’Por besteet haut aus den Dierfer Pënsch, Äischer, Lellgen, Wëlwerwolz, Siwwenaler an Draufelt an hiere jeeweilege Kierchen. Bis 1806 huet och Mäerkels an Alschent, a bis 1807 och en Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf a vun der Wolz zur Por Kiischpelt gehéiert.

Haut ass Pënsch déi gréisste Por am Land, wat d´Zuel vun den Dierfer a vun de Kierchen ugeet. Säit dem 1. Oktober 2002 gehéiert si zum Porverband Kiischpelt, deen aus insgesamt 5 Pore besteet. Dëst si Pënsch, Eeschweller, Kautebaach, Knapphouschent a Mäerkels.

Deen eelsten Deel vun der Kierch ass de spéitromaneschen Chouertuerm op der Ostsäit, een Iwwerrescht vun der zweeter hei erbauter Kierch. An dësem Tuerm war ursprénglech den Altoerraum ageriicht, haut befënnt sech hei d’Sakristei. An der nërdlecher Fensternich ass eng gotesch Wandmolerei aus dem 13. Jorhonnert ze gesinn. Och dat tonneschwéiert Gewëlbe ass nach deelweis mat Fresken iwwerzunn. Des sinn zur Zäit leider iwwermoolt. D’Kierch ass och haut nach vum eemolege Kierfecht mat sengem ale Schifersteng ëmginn.

D’Laanghaus gouf 1738 no engem Brand vum Baumeeschter Andreas Schlotter vu Wolz nei opgeriicht an 1879 ëm zwou Fënstere verlängert. Während der Ardennenoffensiv goud d’Kierch scheéier beschiedegt.

No Krichsenn, bis an d’Joer 1946 gouf d’Kierch ënner dem dynamëschen Pastouer Joseph Hurt rekonstruéiert. Eng wieder grouss Renovatioun gouf et an de Joren 1981-86 ënner dem Pastouer René Jungels. D’Sakristei, als eelsten Deel vun der Kierch, gouf 2002 komplett restauréiert.

De Banneraum gëtt vu prächtegem Barokmobiliar dominéiert. Dee monumentalen Héichaltor, déi zwee Säitenaltär, d’Kanzel, d’Beichtstill, d’Kommiounsbänk, d’Stautuen, Wandtäfelungen souwéi de Sakristeisschaf stamen aus dem Atelier vum bekannten allëtzebuergeschen Skulpteur Jean-Georges Scholtus (ëm 1680-1754). Dësen eenzegaartegen Ensembel gouf tëscht 1739 an 1744 eegens fir dës Kierch geschafen a schenkt dem Raum Festlechkeet a Wäermt. Och d’Relief-Duerstellunge vun der Daf Jesu op der rechter Wandtäfelung an de leidende Jesus (Ecco Homo) am Zelebratiounsaltor ginn op de Scholtus zeréck.

An der mëttelster Nisch vum Héichaltor ass den Hellege Maximin duergestallt, zweete Bëschof vun Tréier a Patroun vun der Kierch. Bemierkenswäert sinn och d’Statuë vun der Helleger Apollonia am rechtse Säitenaltor, déi konschtvoll Muttergottes Statue am lénkse Säitenaltor, souwéi d’Bildwierker vun de Bëscheef Nikolaus (lénks) a Blasius (riets).

Den Héichaltor an der Pënscher Kierch

D'Porkierch zu Pënsch

An der fréierer Daafkapell ënnert der Empore steet eng Statue vum réimesche Märtyrer Donatus aus dem spéide 19. Jorhonnert. D’Veréierung vun dësem Hellege geet zréck op eng Reliquie, déi em 1748 aus dem Jesuitenkoleg vu Bad Münstereifel op Pënsch koum a säitdem an engem reizvolle Barock-Reliquiar opgehuewe gëtt. Dës gouf hiergestallt vum Veiener Goldschmatt Franz Carl Felsenhart (ca 1701-1782). Säit dëser Zäit steet d’Por ënnert dem Schutz vum Hellegen Donatus.

Am Kiercheschatz befanne sech nieft schéine Sëlweraarbeschten aus der Barockzäit och ee Renaissance-Kielech an eng wäertvoll Monstranz aus der Spéit-Renaissance. D’Uergel gouf 1899 vun der Uergelmanufaktur vun de Gebridder Müller vu Reifferscheid gebaut a steet wéi déi ganz Kierch ënner Denkmalschutz. Dës huet 12 klangvoll Regëster, verdeelt op zwee Manualer a Pedall. D’Uergel gouf am Joer 2005 duerch den Uergelbauer Hugo Mayer vun Heusweiler enger grëndlecher Restauratioun ënnerzunn.

Dat ursprénglecht Geléit aus dem Joer 1803 wat aus 2 Klacke bestan huet gouf am Joer 2003  vun de Klackegéisser Hermann Schmitt und Söhne vu Brockscheid aus der Äifel ëm véier wieder Klacken ergänzt.

 

No Uewen