Wëlwerwolz, am Häerz vum Kiischpelt, ass den administrativen Zentrum a soumat och d’Haaptuertschaft vun der Gemeng Kiischpelt.

Den denkmalgeschützte Schlasstuerm zeit vun der Gréisst vun de Lännereien an senger net ëmmer glorräicher Vergangenheet. Op der Vëlospist a Richtung Lellgen fënnt een an der klenger dem Hl. Willibrord geweitener Kapell ee Buer.

Der Legend no hot den Hl. Willibrord hei mat sengem Staf an de Buedem gestouss an eng Quell hot ugefong ze spruddelen. D’Kierch vu Wëlwerwolz ass och dësem Hellege geweit.

Eng riseg Bibliothéik bestoend aus ronn 32.000 Wierker fënnt een am "Haus Max Goergen". Hei huet dee renoméierte lëtzebuerger Auteur Max Goergen zesumme mat senger Fra Aline Jacoby, vun 1954 bis zu sengem Doud am Joer 1978 gelieft. D’Sproochenhaus Wëlwerwolz huet haut hei hire Sëtz.

D’Gare am Duerfzentrum erlaabt den Awunner all national an international Verbindungen.

Siicht op Wëlwerwolz

Willibrorduskapell zu Wëlwerwolz

 

No Uewen