Als Musterduerf vum "Service des Sites et Monuments" huet Lellgen bis haut säin authentische Charakter behalen. Am Zentrum vum Duerf fënnt een déi kleng octogonal Kapell déi dem Hl. Pierre geweit ass.

An de Bëscher an an den Hecken um "Pënzebierg" an am "Lohr" ronderëm Lellgen fënnt een ëm Ouschteren mat den éischte Strahlen vun der Fréijoerssonn déi wëll Narzissen.
Dës bei eis am Land och ënnert dem Numm Lorblumm oder Ouschterblumm bekannte Planz, déi ënner Naturschutz steet, gëtt et ausschliesslich hei ze bewonneren.

Zu Lellgen wou déi dräi Flëss aus der Gemeng, Pënsch, Lellgerbach a Klierf zesummefléissen, fënnt all Joers op Nationalfeierdag den Open Air Konstfestival statt. Dësen iwwer d’Grenze vun eisem Ländchen eraus bekannte Festival zitt Joer fir Joer iwwer 4.000 Besicher un.

Den Duerfkär an d'Kierch zu Lellgen

Bréck iwwer d'Klierf zu Lellgen

 

No Uewen