Déi heiteg Wëlwerwolzer Kierch am Zentrum vum Kiischpelt steet ënnert dem Schutz vum Hl.Willibrord (†739), dem Grënner vun der Benediktinerabtei zu Iechternach.

D’Kierch ass an de Jore 1960-63 no de Pläng vun den Architekte Leo a Guillaume Gaul vun Dikrech um Standuert vun der fréierer Schlasskapell vun der Herrschaft Wëlwerwolz erbaut ginn a gouf den 28 Juli 1963 feierlech ageweit. An enger deemools zäitgenësseger, éischter niichterer Formesprooch konzipéiert, setzt si sech an architektonëscher Hisiicht däitlich of vun deenen annere Kierchen aus der Por. Den Tuerm ass kloer erkennbar mat Schiifer aus den Ardennen gedeckt. Déi béid kleng Klacke déi aus der eemoleger Kapell stamen an 1769 (Heintz), respektiv 1882 (Mabilon) gegoss goufen, sënn am Joer 2006 ëm 4 weider Klacken erweidert ginn.

Dem Willibrorduspatriozisem vun der Kierch entstamen die zwou Barockfiguren op der lénkser Säit vum Laanghaus. Dës Figure stellen déi béid Ewalden duer, zwee Angelsachsen, déi zum Willibrord senge fréiste Gefärte gezielt hunn an an hirer Missionarstätegkeet gemartert goufen, an als Niewepatroun vun der Kierch veréiert ginn.

D'Raumbild vum Gebai gëtt bestëmmt duerch déi hell a faarweg Fënsteren op der Südsäit. Aus der fréierer Kapell stamen die béid faarweg gefaasste Säitenaltär.

Den Altor op der rietser Säit huet an der fréirer Kapell als Héichaltor gedéngt a säin Opbau geet bis an dat spéit 17. Jorhonnert zréck.

D'Kierch zu Wëlwerwolz

De lénksen Altor, ebenfalls aus der aaler Kapell, gouf 1745 duerch de Bëschof vu Leck zu éiere vum Hellegen Hiert an Asiedler Wendelin geweit, deen och an der ieweschter Nisch oofgebild ass. Un den Antependien vun deenen zwee Altär gouf déi op Holz opgedroe barock Molerei fräigeluecht.

Zenter 2010 ass an der Wëlwerwolzer Kierch eng am original Zoustand erhaalen Stahlhuth-Uuergel aus dem Joer 1914 installéiert, déi uersprenglech am Dominikanerinnen-Klouster um Lampertsbierg stoung.

 

No Uewen