Déi aus dem Joer 1334 staammend Waassermillen zu Äischer am Volleksmond och ‘Äischer Millen’ oder Rackésmillen’ genannt, gëllt als déi eelst zu Lëtzebuerg. 1824 huet d’Gebai seng heiteg Form erhalen a war bis 1954 fir d’Produktioun vu Broutmiel a Betrib.

Bis 1967 gouf dunn nëmme méi mat Fuddermëddel gehandelt. Nodeems de Betrib agestallt gouf, huet de Besëtzer Willy Racké d’Millen ëmmer funktiounsfäeg gehalen, wouvun d’Besicher haut profitéieren andeems en hei een anzwëschen raren Abléck an dëst bal ausgestuerwent ländlecht Handwierk kritt. Haut ass d’Rackésmillen déi lescht nach voll funktionéierend Käeremillen am Dall vun der Klierf.

D'Rackésmillen zu Äischer

Am Joer 2003 huet den Touristcenter Robbesscheier d’Mille mat Hëllef vum Tourismusministère opkaf, déi ganz Anlag restauréiert an an den Erliefsnisprogramm vun der „Destination Clervaux“ opgeholl. Haut gëtt hei rëm gemuel, ënner anerem Weess fir déi regional Biobaueren souwéi Bucheweess op engem getrennte Walzstul. Zudeem erwaart de Besicher eng Ausstellung zum Thema Lou an d’Gewannung vun der Lou zur Liederproduktioun souwéi ee Schousteratelier. Dëst sënn alles Zäitzeie vu längst vergangener Industriegeschicht vum Kiischpelt an der Regioun.

D’Millen ass regelméisseg op a géint ee klengt Antrëttsgeld ze besiichtegen. Donieft gëtt et och regelméisseg Féierungen a Virféierungen.

Am Mëller sengem ale Wunnhaus fënnt een haut eng Vakanzewunneng fir bis zu 20 Persounen. Des Wunneng huet 4 Schlofzëmmeren, 2 Duschen, 3 Toiletten, eng Kichen an een Openthaltsraum. Hannert dem Haus ass eng kleng Terrass ugeluecht déi op eng Wiss féiert, déi vum Waasserlaf vun der Millen ëmginn ass.

Méi Informatiounen zu de Besichtegungen an der Locatioun kritt Dir hei: www.destination-clervaux.lu

Tél. +352 92 17 45
Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

D'Millerad vun der Rackésmillen

 

No Uewen