Geschicht erliewen – e puer Highlights
De Kiischpelt ass eng Regioun, an där et vill Neies z’entdecken gëtt. Hannert all Eck verstoppe sech spannend Geschichten an interessant historesch Fakten a Plazen.
WANDEREN
AM KIISCHPELT
Wanderen ‒ en Hobby vun der eelerer Generatioun? Iwwerhaapt net! Och ëmmer méi jonk Leit sichen déi ideal Plaz, fir d’Natur an d’Landschaft a Rou ze genéissen – wäit ewech vu Stress, Kaméidi an Handysempfang.
Entdeck d’Villfalt vun de Wanderweeër a looss dech vun der Schéinheet vun der Natur verzauberen.
Kultur gëschter, haut a muer
Eng Konschtgalerie am verdreemten Ardennerdierfchen Lellgen, den Open air Konstfestival a vill Kuckeswäertes waarden am Kiischpelt drop, entdeckt ze ginn.

