Säit senger Grënnung am Joer 1991, huet den Organisatiounscomité all Joer op Nationalfeierdag, dem 23. Juni, déi grouss Freed op den „Open Air Konstfestival“ anzelueden.

Fir een Dag am Joer verwandelt dat klengt Dierfche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Anzwëschen iwwer Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 4.500 Visiteuren un.

Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi live op der Plaz hier Wierker entstoe lossen,  Strossekënstler, Workshopen a Kanneratelieren, mécht de Konstfestival all Joer zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.

Méi Infos fannt Dir op: www.konstfestival.lu.

 
 
 
 
 

 
 

 

No Uewen