An der Gemeng Kiischpelt, net wäit vun Äischer op der „Lou“ fënnt ee mat 50°N-6°E deen eenzege Schnëttpunkt zwëschen engem Breten- an engem Längegrad am Grand Duché.

Um Schnëttpunkt befënnt sech haut de Kiischpelter Sonnekrees. 50° N an 6° E, bedeit 50° nërdlech vum Äquator an 6° ëstlech vu Greenwich.

Déi emfaasenst Dokumentatioun zu de Schnëttpunkter op der ganzer Welt bitt den Degree Confluence Projee. Hei gëtt och de Schnëttpunkt am Kiischpelt ausféierlech dokumentéiert.

De Schnëttpunkt 50°N-6°E zu Äischer

De Numm „The one and only“ staamt net vun eis selwer mee vum „Captain Cook“. Hien huet bei der Gemeinschaftsantenn, onwäit vum Sonnekrees eng Cache, also ee Schatz verstoppt an dësem Punkt den Numm ginn.

Säitdeem si vill Schatzsicher um Sonnekrees gewiest an hunn hiere Besuch um Site vum Geocaching – The Official Global GPS Cache Hunt Site dokumentéiert. Des Leit bedreiwen een neien Hobby, sie maan sech op d’Schatzsich mat Hëllef vu Satellitenavigatiounssystemer, a Fachkreeser als Geocaching bekannt.

Intressant Links zu dësem Thema:

Degree Confluence Projet

Déi kleng Sonnenauer

 

No Uewen