« La tannerie avec 24 fosses, sise au lieu-dit "bei der Pintscher Bruck", inscrite au cadastre de la commune de Wilwerwiltz, section B de Pintsch, sous le numéro 134/599. - Arrêté ministériel du 2 décembre 1964 »

 
Hannert dëser offizieller Bezeechnung, wéi se aus dem Inventar vum Sites et Monuments ze enthuelen ass, verstoppt sech eng vun den eelste Liedergiewereien aus dem Land. D’Urspréng vun der Gierwerei ginn zréck op d’Joer 1780, wéi den Henri Delvaux vun Halleux an der Belsch sech mat senger Famill zu Pënsch niddergeloss, an déi éischt Giewerei opgeriicht hott.

Fir Lieder produzéieren ze kannen, brauch ee Lou, Déierenheit, Waasser a Plaz fir déi noutwennig Gebaier, Grouwen an Drëchewissen. Am Pënscher Gronn waren des Viraussetzunge bestens erfëllt. Déi kleng Bach hott genuch Waasser fir Lougrouwe geliwwert an an de groussen Dalwise gouf et genug Plaz fir déi gegierften Hait ze dréchnen.

 

 
  D'Gerberei zu Pënsch ëm 1950


Dat heitegt Gebai staammt aus dem Joer 1928, wéi d’Gierwerei eng zweete Kéier vergréissert gouf. Besëtzer war zu dësem Zäitpunkt den Henri Delvaux vu Wäisswampech. Am Joer 1835 keeft den Henri Delvaux – Juttel (Juttel vun Dikirch) d’Gierwerei vum Nicolas Delvaux a bréngt se domat zeréck a Familljebesëtz. De Charles Delvaux, deen och Conseiller an der Wëlwerwolzer Gemeng war, hott de Betrib 1861 vun sengem Papp Charles iwwerholl. 31 Joer méi spéit, am Joer 1892 keeft den Arthur Delvaux, deen och zu Pënsch wunnt, d’Gierwerei no der Faillite vum Charles Delvaux op eng Stee.

Obschonns d’Pënscher Gierwerei Enn des 19. Joerhonnerts just ee klenge Betrib mat just e puer Aarbechter war, hunn d’Membere vun der Gierwerzunft zu den ugesinneste Famille gehéiert, a waren no 1860 ëmmer rëm a verantwortlichen ëffentlichen Ämter an der Gemeng Wëlwerwolz ze fannen.

Ee weidere Virdeel vum Standuert vun der Pënscher Gierwerei war zudeem, datt d’Produktioun an d’Beschaafung vun der Lou aus dem heemische Louhecken méiglech war, déi säit je hier an de géien Häng un de Flëss a Baachen am Éislek wuessen. D’Bëscharbeechter aus der Ëmgéigend hunn hier Lou, d’Schuel déi vu jonken Eechebeem oofgeschielt gouf, an d’Loumillen op Äischer bruet. Do gouf d’Lou gedréchent, gemuelen, a Säck verpaakt a virun an d’Gierwerei geliwwert.

 

tmb Gerberei Delvaux 02
  D'Handwierk vum Lougierwer (ëm 1980)


Ee weidere Virdeel vum Standuert vun der Pënscher Gierwerei war zudeem, datt d’Produktioun an d’Beschaafung vun der Lou aus dem heemische Louhecken méiglech war, déi säit je hier an de géien Häng un de Flëss a Baachen am Éislek wuessen. D’Bëscharbeechter aus der Ëmgéigend hunn hier Lou, d’Schuel déi vu jonken Eechebeem oofgeschielt gouf, an d’Loumillen op Äischer bruet. Do gouf d’Lou gedréchent, gemuelen, a Säck verpaakt a virun an d’Gierwerei geliwwert.

D’Baueren hunn d’Hait vun de selwer geschluechte Ranner, Kalwer a Schof an d’Giewerei bruecht a kruten dofir Uewerlieder a kräftigt Suelelieder fir déi geneelte Schaffschung. D’Produktioun vun Uewerlieder huet 12 Méint gedauert, déi vu Suelelieder 18 bis 24 Méint. Fir éischt honn d’Aarbechter d’Heit gebotzt a se a Kallekwasser geluecht. No zwou Woche goufen d’Hoer mat engem Messer vun den Heit oofgeschaabt an da vun den Aarbechter an d’Lougrouwen, och „Kaulen“ genannt, geluet, déi mat Loubritt gefëllt waren.

