Den Organisatiounskomitee vum Quiltfestival Luxembourg lued all zwee Joer op den internationale Quiltfestival zu Wëlwerwolz an.

Säit 2004 verwandele sech d'Dierfer aus der Gemeng Kiischpelt am Zweejoresrhytmus fir 4 Deeg an eng faarwefrou a lieweg Galerie.

Op Schratt an Tratt, op an de Kierchen, a verschiddene Scheieren, an den ëffentleche Gebaier oder a Bistroen, iwwerall fannt Dir Ausstellungë vu Kënstler aus aller Welt.

Donieft gi verschidde Coursen, Workshopen a Liesungen zum Thema Patchwork organiséiert. An der flotter Akaafsstrooss zu Wëlwerwolz gëtt alles zum Thema Quilt ugebueden. Parallel heizou fënnt och zu all Editioun ee Concours zu engem bestëmmten Thema statt.

Um Site vum Festival kritt Dir all néideg Informatiounen zu den Ausstellungen an dem Kaderprogramm.

Méi Infos fannt Dir op: www.quiltfestival.lu

 
 
 

 

No Uewen