Déi heiteg Äischer Filialkapell am Klierfdall gouf éischtmoleg 1635 an engem Visitatiounsbericht ernimmt.

1765 gouf d’Kapell nei opgeriicht, 1909 gouf se vergréissert an een Duxall an ee Klackentuerm goufe gebaut. Mat Ausnam vun der Entrée an dem Tuerm situéiert sech hir Bauform an d’Kontinuitéit vum ländleche Kierchebau vum 18. a fréie 19. Joerhonnert.

Deen aktuelle kënstlerich-liturgischen Inventar geet op d’Jore vum Neesopbau nom zweete Weltkrich zréck.

Vereenzelt Barockelementer sënn an deen neien Altoropbau integréiert ginn. Geschichtlech wäertvoll ass d’Dier vum Tabernakel aus dem 18. Joerhonnert. Déi zwou Klacke goufen 1921 zu Erfurt duerch d’Klackegéisser Stroemer gegoss, a sinn haut eng Raritéit, well bal all Aarbechte vun dësem Géisser am zweete Krich zerstéiert goufen.

Patréiner vun der Kierch ass den Hl. Laurentius, Niewepatréiner den Hl. Antonius mam Schwäin. Ënner de Statuë stécht virun allem déi vum Äerzengel Michael aus dem 18. Joerhonnert ervir. Am Volleksmond gëtt sie als „Äischer Däiwel“ bezeechent. D’Statue weist den Äerzengel, deen iwwer dem sech um Buedem wannenden Däiwel, deen als personifizéierten Draach duergestallt ass, steet an dëse mam Schwäert bedréit.

D'Äischer Kierch vu baussen

D'Äischer Kierch vu bannen

 

 

No Uewen