De “Web Walking” ass eng Variatioun bzw. Eng Weiderentwécklung vun engem klassische Léierpad.

Et handelt sech dobäi em eng Art Baukastesystem, deen zu zwielef Theme jeeweils eng Internetsäit, eng Statioun an ee Flyer ëmfaasst. De Visiteur ka sech op déi Manéier aus deem Baukaste seng Themen auswielen a fräi matenee kombinéieren. Esou entsteet kee feste Wee, mee ee Netz tëscht Themen a Statiounen dat sech iwwer dat ganz gebitt vun der Gemeng Kiischpelt zitt. Heibäi ginn d‘Themen ausgewielt déi entweder typisch fir de Kiischpelt sënn oder awer bei eis gutt zougänglich sënn.

Heibäi gëtt grousse Wäert drop geluecht, datt de Besicher selwer a verschiddenen Hisiichten aktiv gëtt. D’Internetsäit enthält zu all Thema een interaktive Modul, also eng Zort Spill. Zudeem soll de Besicher sech selwer op de Wee maachen an d’Statioune besichen. Op dëse Statioune sënn dann erëm themebezunnen Animatiounen an Aktivitéite virgesinn.

Méi Infos fannt Dir op:  www.webwalking.lu
 
 
 
 
 
 
 

 

Wieder

*

Wolkig

1 °C
Nordost 1 km/h

Sonntag
Bedeckt (-1 ↔ 2 °C)

Montag
Regen möglich (1 ↔ 3 °C)

Dienstag
Bedeckt (1 ↔ 3 °C)

Mittwoch
Nebel (4 ↔ 4 °C)

Go to top