A bestëmmten Zäitoofschnëtter goufen d’Hait rëm aus de Kaule rausgeholl an d’Britt emgeréiert, am Ufank all Dag, méi spéit just nach eemol d’Woch. Heibäi gouf déi ausgelaugte Britt duerch neier ersat. Dëse Virgang huet 4 bis 5 Méint gedauert. Dono goufen d’Hait versat, d’Aarbechter honn d’Hait an eng anner Grouw geluet an dotëscht all kéiers eng Schicht Lou gestreet.
Als nächst goufen d’Kaule mat Brieder zougedeckt a mat Waasser gefëllt. No sechs Méint goufen d’Hait aus de Grouwen erausgeholl, ofgewäsch, gedréchent an beseiteg agefett. Zum Schluss gouf dat frëscht Lieder geglätt a mat enger Rull mëll gemat.

 
  D'Wunnhaus vun der Famill Delvaux zu Pënsch

No 125 Joer an der Hand vun der Famill Delvaux goung d’Gierwerei am Joer 1905 a Besëtz vum Henri Greisch vun Esch-Sauer iwwer, deen dës vum Arthur Delvaux ersteet hott.

Bis zur Aféierung vun der industrieller Mineralgierwung Ufank des 20. Joerhonnerts war d’Liederproduktioun eng wichtig Einnahmequell vun der Bevëlkerung vun dëser virun allem duerch Aarmut geprägte Regioun.

Zu dëser Zäit, kuerz ëm Joerhonnertwenn goufe fir leschte Kéier gréisser Embauaarbichten un der Pënscher Gierwerei virgeholl, fir nieft dem bestehende Gebai eng Schnellgierwerei anzeriichten. Besonnig bedeeligt un dësem Projet, deen op chemische Prozesser berout, war een aus Ungarn stammende Schiglinski. Mat der Hëllef vun neie Gierfmëttel konnt esou wesentlich méi séier a präissgënstig produzéiert ginn.

Dës Technologie huet zwar erméiglicht, dee normale Gierwprozess vun engem Joer staark ze verkierzen, mee huet zudeem de Neiergang vun der Pënscher Gierwerei ageleet, well d’Kapazitéit mat 24 Grouwen ze geréng war fir wirtschaftlich kannen ze bestoen. Sou goufen d’Grouwen no a no zougetippt, bis am Joer 1934 d’Produktioun komplett agestallt gouf.

1949 keeft de Nicolas Sassel d’Gierwerei vum Schmit Marguerite, der Wittfra vum Greisch François, a notzt Gebaier bis an Nonziger Joren als Ënnerstand fir landwiertschaftlech Maschinnen. Regelméisseg honn och Scoutsgruppen hei eng Paus op hire Wanderungen ageluet, fir an der Gierwerei ze iwwernuechten.
Am Joer 1997 ierft den André Sassel d’Gierwerei vu sengem Papp a léist fënnef Joer méi spéit de Schiferdaach vum Haaptgebai komplett erneieren. An de vergaangene Jorzéngte gouf et méi roueg em Gierwerei bei der Pënscher Bréck, an ee vun de letzten Zeien aus dëser bewegter a glanzvoller Epoche an donieft net onbedeitenden Deel vum kulturellen Ierwe vun eisem Land waart op eng nei Bestëmmung.

  tmb Gerberei Delvaux 01
  Aktuell Usicht vun der Gerberei zu Pënsch (2007)




Quellenoweis:

Données généalogiques 1396 – Rob Deltgen
www.industrie.lu
„Die alter Ledergerberei in Pintsch“ Tageblatt 23.08.1983
Was willst du werden? : Bilder aus dem Handwerkerleben.
Pintsch im Wandel der Jahrhunderte – Jeunesse Pënsch 1986

 

 

Go to top