D’Kapell vu Lellgen, no un der Klierf geleeën, fällt op duerch hier ongewéinlech Bauform. Si besteet aus engem nidderege Chouer an engem entscheedend méi héije Schëff, woubäi de Grondrëss un eng Elips erënnert. Engt Laanghaus fënnt een hei net.

Dat wuel schrëttweis enstanend Bauwierk dréit um Keilsteen vum Portal d’Joer 1806. D’Kierch ass geprägt duerch eng Rei Biller an déi béid Sakristeidieren, déi den Altoropbau arummen.

Um Altor stinn d’Statuë vum Hl. Diakon Vincentius a vum Hl. Luzia, déi aus dem spéide Mëttelalter stamen. Op der rietser Säit gesäit een d’Statue vum Apostel Péitrus, deen als Schutzpatroun vun der Kapell gëllt. Déi eenzeg Klack vun 1840 ass dem Hl. Johannes geweit.

An de Wanterméint 2004/05 ass d’Kierch banne restauréiert ginn an d´Altär sinn nei vergold a versëlwert ginn. E ganz ausdrocksstaarke Kräizwee vum Charel Schmit gouf installéiert, an ass nieft dem wonnerbar restauréierten Altor an dem Triptychon vum Margot Reding-Schroeder, d’Kréinung vun de Restauréierungsaarbichten.

D'Kierch zu Lellgen

 

No Uewen